Gemeng Munzen

Vu Wikipedia
Munzen
Aussprooch
An anere Sproochen fr: Munshausen
de: Munshausen
Land Lëtzebuerg
Kanton Klierf
Buergermeeschter Paul Meyers
Fläch 2.567,08 ha
Héicht 464 m
Koordinaten 50° 01’ 59’’ N
      06° 02’ 15’’ O
Websäit http://www.munshausen.lu/
Déi fréier Gemeng Munzen (orange)
am Kanton Klierf (rout)

Déi fréier Gemeng Munzen war bis de 5. Dezember 2011 eng Gemeng am Nordoste vu Lëtzebuerg. Hiren Numm hat se vun der Uertschaft Munzen.

Geographie[änneren | Quelltext änneren]

Nopeschgemenge waren Housen am Süden, Kiischpelt an Eschweiler am Südwesten, Klierf am Nordwesten an Hengescht am Norden. Am Osten huet de Floss Our d'Grenz mat der Bundesrepublik Däitschland gemaach. D'Gemeng Munze louch am Kanton Klierf an am Distrikt Dikrech.

Uertschaften an der fréierer Gemeng[1][änneren | Quelltext änneren]

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Munzen huet zu den urspréngleche Gemenge gehéiert, déi am Ufank vum 19. Joerhonnert entstane sinn. Am Ufank hunn ausser Munzen nach 6 Dierfer zur Gemeng gehéiert: Siwwenaler, Maarnech, Rueder, Näidsen, Reiler an Ischpelt. 1813 koum Näidsen bei d'Gemeng Housen. 1823 koumen d'Dierfer Reiler an Ischpelt bei déi nei Gemeng Klierf, déi no der Opléisung vun der Gemeng Wäicherdang entstanen ass. Draufelt, dat bis dohin zur Gemeng Wäicherdang gehéiert huet, koum bei d'Gemeng Munzen, déi bis de 5. Dezember 2011 onverännert blouf.

Gemengefusioun 2012[änneren | Quelltext änneren]

Am Joer 2002 hunn d'Schäfferéit vun de Gemenge Klierf, Hengescht a Munze sech bei deem deemolegen Inneminister Michel Wolter fir eng méi enk Zesummenaarbecht staark gemaach. De 4. Mee 2006 hunn déi dräi Schäfferéit dem Inneminister hir Absicht matgedeelt fir ze fusionéieren. Doropshi gouf zesumme mam Inneministère en Investitiounsprogramm op d'Bee gesat, deen am Kader vun der Fusioun soll ëmgesat ginn. Et gouf en Informatiounsdokument fir d'Bevëlkerung erstallt, an de Fusiounsprojet gouf de 25. September 2008 a Presenz vum Inneminister Jean-Marie Halsdorf de Leit aus den dräi betraffene Gemengen zu Klierf virgestallt.

Den 12. Oktober 2008 ass an deenen dräi Gemengen e Referendum organiséiert ginn, an dee Referendum ass och zu Gonschte vun där Fusioun ausgaangen. D'Gemengeréit vu Klierf, Hengescht a Munzen hu sech Enn 2008 definitiv fir déi geplangt Fusioun ausgeschwat an hunn enger entspriechender Konventioun mam Lëtzebuerger Staat zougestëmmt. Dës Konventioun gouf de 16. Januar 2009 vun de betraffene Regierungsmemberen ënnerschriwwen.

De 17. Februar 2009 huet den Inneminister de Gesetzesprojet iwwer déi geplangt Fusioun an der Chamber deposéiert. De Staatsrot huet säin Avis den 21. Abrëll 2009 ginn, an d'Gesetz iwwer d'Fusioun vun de Gemenge Klierf, Hengescht a Munzen ass de 7. Mee 2009 eestëmmeg an der Chamber guttgeheescht ginn.

D'Fusioun vun de Gemenge Klierf, Hengescht a Munzen zu enger neier Gemeng mam Numm Gemeng Klierf ass de 5. Dezember 2011 rechtsgëlteg gi wéi deen nei gewielte Gemengerot no de Gemengewale vum 9. Oktober 2011 vum Buergermeeschter vereedegt gouf. De Buergermeeschter an déi dräi Schäffe goufen de 24. November 2011 vum Inneminister Jean-Marie Halsdorf vereedegt.

Buergermeeschtere bis 2011[änneren | Quelltext änneren]

Wopen[änneren | Quelltext änneren]

De Wope vun der Gemeng Munzen gouf den 21. Oktober 1983 vum Gemengerot vu Munzen ugeholl.

Den Entworf ass vum Jean-Claude Loutsch. D'Beschreiwung vum Wopen ass "op gëllenem Fong e rouden Hirschkapp mat engem schwaarze Kräiz driwwer; um Kapp rout mat dräi sëlwere klenge Märelen".

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. D'Nimm vun den Uertschaften entspriechen deenen déi de Kadaster, unhand vu sengen Attributiounen déi am Gesetz vum 25. Juli 2002 portant réorganisation de l’administration du cadastre et de la topographie festgehale sinn, opgestallt huet, an déi am «Registre national des localités et des rues» opgezielt sinn. Häff a Lieu-diten sinn déi localités wéi se zousätzlech am Annuaire officiel d'Administration et et de législation 2000 ënner III. Annexes opgelëscht sinn.
  2. Memorial N°16 vun 1849 mat dem ARRÊTÉ ROYAL GRAND-DUCAL du 13 février 1849, n°12, portant nomination de bourgmestres