(951) Gaspra
|
|
|
|---|---|
| Orbittyp | Haaptceinture |
| Positioun (Equinoxe: J2000.0) | |
| Grouss Hallefachs | 2,2097 A.E. |
| Perihel – Aphel | 1,8255 – 2,8340 AE |
| Exzentrizitéit | 0,1793 |
| Inklinatioun | 13,7307 Grad |
| Sideresch Ëmlafzäit | 3,285 Joer |
| Mëttel Bunnvitesse | 18,19 km/s |
| Physikalesch Eegenschaften | |
| Duerchmiesser | 9 x 12 x 11 km |
| Mass | 10, kg |
| Albedo | ? |
| Mëttel Dicht | ? g/cm3 |
| Rotatiounsperiod | 7,042 h |
| Absolut Hellegkeet | 11,496 |
| Spektralklass | S-Typ |
| Entdecker G. N. Neujmin | |
| Entdeckungsdatum | 30. Juli 1916 |
| Aner Bezeechnungen | 1916 S, 1955 SM, A913 YA |
De (951) Gaspra ass en Asteroid vun der Asteroiden-Haaptceinture, deen den 30. Juli 1916 vum ukraineschen Astronom Grigoriy Nikolaevich Neujmin (Григорий Николаевич Неуймин) entdeckt gouf. Genannt gouf den Asteroid no enger Vakanzstad Gaspra op der Krim, an där de russesche Schrëftsteller Leo Tolstoi laang Zäit gelieft huet.
De Gaspra beweegt sech an engem Ofstand vun 1,8256 (Perihel) bis 2,5939 (Aphel) astronomesch Eenheeten, an 3,285 Joer ëm d'Sonn. D'Bunn ass 4,1016° géint d'Ekliptik gebéit, an d'Bunnexzentrizitéit ass 0,1739.
De Gaspra gouf den 29. Oktober 1991 vun der Raumsond Galileo (benannt nom Galileo Galilei) bei engem Fluch laanscht den Himmelskierper (engl. near-fly by) bei enger Distanz vu 16.200 km vermooss a fotograféiert.
Domat war d'Galileo-Missioun déi éischt vun hirer Zort, déi duerch hiert Manöver Informatiounen iwwer en Asteroid gesammelt huet.
Et huet sech gewisen, datt de Gaspra en onregelméisseg geformten Asteroid mat Ofmiessungen vun 19 × 12 × 11 Kilometer ass. Seng Uewerfläch ass mat sëllechen Aschlagkratereren iwwerséit. Duerch d'Moosse vun der Gréisst a Verdeelung vun de Krater gëtt de Gaspras op 200 Millioune Joer geschat. Dat ass, gemooss un de 4,5 Milliarde Joer vum Sonnesystem, e zimlech jonk. De Gaspra dierft soumat e Brochstéck vun engem méi groussen Urspronkskierper sinn, dee virun 200 Millioune Joer bei enger Kollisioun auserneegerappt gouf. D'Mass vum Gaspra gouf op 1015 kg bestëmmt. D'Rotatiounsperiod ass 7 Stonnen an 3 Minutten. Wéinst senger Uewerflächebeschafenheet gëtt den Asteroid der Spektralklass S zougeschriwwen.