13. Joerhonnert
Ausgesinn
../.. | 11. Joerhonnert | 12. Joerhonnert | 13. Joerhonnert. | 14. Joerhonnert | 15. Joerhonnert | ../..
Evenementer
[änneren | Quelltext änneren]- 1202: Véierte Kräizzuch (bis 1204).
- 1214: Der Ermesinde hiren éischte Mann Grof Theobald I. vu Bar stierft, si bestit sech nach dat selwecht Joer mam Walram III. vu Limburg.
- 1215: Fënnefte Kräizzuch (bis 1221).
- 1216: De Jang Ouni Land stierft, an England kënnt den Henry III. un d'Muecht. E konnt de fréiren englesche Besëtz a Frankräich net zeréckgewannen. Obwuel en dacks mat de Baronen am Clinch louch a kee staarken Herrscher war, sou konnt en awer wéinstens no der katastrophaler Herrschaft vu sengem Papp Jang Ouni Land d'Positioun vu senger Famill festegen.
- 1223: De franséische Kinnek Philippe II. stierft, säi Bouf Louis VIII. kënnt fir 3 Joer op den Troun wärend deenen e grouss Deeler vun der Aquitaine vun England zeréckeruewert. No sengem Doud 1226 gëtt säi Bouf Louis den Hellege Kinnek, dee Fridde mam engleschen Herrscherhaus schléisst, d'kierchlesch Inquisitioun géint d'Judden a Katharer etabléiert, an zum Siwenten an Aachte Kräizzuch oprifft.
- 1227: Sechste Kräizzuch (bis 1229).
- 1235: Der Ermesinde hire Bouf Heinrich V. de Blonde gëtt groussjäreg a regéiert zesumme mat senger Mamm.
- 1236: Iechternach kritt e Fräiheetsbréif.
- 1239: Diddenuewen kritt e Fräiheetsbréif.
- 1244: Lëtzebuerg kritt e Fräiheetsbréif.
- 1245: Siwente Kräizzuch (bis 1254).
- 1247: D'Ermesinde stierft, den Heinrich V. regéiert vun do un eleng.
- 1270: Aachte Kräizzuch (bis 1271), un deem de Lëtzebuerger Grof Heinrich V. deelhëlt, an an deem de franséische Kinnek Louis IX. stierft. Säi Bouf Philippe III. expandéiert no Süden a gewënnt ë. a. d'Grofschaft Toulouse fir d'Kroun.
- 1272: Den englesche Kinnek Henry III. stierft, säi Bouf Edward I. kënnt op den Troun. Vis-à-vis zu de Besëtzungen um Kontinent ännert sech net wierklech eppes, op der Insel awer ënnerwerft en d'Fierschtentum Wales a marschéiert a Schottland a fir de schottesche Kinnek John Balliol ofzesetzen, wat zum Schotteschen Onofhängegkeetskrich féiert.
- 1281: Lonkech, Rodange, Rolleng, Lénger, Nidderkäerjeng a Péiteng kréien e Fräiheetsbréif. Den Heinrich V. stierft a säi Bouf Heinrich VI. gëtt Grof vu Lëtzebuerg.
- 1285: Doud vum franséische Kinnek Philippe III. Säi Bouf Philippe IV. iwwerhëlt den Troun a beusprocht eng quasi-absolutistesch Autoritéit. Bis zum Enn vum Joerhonnert ass en an engem andauernde Krich géint Flandern.
- 1288: Schluecht vu Worringen, bei där all véier Bouwe vum Heinrich V. stierwen, dorënner den Heinrich VI. Deem säi Bouf gëtt als Heinrich VII. Grof vu Lëtzebuerg.
Wichteg Persounen
[änneren | Quelltext änneren]Erfindungen an Entdeckungen
[änneren | Quelltext änneren]- De Leonardo Fibonacci huet uganks vum Joerhonnert d'indesch-arabesch Zuelen an Italie bekannt gemaach, vu wou aus se sech am Rescht vun Europa verbreet hunn.
- An der zweeter Hallschent vum Joerhonnert gouf de Brëll erfonnt (sou tëscht 1270 an 1290 an Italien). Et konnt awer just bei Wäitsiichtegkeet gehollef ginn, speziell geschlaffent Glas oder Kristaller haten e Vegréisserungseffekt dee fir d'Liese benotzt konnt ginn. Dat war entweeder eng Lëns déi een un d'A hält oder et waren zwou Lënsen déi op der Nues sëtzen, awer där hiert Gestell nach net hannert d'Ouere gräifen (dat koum eréischt uganks vum 17. Jh.).
Joren
[änneren | Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: 13. Joerhonnert – Biller, Videoen oder Audiodateien |