Franséisch Foussballnationalequipe

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Frankräich
Emblem vun der franséischer Foussballnationalequipe
Spëtznumm: Les Bleus
Federatioun: FFF
Trainer: Laurent Blanc
Meescht Matcher: Lilian Thuram (130)
Meescht Goler: Michel Platini (41)
Stadion: Stade de France
Historesch Matcher
Éischte Match: Frankräich - Belsch: 3-3
1. Mee 1904, Bréissel
Héchst Victoire: Frankräich - Aserbaidschan: 10-0
6. September 1995, Auxerre
Héchst Nidderlag: Dänemark - Frankräich: 17-1
22. Oktober 1908, London
Weltmeeschterschaft
Participatioun: 12 x (fir d'éischt 1930)
Bescht Resultat: Weltmeeschter 1998
Europameeschterschaft
Participatioun: 6 x (fir d'éischt 1960)
Bescht Resultat: Europameeschter 1984 an 2000
Trikotfarben
Trikotsfaarwen
Trikotfarben
Trikotsfaarwen
Trikotfarben
Trikotsfaarwen
Trikotsfaarwen
Trikotsfaarwen
Éischt Uniform
Trikotsfaarwen
Trikotfarben
Trikotsfaarwen
Trikotsfaarwen
Trikotsfaarwen
Trikotsfaarwen
Zweet Uniform

D'Franséisch Foussballnationalequipe vun de Männer, déi sougenannten Équipe Tricolore (nom franséische Fändel) oder kuerz Les Bleus wéint den traditionell bloen Trikot’en, ass eng vun deenen erfollegräichsten Nationalequippen am Foussball. Frankräich huet eemol d'Foussball-Weltmeeschterschaft an zweemol d'Foussball-Europameeschterschaft gewonnen.

Geschicht [änneren]

De franséische Foussballdaachverband ass zënter 1919 d'Fédération Française de Football (FFF) a war 1954 ee vun de Grënnungsmembere vun der UEFA. Frankräich huet och fir d'éischt scho ganz fréi eng Weltmeeschterschaft ausgeriicht, nämlech d'WM 1938.

En éischte groussen internationalen Titel huet d'franséisch Nationaléquipe allerdéngs eréischt an den 80er Jore gewonnen : Ënnert der Féierung vum Michel Platini gouf d'Equipe Tricolore op der EM 1984 am eegene Land Europameeschter, an ass op der WM 1982 a Spuenien an op der WM 1986 a Mexiko allkéiers d'Halleffinall komm. Nodeems de Kär vun dëse béiden Teams hir Carrière ofgeschloss hat, gouf et zunächs emol keen Erfolleg méi, a si hunn béid Weltmeeschterschafts-Qualifikatiounen 1990 an 1994 verpasst.

Bei der WM 1998 am eegene Land gouf d'Equipe Weltmeeschter. Als beschte Spiller vun dëser Zäit waren de Golkipper Fabien Barthez, Ofwierspiller a Kapitän Laurent Blanc souwéi den onverkennbaren Regisseur Zinedine Zidane. An der Finall huet Frankräich déi favoriséiert brasilianesch Eelef mat 3:0 geschloen.

Frankräich huet säin Erfolleg dunn zwee Joer méi spéit confirméiere kënnen. Bei der EM 2000 an Holland an an der Belsch, hu si géint d'Italienesch Foussballnationalequipe an der Finall mat 2:1 no Golden Goal gewonnen a sech den Titel geholl.

Participatioune un internationalen Turnéier [änneren]

Foussball-Europameeschterschaft (sechsmol) [änneren]

  • 1. EM 1960 a Frankräich / 4. Plaz
  • 7. EM 1984 a Frankräich / Europameeschter
  • 9. EM 1992 a Schweden / Virronn
  • 10. EM 1996 an England / Halleffinall
  • 11. EM 2000 an der Belsch an Holland / Europameeschter
  • 12. EM 2004 a Portugal / Véirelsfinall

Foussball-Weltmeeschterschaft [änneren]

1930 an Uruguay Virronn
1934 an Italien Aachtelfinall
1938 a Frankräich Véirelsfinall
1950 a Brasilien op d'Ennronn verzicht
1954 an der Schwäiz Virronn
1958 a Schweden 3. Plaz
1962 a Chile net qualifizéiert
1966 an England Virronn
1970 a Mexiko net qualifizéiert
1974 an Däitschland net qualifizéiert
1978 an Argentinien Virronn
1982 a Spuenien 4. Plaz
1986 a Mexiko 3. Plaz
1990 an Italien net qualifizéiert
1994 an den USA net qualifizéiert
1998 a Frankräich Weltmeeschter
2002 a Südkorea/Japan Virronn
2006 an Däitschland 2. Plaz
2010 an Südafrika Virronn

Auszeechnungen/Titel [änneren]

Aktuelle Kader [änneren]

Golkipper:

Ofwier:

Mëttelfeld:

Ugrëff:

Nationaltrainer [änneren]

Vu 1904 (1. offizielle Lännermatch) bis 1919 (Grënnung vum Daachverband FFF) gouf d'Nationalequipe vum Comité Français Interfédéral opgestallt. Gemeinsamen Training vun de Nationalspiller an domat de Poste vun engem Nationaltrainer waren zu dëser Zäit net nëmmen am Frankräich onbekannt. Vu 1919 bis 1964 goufen et zwar zäitweis Nationaltrainer am haitege Sënn, awer de Spill-Kader gouf fir all Lännermatch vun engem Sélectiouns-Komitee vun der FFF festgeluecht, dee sech aus zwee oder dräi "Techneschen Direkteren" zesummegesat huet an zu deenen zënter 1955 regelméisseg och den eigentlechen Trainer gehéiert huet. Dowéinst gëtt den Nationaltrainer am Frankräich haut och nach als Selectionneur (Auswielenden) bezeechent.

Lëscht vun den Trainer [änneren]

A Klammeren hannert dem Numm ass emmer d'Zuel vun den offizielle Lännermatcher während senger Amtszäit uginn.

Kuckt och [änneren]

Um Spaweck [änneren]

Commons: France national football team – Biller, Videoen oder Audiodateien