Republik Irland

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

Dësen Artikel befaasst sech mam Staat Irland. Fir aner Bedeitunge vum Numm Irland, kuckt w.e.g. den Artikel Irland.


EU Insignia.svg Dëse Geographiesartikel iwwer Europa ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Thema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran.
Éire
Ireland
Fändel vun Irland Irescht Wopen
(Detailer)
National Devise: keng
Wou läit Irland ?
Offiziell Sprooch iresch, englesch
Haaptstad a gréisste Stad Dublin
President Michael D. Higgins
Taoiseach Enda Kenny
Fläch
 - Total
 - % Waasser
Op 117. Plaz
70,273 km2
2%
Bevëlkerung
 - Total (2002)
 - Bevëlkerungsdicht
Op 121. Plaz
3,917,336
56/km²
Onofhängegkeet
 - Akzeptéiert

6. Dezember 1922
Währung Euro (€)
Zäitzone UTC +0 (GMT)
Nationalhymn Amhrán na bhFiann Lauschtert
Internet TLD .ie
Internationalen Telefonsprefix 353
Ladys View in County Kerry

D'Republik Irland läit am Atlantik, westlech vu Groussbritannien.

Inhaltsverzeechnes

Geographie [änneren]

Irland ass eng gréng Fielsinsel an dofir wuessen do net vill Beem a Bësch. Irland as haaptsächlech vun Häcken, Gestrëpp an anere niddrege Planzen bewues, déi net vill Nährstoffer brauchen. Laanscht d´Südküst - wou de Golfstrom laanscht kënnt - wuesse kleng Palmen a verschidden aner verkrëppelt tropesch Planzen. An dëser Regioun sti mat déi meeschte Beem, mä si wuesse kaum iwwer Mannsgréisst eraus.

Op der Insel ginn et vill Séien. Dee bekannsten ass de "Lough Neagh". De Floss "Shannon" ass mat enger Längt vun 370 Kilometer de gréisste Floss vun Irland. Hien entspréngt am Norden tëscht den Uertschafte Belleek a Kesch aus dem Lough Erne (Erneséi) an e fléisst zu Limerick (Grofschaft Munster) an den Atlantik. Tëscht der Quell an der Mündung durchkräitz a speist hien e sëlleche kleng an e puer grouss Séien, ë. a. de Lough Ree, de Lough Derg.

Politik [änneren]

An Irland ginn et folgend politesch Parteien:

Administrativ Ënnerdeelungen [änneren]

Provënzen:

Countien:

Economie [änneren]

Qsicon Ueberarbeiten.png Dëst Kapitel muss iwwerschaft ginn. Dat kann dru leien, datt Schreif- oder Tippfeeler dran ze fanne sinn, oder datt den Inhalt net ganz korrekt ass oder net explizit genuch ass, sou wéi en den Ament do steet.

D'Économie an Irland ass kleng, modern an extrem oppen. D'iresch Économie ass an deene leschten 10 Joer mat zolitten 8 Prozent Joer an der Moyenne gewuess. 2003 ass de Wuesstem op 2,1% gefall. Den industrielle Secteur ass am Moment dee bedeitendsten, e stellt 46% vum BIP duer, stellt 80% vun den Exporter hier a beschäftegt 28% vun de Leit. Exporter sinn nach ëmmer den Haaptbestanddeel vun der irescher Économie. De BIP pro Awunner ass deen zweethéchsten an der EU, just no Lëtzebuerg. Iwwer déi leschte Joer huet déi iresch Regierung nei ekonomesch Ënnerstëtzungsprogrammer agefouert déi eng déif Inflatioun, e manner grousse Staatsbudget a méi auslännesch Investitioune mat sech bruecht hunn. Irland war 1999 ee vun de Matgrënner vum Euro.

Relioun [änneren]

D'Réimesch-Kathoulesch Kierch ass mat 91,6% vertrueden, d'Church of Ireland mat 2,5%, aner Glawensrichtunge kommen op 5,9% (1998).

Um Spaweck [änneren]

Commons: Irland – Biller, Videoen oder Audiodateien