Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
 |
Dëse Geographiesartikel iwwer Däitschland ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann der Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
D'Äifel ass eng hiwweleg Regioun a Westdäitschland, an Nordrhein-Westfalen an a Rheinland-Pfalz, südëstlech an ëstlech vun de belschen Ostkantonen, an nordëstlech vu Lëtzebuerg. Si stéisst also un d'Belsch an un de Grand-Duché. Uertschaften ewéi Bitburg, Neierbuerg, Manderscheid, Krounebuerg a Schleiden hu bis 1794/95 zum Lëtzebuerger Land gehéiert, duerno zu den Departementer Forêts respektiv Ourthe, an 1815 sinn se u Preisen annektéiert ginn.
D'Äifel gëtt am Süde vun der Musel begrenzt, an am Oste vum Rhäin. Se huet Ausleefer: am Nordwesten, d'Héicht Venn ( fr. "Hautes Fagnes" an der Belsch), an am Westen d'Éislek an d'Ardennë bis a Frankräich eran. D'Äifel, d'Éislek an d'Ardennë gehéieren zur selwechter geologescher Formatioun. Wat d'Äifel vum Éislek a vun den Ardennen ënnerscheet ass hire vulkaneschen Ursprong (kuckt: Vulkanäifel). Dat ass an Däitschland nach däitlech un de Maaren a Kraterséien ze erkennen.
Stied an der Äifel [änneren]
- An der Äifel: Adenau, Bad Münstereifel, Bad Neuenahr-Ahrweiler, Béiberech, Daun, Eupen (Belsch), Eschweiler, Gerolstein, Hillesheim, Kaisersesch, Malmedy (Belsch), Manderscheid, Mayen, Mechernich, Monschau, Neierbuerg, Nideggen, Prüm, Schleiden, Schweich (D), Sankt-Väit (Belsch), Wittlech
- Gréisser Stied an der Noperschaft: Oochen, Bonn, Düren, Euskirchen, Koblenz, Köln, Léck (Belsch), Lëtzebuerg, Maastricht (Holland), Tréier.
Héich Plazen [änneren]
- Hohe Acht (747 m), Héich Äifel
- Ernstberg (oder „Erresberg“) (698,8 m), Héich Äifel
- Schwarzer Mann (697,3 m), Schnéi-Äifel
- Signal de Botrange (694 m), Héicht Venn
- Weißer Stein (692 m), Nordäifel
- Scharteberg (691 m), Vulkanäifel
- Nürburg (678 m), mit der gleichnamigen Nürburg, Héich Äifel
- Hochkelberg (675 m), Vulkanäifel
- Prümscheid (675 m), Héich Äifel
- Raßberg (667 m), Héich Äifel
- Steling (658 m), Hohes Venn
- Nerother Kopf (647 m), Vulkanäifel
- Aremberg (623 m), Ahrbierge
- Dietzenley (617 m), Gerolstein / Vulkanäifel
- Hardtkopf (596 m), Südäifel
- Hochsimmer (587,9 m), Ostäifel
- Michelsberg (586,1 m), Ahrbierger
- Eigart (565 m), Nordäifel
|
- Rockeskyller Kopf (555 m), Vulkanäifel
- Hoher List (549 m), Vulkanäifel
- Wildbretshügel (525,3 m), Ruräifel, Kermeter
- Kirchberg (520 m), Nordäifel
- Häuschen (507 m), Nordäifel
- Hochthürmen (499,8 m), Nordäifel
- Teufelsley (496 m), Nordäifel
- Kellerberg (448 m), Meulenwald
- Stockert (435 m), Münstereifeler Wald
- Herkelstein (435 m), Nordäifel
- Veitskopf (428 m), Vulkanäifel
- Burgberg (400,5 m), Ruräifel, Nordäifel
- Sonnenberg (393,3 m), Ruräifel
- Calmont (378 m), Viischt Äifel
- Bausenberg (340 m), Nordäifel
- Landskrone (272 m), Ahrbierger
|
Vue vun der Héicht vun Düttling aus no Südosten. Um Horizont ze gesinn de Wandpark vun Dottel (lénks) a riets op der Kopp d'Uertschaft Kall. Distanz zum Fotograf 8 Kilometer. Plaz vum Fotograf
50° 36’ 38’’ N 06° 33’ 08’’ O.