Alphonse Osch
Ausgesinn
Alphonse Osch | |
---|---|
Gebuer |
29. Abrëll 1909 Méischtref |
Gestuerwen |
18. Juni 1997 Lëtzebuerg |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Politiker, Resistenzler |
Partei | Demokratesch Partei |
Den Alphonse Osch, gebuer den 29. Abrëll 1909 zu Méischtref a gestuerwen den 18. Juni 1997 an der Stad Lëtzebuerg, war e lëtzebuergesche Politiker.
Den Alphonse Osch, war am Krich Resistenzler an huet de GPD (déi spéider DP) matgegrënnt.
Hie war 1945 a vun 1953 bis 1954, no der Demissioun vum Ferdinand Frieden Deputéierten an der Chamber.
Hie war Minister fir ëffentlech Gesondheet a Krichsschied: vun 1947 bis 1948 an der Regierung Dupong-Schaus a vun 1948 bis 1951 an der Regierung Dupong-Schaus-Bodson.
Tëscht 1952 an 1961 an tëscht 1971 an 1981 war hien am Gemengerot vun der Stad Lëtzebuerg.
Den Alphonse Osch war vun 1953 bis 1975 Direkter vun der Assurancë-Gesellschaft La Bâloise.
Gielercher
- Commandeur avec couronne vum Ordre de Mérite civil et militaire d'Adolphe de Nassau (Promotioun 1951)[1]
- Grand-Croix vum Ordre d'Orange-Nassau (Promotioun 1951)[2]
Kuckt och
Referenzen
- ↑ BULLETIN DE DOCUMENTATION - Nos 7/8/9 7e Année Luxembourg le 30 septembre 1951 Nouvelles de la Cour p 166
- ↑ BULLETIN DE DOCUMENTATION - No 6 7e Année Luxembourg le 30 juin 1951 Distinctions honorifiques conférées à l'occasion de la visite officielle à Luxembourg de Sa Majesté la Reine et de Son Altesse Royale le Prince des Pays-Bas pp. 131ss.