Op den Inhalt sprangen

Nina Grach-Jascinsky

Vu Wikipedia
Nina Grach-Jascinsky
Gebuer 1. August 1903
Chișinău
Gestuerwen 1983
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Moler, Sculpteur
Famill
Bestuet mat Pierre Grach

D'Nina Grach-Jascinsky, gebuer[1] den 1. August 1903 zu Kischinow am Russesche Räich (haut: Chişinău a Moldawien), gestuerwen 1983, war eng Molerin a Sculptrice.

Si war d'Fra vum Architekt Pierre Grach (1903-1971).

D'Nina Jascinsky ass zu Chişinău, am deemolege Bessarabien, op d'Welt komm. Mat 20 Joer goung si op Bréissel op d'Accadémie des Beaux-arts Konscht studéieren. Si war Schülerin vum Moler Constant Montald an huet do derlaanscht beim Victor Rousseau a beim Égide Rombaux Skulptur geléiert.[[2][3] 1935 huet se véier allegoresch Tableauë fir d'Alberteum op der Bréisseler Weltausstellung gemaach. 1937 hat si eng eegen Ausstellung am Bréisseler Palais des Beaux-arts, an 1939 goufe monumental Wandmolereie vun hir op der Internationaler Waasserausstellung zu Léck gewisen. Si krut eng Commande vu fënnef Bas-reliefen fir dat neit Gebai vun der Lëtzebuerger Handwierkerkummer, deem säin Architekt de Pierre Grach (1903-1971) ass. Si goufen eng Koppel an hu sech bestuet, sou dass si op Lëtzebuerg geplënnert ass an och 1951 duerch Optioun déi Lëtzebuerger Nationalitéit krut.[4]

Als Sculptrice huet d'Grach-Jascinsky Fraefiguren an engem perséinlechen, klassesche Stil geschaaft. Se huet och kleng Parzeläinsfigure fir Villeroy & Boch entworf. 1947 hat si eng Ausstellung vun hire Figuren um Salon de la Bourse an der Stad Lëtzebuerg.[2][5] 1948 huet si um Fréjoerssalon vum Cercle Artistique de Luxembourg am Escher Stadhaus an 1950 bei der Ausstellung La Sculpture de Plein Air de Belgique beim Erasmushaus zu Anderlecht ausgestallt.[3]

E puermol huet si Skulpturen gemaach fir Gebaier, déi hire Mann entworf hat,[6] déi bekannst dierft den Datzemich virum Stater Kolléisch sinn.[7] Zesummen hu se d'Monument aux morts vu Veianen (1958) an dat vu Wolz (1961) entworf.

1966 huet si Lëtzebuerg um Salon européen des femmes-peintres zu Nanzeg vertrueden, zesumme mat der Triny Beckius, Georgette Beljon, Monique Brackel, Solange Frégnac, Thérèse Frégnac, Josée Gloden, Marie-Ange Heiden, Christiane Heinen, Huguette Heldenstein, Erny Heuertz, Loulou Heuertz, Valérie Kuborn, Ger Maas, Hélène Meer, Marie-Jeanne Molitor, Irène Nadler, Vanna Solofrizzo, Germaine Spiesse a Lily Unden.[8]

D'Nina Grach-Jascinsky huet och Privatstonne ginn, eng vun hire Schülerinne war d'Paule Nolens.

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. Avis am Mémorial N° 23 vum 30. Mäerz 1951, S. 540 Archivéiert de(n) 15.09.2011. Gekuckt de(n) 10.12.2009.
  2. 2,0 2,1 (de) Camile Frieden, "Nina Grach- Jascinsky : Zur Bildhauerausstellung im Salon de la Bourse", Luxemburger Wort, 4 maart 1947.
  3. 3,0 3,1 (fr) G.M. Matthijs, "Un beau sculpteur : Nina Grach-Jascinsky", Luxemburger Wort, 5 juli 1950.
  4. Avis - Indigénat publizéiert am Memorial A N°23 vun 1951
  5. (de) "Die Bildhauerin Nina Grach-Fascinsky" (sic), Escher Tageblatt, 08.03.1947.
  6. (de) Inna Ganschow, "Drei Leben der Bildhauerin Nina Grach-Jascinsky", Die Warte, 01.04.2021.
  7. Chantal Maquet: "Der 'Datzenisch'." forum für Politik, Gesellschaft und Kultur Nr.438, Juli 2024, S.60.
  8. "Salon européen des femmes-peintres", Luxemburger Wort, 25 maart 1966.

Dësen Artikel berout gréisstendeels op enger Iwwersetzung vum Artikel Nina Grach-Jascinsky op der hollänneschsproocheger Wikipedia; d'Auteuren stinn do am Historique.