Alphonsus (Moundkrater)
Ausgesinn
Koordinaten | 13°23'24"S, 2°51'13"W |
---|---|
Duerchmiesser | 111 km |
Déift | 2.730 m |
Genannt no | Alfons X. |
Genannt am Joer | 1935 |
Moundvéiereck | LQ19 |
Den Alphonsus ass e Moundkrater mat 117 km Duerchmiesser, den Zentrum läit bei 13.4°S 2.8°W.
D'Ramplie vum Krater hiewe sech bis zu 3 km iwwer de Kraterbuedem. Ee 15 km breede Réck den am Zentrum 1 km héich ass, leeft vun Norden no Süden an deelt de Kraterbuedem an zwee. Et ass net sécher ob den Urspronk vum Krater vu vulkanescher Natur ass, oder ob et sech ëm en Aschlagkrater handelt.
Den Astronom Nikolai Alexandrowitsch Kosyrew hat am Joer 1958 beim Alphonsus den transient Moundphenomeen entdeckt.