André Biver (Dokter)

Vu Wikipedia
André Biver
Gebuer 14. Mäerz 1794
Ettelbréck
Gestuerwen 6. November 1878
Saint-Gobain
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Politiker, Geschäftspersoun, Dokter
Famill
Kanner Hector Biver, Ernest Biver

Den André Biver, gebuer de 14. Mäerz[1] 1794 zu Ettelbréck a gestuerwen de 6. November 1878 zu Saint-Gobain (Aisne), war e lëtzebuergeschen Dokter.

Den André Biver huet zu Paräis Medezin studéiert, wou hien de 16. Januar 1816 säin Dokteschdiplom krut. Hien huet noeneen zu Ettelbréck, Lauterbuer[2], Iechternach[2], Lëtzebuerg (Stad), Malonne (B), Bréissel (B) a Saint-Gobain (F) praktizéiert respektiv gewunnt.

A senger Thees huet den A. Biver sech mam Edward Jenner, sengem Impfstoff géint d'Pouke beschäftegt (1815). Hien huet ë. a. och eng Etüd iwwer den Typhus publizéiert (1840) an e Buch iwwer Puériculture an déi kierperlech an intellektuell Entwécklung vum Kand vun der Gebuert u bis bei déi zweet Dentitioun (Le livre des mères, anthropologie physiologique de l'enfance, 1843 [4]).

Den A. Biver war de Jong vum Mathias Biver an der Petronille Seyler. Seng Fra war d'Justine Gerard (1801-1883). Hie war de Papp vum Hector a vum Ernest Biver.

De Politiker[änneren | Quelltext änneren]

Den André Biver war Member vum belsche Congrès national, dee vum November 1830 bis an den August 1831 funktionéiert huet. Bei de Wale vum 3. November 1830 gouf de Biver als Suppléant gewielt[3]; den 20. Juni 1831 gouf hien effektive Member amplaz vum demissionäre Louis Fendius.[4] 1837 gouf hie Member vum (belschen) Provënzialrot vu Lëtzebuerg (mat Sëtz zu Arel) a war vun 1838 bis 1839, wou Lëtzebuerg vun der Belsch getrennt gouf, Member vun der permanenter Deputatioun vun dësem Gremium.

De Geschäftsmann[änneren | Quelltext änneren]

Den André Biver war ee vun de Responsabele vun enger belscher Firma, déi 1835 zu Bréissel gegrënnt gi war an an där hirem Opdrag zu Zéisseng vun 1837 bis 1839 no Salz gebuert ginn ass. D'Buerlach koum bis op eng Déift vu 534,85 m, Salz gouf awer keent fonnt.[5]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Kugener, H., 2005. Die zivilen und militärischen Ärzte und Apotheker im Großherzogtum Luxemburg. Band 1/3 (A-G). Luxemburg, Eigenverlag, S. 1-652 (A. Biver: S. 140-144).
  • Liez, N., 1886. Dictionnaire avec des notices biographiques de tous les membres du corps médical luxembourgeois pendant le XIXe siècle. Luxembourg, 167 S. (Biver, André, fils: S. 10-11).
  • Bayaert, C., 1930. Biographies des membres du Congrès national, Bréissel, 1930, S. 39.

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. De Liez (1886) gëtt de 15. Mäerz als Gebuertsdatum un.
  2. 2,0 2,1 Kuck: Wilhelm, F., 1988. Si Echternach m'était conté... (2): Les « châtelains » de Lauterborn après la Révolution française. Die Warte, Nr. 4/1479, 28. Januar 1988, S. 4.
  3. Journal de la ville de du Grand-Duché de Luxembourg 1830, N° 89 (6 novembre), S. 3 (Élections).[1]
  4. Congrès national de Belgique. Séance du lundi 20 juin 1831 [2]
    Journal de la ville de du Grand-Duché de Luxembourg 1831, N° 51 (25 juin), S. 2 (Dans sa séance du 20 juin …)[3]
  5. Calmes, A. 1968. Au fil de l'histoire. Vol. 1. Troisième édition. Luxembourg, S. 202-206 [Un forage pour découvrir du sel gemme à Cessange ; article d'abord publié dans le Luxemburger Wort du 20.10.1954].
    Massard, J.A., 1996. Les pionniers de la géologie luxembourgeoise: Steininger, Engelspach-Larivière et les autres. In: J.A. Massard (éd): L'Homme et la Terre. Mens en Aarde. Mensch und Erde. Actes du 13e Congrès Benelux d'Histoire des Sciences, Echternach (Luxembourg), 1995. Luxembourg, S. 154-155.
    Kugener 2005, S. 143-144.