Syndicat intercommunal am Haff

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Am Haff)
Syndicat intercommunal am Haff
Secteur Kannerbetreiung, Bibliothéik
Membergemengen Biermereng, Rëmerschen, Welleschten
Gegrënnt 27. Mäerz 2006
Opgeléist 24. Mee 2011

De Syndicat intercommunal am Haff war e Gemengesyndikat an deem sech zur Zäit vun der Grënnung d'Gemenge Rëmerschen (spéider ëmgenannt a Schengen), Welleschten a Biermereng zesummegeschloss haten. Allen dräi hunn Enn 2011 zu der Gemeng Schengen fusionéiert[1]. Am Kader vum Fusiounsgesetz gouf de Syndikat opgeléist[2].

Den Objet vum Syndikat am Originaltext:

Art. 3. – Objet

Le syndicat a pour objet la mise en place et l'exploitation des structures d'accueil suivantes:

  • une crèche à Wintrange
  • un foyer de jour à Remerschen
  • une maison des jeunes à Remerschen et
  • une bibliothèque intercommunale dans la commune de Wellenstein

D'Decisioune fir de Syndikat ze grënne goufen an de Gemengen op follgenden Datume geholl:

  • Rëmerschen: 14. Dezember 2005
  • Welleschten: 31. Januar 2006
  • Biermereng: 18. Januar 2006

Den Arrêté grand-ducal vum 27. Mäerz 2006 huet Kreatioun vum Syndikat erlaabt. Deen Arrêté gouf duerno wéinst enger Prezisioun den 29. Mee 2006 liicht ëmgeännert.

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. Loi du 24 mai 2011 portant fusion des communes de Burmerange, de Schengen et de Wellenstein. legilux.public.lu (30.05.2011). Gekuckt de(n) 02.08.2020.
  2. Artikel 7 vum Fusiounsgesetz
Interkommunal Syndikater
Am Haff | An der Schwemm | BILLEK | CM-Nord | De Réidener Kanton | DEA | Ecole de musique du canton de Redange | Ecole régionale Uewersauer | FILANO | HIS | Les Thermes | Maintien à domicile-Medernach | MINETT-KOMPOST | Naturpark Uewersauer | Naturpark Our | Pidal | PIMODI | PRO-SUD | Réidener Schwemm | Résidence des Ardennes Clervaux | Schoulkauz | SEBES | SEC | SES | SESE | SESF | SIACH | SIAEE | SIAEG | SIAER Triangle Vert | SIAS | SICA | SICEC | SICLER | SICONA Sud-Ouest | SICONA-Centre | SICOSPORT KAYLDALL | SIDEC | SIDEN | SIDERE | SIDERO | SIDEST | SIDOR | SIFRIDAWE | SIGI | SIGRE | SIKOR | SISPOLO | SIT | SITEG | SIVEC | SPIC | STEP | SYCOPAN | SYCOSAL | Syndicat Müllerthal | SYNECOSPORT | Syrdall Schwemm | SYVICOL | TICE | ZAMID | ZANO | ZARE | ZARO | ZARW