Adhara (Stär)

Vu Wikipedia

Den Adhara ass de Stär ε (Epsilon) Canis Maioris am Stärebild Canis Major. Den Numm (vum arabeschen عذارى = aðāra) bedeit Jofferen.

Den Adhara ass en Duebelstäresystem op enger Distanz vu 470 Liichtjoer. Den Haaptstär huet eng siichtbar Magnitude vu +1,5m a gehéiert zu der Spektralklass B2. De +7,5m helle Begleetstär, mat der absolutter Magnitude ass-5M, a steet op engem Wénkelofstand vu 7,5" bei engem Positiounswénkel vun 161 Grad zum Haaptstär.
Trotz dem relativ grousse Wénkelofstand kann d'System nëmme mat groussen Teleskopen opgeléist ginn, well den Haaptstär dee ronn 250-mol méi liichtschwaache Begleeder iwwerstrahlt.

Koordinaten fir d'Equinoxe J2000.0:

Kuckt och[Quelltext änneren]

Portal Astronomie