(3200) Phaethon

Vu Wikipedia
(3200) Phaethon
Eegenschafte vum Orbit
Orbittyp Apollo-Asteroid
Bezuchspositioun Equinoxe: J2000.0
Grouss Hallefachs 1,2713 A.E.
Exzentrizitéit 0,8900
Sideresch Ëmlafzäit 523,56 Deeg
Mëttel Bunnvitess 26,42 km/s
Inklinatioun 22,1804 Grad
Physikalesch Eegenschaften
Duerchmiesser 5,1 km
Mass 2 000 kg/m3
Rotatiounsperiod 3,6 Stonnen
Albedo 0,107
Absolut Hellegkeet 14,6
Spektralklass B
Entdeckung
Entdecker IRAS
Entdeckungsdatum 11. Oktober 1983
Plaz Infrared Astronomical Satellite
Aner Bezeechnungen 1983 TB


Den (3200) Phaethon ass en Asteroid aus der Grupp vun den Apollo-Asteroiden. Dat sinn Himmelskierper, deenen hir Bunn d'Äerdbunn vu baussen hier kräizt.

Den Asteroid gouf den 11. Oktober 1983 mam Infrarout-Satellit IRAS entdeckt an nom Phaeton, dem Jong vum griichesche Sonnegott Helios, genannt.

De Phaethon beweegt sech tëscht 0,140 AE (Perihel) an 2,403 AE (Aphel) a ronn 524 Deeg op enger staark elliptescher Bunn ëm eis Sonn. D'Bunnexzentrizitéit ass 0,890, an d'Bunn ass ëm 22,180° géint d'Ekliptik gebéit.

Den Duerchmiesser vum Phaethon ass ongeféier 5,1 km. Hien huet eng donkel Uewerfläch mat enger Albedo vu ronn 0,1. Hie brauch ronn 3 Stonnen an 36 Minutte fir ëm seng eegen Achs ze rotéieren.

Den Asteroid Phaethon kënnt der Sonn verhältnisméisseg zimmlech no. Am Perihel erreecht hien dobäi eng Vitess vun 200 km/s (720.000 km/h) an Uewerflächentemperaturen ëm 600 °C. Seng Bunn stëmmt mat der laanggezunnener Stëbswollek iwwereneen, déi de Meteorstroum vun de Geminide verursaacht. Trotzdeem weisen Infraroutfotoen, datt seng Uewerfläch anescht ass wéi bei engem Koméit, an aus festem Gestengs besteet. Am Joer 2013 hunn Auswäertunge vun de STEREO-Raumsonde schwaach Zeeche vu Materieemissioune gewisen. Et gëtt ugeholl, datt en Auserneebrieche vum Asteroid den Ursprong vun de Geminide kéint sinn[1].

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. NASA ScienceCassts: Rock Comet Sprouts a Tail, Youtube, gekuckt den 1. Dezember 2013