CoRoT-9 b

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Exoplanéit CoRoT-9 b
Exoplanéit CoRoT-9 b viru sengem Zentralstär
(kënschtleresch Duerstellung)
Stärebild Serpens (Ser)
Positioun (Equinoxe: J2000.0)
Rektaszensioun 18/43/09
Deklinatioun +/06/12/15
Distanz vun der Äerd 1500 Lj
460
Physikalesch Eegeschaften
Duerchmiesser (1,05 ± 0,04) RJ
Mass (0,84 ± 0,07) MJ
Rotatiounsperiod (95,2738 ± 0,0014) Deeg
Entdecker CoRoT, CNES [1]
Entdeckungsdatum 17. Mäerz 2010 [2]
Bezeechnungen CoRoT-9 b

De CoRoT-9 b ass en Exoplanéit, dee ronn 1.500 Liichtjoer vun eiser Äerd ewechläit an de sonnenähnleche Stär CoRoT-9 am Stärebild Serpens begleet. [3][4]

Inhaltsverzeechnes

Weider Detailer [änneren]

Den Exoplanéit ass e Gasris deen an der Ausdeenung dem Jupiter gläicht, a besteet méiglecherweis haaptsächlech aus Waasserstoff an Helium. D'Klima vum Planéit huet zwar am Verglach zu de meeschten anere bis elo entdeckten Exoplanéiten mat Temperature vu −20 bis +160 Grad Celsius keng grouss Temperaturënnerscheeder. Liewen, wéi mir et kennen, dierft et do awer net ginn, well et sech ëm e Gasplanéit handelt. Den Exoplanéit ëmkreest säin Zentralstär a bal demselwechten Ofstand, wéi de Planéit Merkur d'Sonn a brauch fir en Tour ëm den Zentralstär 95 Äerddeeg.

Seng Entdeckung war duerch d'Transitmethod méiglech, well den Exoplanéit, vun der Äerd aus gesinn, direkt viru senger Sonn laanscht zitt. De Fuerschungssatellit CoRoT hat den Exoplanéit entdeckt. Dëst hat fir d'éischt spektroskopesch Ënnersich vun der Exoplanéiten-Atmosphär erméiglecht, wouduerch dëse Planéit och als Stee vu Rosetta fir d'Planéitefuerschung bezeechent gouf. [5]

Kuckt och [änneren]

Saturn 01.svg Portal Astronomie

Referenzen [änneren]

Um Spaweck [änneren]

Commons: CoRoT-9 b – Biller, Videoen oder Audiodateien