Commemoratiounsplaz Hinzert

Vu Wikipedia
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
D'Plaz vum fréiere KZ Hinzert. Riets d'Skulptur vum Lucien Wercollier. Hannen am Fichier: den Dokumentatiounszenter.

D'Commemoratiounsplaz Hinzert besteet aus engem Kierfecht mat Kapell an engem Dokumentatiounszenter. Si erënnert un d'fréiert SS-Sonderlager Hinzert, dat do, beim Duerf Hinzert, stoung.

Vum Lager selwer ass näischt méi ze gesinn.

 Méi Informatioun doriwwer am Artikel: SS-Sonderlager Hinzert.

De Kierfecht[änneren | Quelltext änneren]

1946 huet déi franséisch Militärregierung e Kierfecht[1] ugeluecht, op deem all Affer, déi an de Massegriewer fonnt goufen, an net konnten identifizéiert ginn, bäigesat goufen. D'Kierfechtskapell an dat grousst stengent Kräiz goufen de 4. November 1948 ageweit.

Als Éieregäscht waren dobäi de Peter Altmeier, Ministerpresident vu Rheinland-Pfalz, de franséische Militärgouverneur Hettier de Boislambert an de lëtzebuergesche Minister Pierre Frieden, dee selwer eng Zäit Prisonéier zu Hinzert war.

Den 11. Oktober 1986 gouf um Kierfecht op der Gedenkplaz eng Skulptur vum fréiere lëtzebuergesche Prisonéier Lucien Wercollier als zentraalt Monument ageweit. D'Opschrëft ass op latäin an däitsch: In ardorem humanitatis, pacis et iustitiae - Durchdrungen von Menschlichkeit, Frieden und Gerechtigkeit.

D'Kapell[änneren | Quelltext änneren]

Den Dokumentatiounszenter[änneren | Quelltext änneren]

Den Dokumentatiounzenter vu baussen

1989 hu Privatleit op Eegeninitiativ de Förderverein Dokumentations- und Begegnungsstätte ehemaliges KZ Hinzert e. V. gegrënnt.

1991/92 huet d'Landeszentrale für politische Bildung Rheinland-Pfalz e Konzept fir d'Gedenkplaze fir Rheinland-Pfalz an déi zwou KZ-Gedenkplazen zu Osthofen an Hinzert virgeluecht. No deem Konzept gouf 1994 en Dokumentatiounszenter installéiert, deen déi sougenannt Stätten der Unmenschlichkeit am Ëmkrees vum fréiere Lager an e puer Sproochen (Däitsch, Englesch, Franséischa Polnesch) presentéiert.

Dëst offiziellt Dokumentations- und Begegnungshaus, dat vum Saarbrécker Architektebüro Wandel, Hoefer und Lorch entworf gouf, ass den 10. Dezember 2005 a Presenz vu lëtzebuergeschen, franséischen an hollännesche fréieren Affer opgemaach ginn. Do ass elo och eng Dauerausstellung iwwer d'Lager, d'Leidensgeschicht vun den Affer an d'Atrocitéite vun de Schëllegen ze gesinn.

Directrice vum Dokumentatiounszenter ass d'Madame Dr. Beate Welter; an der Zwëschenzäit schafft och e Pedagog do, dee virun allem Schoulklasse betreit. Den Zenter ass op vun dënschdes bis freides, vu 9.00 bis 13.00 a vu 14.00 bis 17.00 Auer; samschdes, sonndes an op Feierdeeg vu 14.00 bis 17.00 Auer. Den Entrée ass fräi.

Note[änneren | Quelltext änneren]

  1. De Kierfecht gouf vun der franséischer Militäradministratioun als Éierekierfecht (cimetière d'honneur) bezeechent. Well Affer vum Lager do begruewe sinn, ass et 'richtege' Kierfecht (also keen Éierekierfecht). Dofir ass dëse leschten Numm zanter 1994 net méi am Gebrauch. Quell: Die Gedenkstätte SS-Sonderlager/KZ Hinzert

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Die Gedenkstätte SS-Sonderlager / KZ Hinzert. Aus der Serie: Blätter zum Land. Erausgi vun der Landeszentrale für politische Bildung Rheinland-Pfalz. (Ouni Publikatiounsdatum). Gratisbrochure déi een am Dokumentations- und Begegnungshaus nieft der Commemoratiounsplaz kréie kann).
  • Marcel Engel & André Hohengarten, 1983. Hinzert. Das SS-Sonderlager im Hunsrück 1939-19945. Lëtzebuerg.
  • Barbara Weiter-Matysiak, 2000. Das SS-Sonderlager KZ Hinzert im Hunsrück. In H.-G. Meyer & H. Berkessel (Hrgb.): Die Zeit des Nationalsozialismus in Rheinland-Pfalz, Bd. 2, S. 116ff. Mainz.
  • Volker Schneider, 1998. Waffen SS - SS-Sonderlager "Hinzert". Das Konzentrationslager im "Gau Moselland" 1939-1945. D-Nonnweiler.
  • Susanne Urban-Faber, 2001. Das SS-Sonderlager / KZ Hinzert 1939-1945. Erausgi vun der Landeszentrale für politische Bildung Rheinland-Pfalz. Alzey.
  • Luigi Peruzzi, 2002. Mes Mémoires. Ënnertitel: Un antifasciste italien déporté au SS-Sonderlager Hinzert raconte. Presentéiert an annotéiert vum Denis Scuto. Éditions Le Phare, Esch/Uelzecht. (Den Auteur erzielt, ë. a., seng Erliefnesser am KZ Hinzert).
  • Uwe Bader, 2004. Das SS-Sonderlager / KZ Hinzert 1939-1945. In W. Benz, B. Distel (Hrgb): Terror im Westen. Nationalsozialistische Lager in den Niederlanden, Belgien und Luxemburg 1940-1945. Geschichte der Konzentrationslager 1933-1945, Bd 5, S. 249ff. Berlin.

Fotoen[änneren | Quelltext änneren]

Kierfecht[änneren | Quelltext änneren]

Kapell[änneren | Quelltext änneren]

Dokumentationszenter[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Nationale Resistenzmusée zu Esch-Uelzecht · Nationale Militärgeschichtsmusée zu Dikkrech · Deportatiounsmemorial zu Hollerech · Regionalmusée vun den Zwangsrekrutéierten zu Diddeleng · 385th Bomb Group-Musée zu Pärel · Musée Patton zu Ettelbréck · Krichsmusée Klierf
Monument de la déportation civile et militaire zu Hollerech · Hinzerter Kräiz an der Stad · Nationalmonument vun der Lëtzebuerger Solidaritéit an der Stad·Nationaalt Streikmonument zu Wolz · Pafemillen Monument fir déi deportéiert Judden · Amerikaneschen Zaldotekierfecht zu Hamm · Däitschen Zaldotekierfecht zu Sandweiler · Monument aux morts Capellen · Lancaster Memorial zu Wäiswampech
  • Aner Institutiounen am Zesummenhang mam Krich, zu Lëtzebuerg:
Centre de documentation et de recherche sur l'enrôlement forcé · Centre de documentation et de recherche sur la Résistance
  • Am noen Ausland:
Commemoratiounsplaz Hinzert · KZ-Niewelager Thil · Mardasson Baaschtnech · Bastogne Historical Center · Halifax-Monument zu Neundorf