Kepler-11
| Kepler-11 | |
|---|---|
| Stärebild: | Cygnus (Cyg) |
| Daten | |
| Equinoxe | J2000.0 |
| Rektaszensioun | 19h 48m 27.62s |
| Deklinatioun | + 41° 54' 32.9 " |
| Visuell Magnitude | 14,2 mag |
| Spektralklass: | G |
| Astrometrie | |
| Distanz a Liichtjoer | ca. 2000 |
| Radial Vitesse: | −57,16 ± 0,34 km/s |
| Physikalesch Eegeschaften | |
| Mass: | 0,95 ± 0,10 M☉ |
| Radius: | 1,10 ± 0,10 |
| Metallizitéit [Fe/H]: | 0,00 ± 0,10 |
| Uewerflächentemperatur | 5.680 ±100 |
| Alter | 6–10 Mrd. |
| Aner Bezeechnungen | |
| GSC 03144-00002 | 2MASS J19482762+4154328 |
De Kepler-11 ass e sonnenähnleche Stär vun der Spektralklass G am Stärebild Cygnus. De Stär ass ronn 2000 Liichtjoer vun eis ewech a gëtt vun op mannst sechs Exoplanéiten ëmkreest. Entdeckt goufen d'Planéiten duerch Auswäertung vu Weltraumteleskop Kepler- Donneeën an de Joeren 2010/11.
Inhaltsverzeechnes |
Planéitesystem [änneren]
Den Teleskop erkennt Aschränkunge vun der Stärenhellegkeet duerch virdun laanschtzéiende Planéiten (Transitmethod). Dës Hellegkeetsënnerscheeder hunn am Fall vu Kepler-11 tëschent 0,03 % (Kepler-11b) an 0,14 % (Kepler-11e) an daueren tëschent véier bis néng Stonnen un. Dëst Laanschtzéien heescht Transit. Transite vun eenzelne Planéiten sinn strikt periodesch.
Fënnef vun de sechs Planéiten vum System hunn Ëmlafbunnen mat enger grousser Hallefachs vun ongeféier 0,09 bis 0,25 AE. Domat géifen si sech an eisem Sonnesystem bannenzeg vun der Merkurëmlafbunn befannen. D'Ëmlafbunn vum sechste Planéit, Kepler-11g, huet eng grouss Hallefachs vun ongeféier 0,46 AE a géif sech bei eis e bëssi baussenzeg vun der Merkurbunn ophalen. Duerch de klengen Ofstand tëschent de bannegte fënnef Planéiten beaflossen si sech géigesäiteg, wouduerch Onregelméissegkeeten an den zäitlechen Ofstänn tëschent den Transiten entstinn. Dës Onregelméissegkeeten loossen Réckschlëss op d'Massen vun de bedeelegte Planéiten zou. Fir Kepler-11g konnt d'Mass op dës Aart net bestëmmt ginn, well sech de Planéit ze wäit vun den aneren ewech befënnt a nëmme ganz wéineg interagéiert hat. Unhand vun Computermodeller gouf seng Mass dofir graff op manner wéi 300 Äerdmassen geschat. D'Massen vun de bannenzegte Planéiten hunn ëmmer e puer Äerdmassen. Si gehéieren zu de klengste vun de bekanntesten Exoplanéiten baussenzeg vun eisem Sonnesystem, fir déi Mass a Gréisst gemoossen goufen.
D'Dichte vun de Planéiten ginn Opschloss iwwert d'Haaptbestanddeeler: sou ass opgrond vun der klenger Dicht vu Kepler-11d an -e souwéi wahrscheinlech och vu Kepler-11-f unzehuelen, datt Waasserstoff de gréissten Deel vun hirem Volumen anhëllt. D'Atmosphären vu Kepler-11b an -c bestinn dogéint aus engem Waasserstoff/Helium-Gemësch, Waasserdamp oder Organesch Verbindungen. Et ass unzehuelen, datt Kepler-11b an -c an der Vergaangenheet iwwer gréisser Deeler u Waasserstoff an der Atmosphär hunn, dësen awer duerch hir Distanz zum Stär verluer hunn. D'Käre vun de Planéite bestinn aus Gestengs an Eisen.
D'Planéitesystem vu Kepler-11 ass méi flaach wéi eist Sonnesystem, d'Ëmlafbunnen vun de Planéiten sinn bal kreesfërmeg a leien bal all op deem selwechte Niveau. D'Bunnflächen vu Kepler-11e a Kepler-11g sinn mat op mannst 0,6° liicht géigeniwwer gebéit. Déi kleng Bunnschréiegt vun de Planéiten zueneen hat et méiglech gemaach, déi sechs Exoplanéiten mat Kepler an der Transitmethod ze fannen. Domat ass et dat éischt Planéitesystem mat de meeschten transistéierenden Planéiten.[1] Duerch déi héich Zuel vu laanschtzéiende Planéiten vir a beim Stär ass et méiglech, de gläichzäitegen Transit vu méi wéi engem Planéit ze observéieren. Sou gouf de 26. August 2010 en dräifachen Transit observéiert, wou sech Kepler-b, -d an -e gläichzäiteg virun hirem Stär waren.[1]
| Planéit | Mass (an Äerdmassen) |
Radius (in Äerdradien) |
Dicht (g/cm3) |
Ëmlaf zäit (Deeg) |
Grouss Hallefachs (AE) |
Bunnschréiegt (Grad) |
Simulatioun vum Orbit |
|---|---|---|---|---|---|---|---|
| b | 4.3 (2.3 - 6.5) | 1.97 ± 0.19 | 3.1 (1.6–5.2) | 10.30375 | 0.091 | 88.5 | [1] |
| c | 13.5 (7.4 - 18.3) | 3.15 ± 0.30 | 2.3 (1.2–3.6) | 13.02502 | 0.106 | 89 | [2] |
| d | 6.1 (4.4 - 9.2) | 3.43 ± 0.32 | 0.9 (0.6–1.4) | 22.68719 | 0.159 | 89.3 | [3] |
| e | 8.4 (6.5 - 10.9) | 4.52 ± 0.43 | 0.5 (0.3–0.7) | 31.9959 | 0.194 | 88.8 | [4] |
| f | 2.3 (1.1 - 4.5) | 2.61 ± 0.25 | 0.7 (0.3–1.4) | 46.68876 | 0.25 | 89.4 | [5] |
| g | < 300 | 3.66 ± 0.35 | 118.37774 | 0.462 | 89.8 | [6] |
Kuckt och [änneren]
Referenzen [änneren]
Um Spaweck [änneren]
- (en) Pressemitteilung der NASA mat Presentatiounen a weiderféierende Linken
- Gréisstevergläich vun de Kepler-11 - Planéiten
- D'Zesummesetzunge vun de Kepler-11-Planéiten
- Kepler-11-Animatioun