Op den Inhalt sprangen

Arthur Useldinger

Vu Wikipedia
Arthur Useldinger
Gebuer 8. Juli 1904
Esch-Uelzecht
Gestuerwen 15. Mäerz 1978
Esch-Uelzecht
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Politiker
Partei KPL

Den Arthur Useldinger, gebuer den 8. Juli 1904 zu Esch-Uelzecht, a gestuerwen och do de 15. Mäerz 1978, war e lëtzebuergesche Politiker.

Berufflech war hie Beamten am Service commercial vun Arbed Belval, politesch huet hie sech an der Kommunistescher Partei Lëtzebuerg (KPL) engagéiert. 1932 huet hien d'Vereenegug Luxembourg-URSS gegrënnt.

An den 1930er Jore war hie Mataarbechter vun der Volksstimme.

Nom däitschen Iwwerfall am Mee 1940 huet hie bis zu der Befreiung, am September 1944, missen ënnerdauchen, vun enger Stopp an déi aner. Mat anere Membere vun der KPL huet hien d'Resistenzorganisatioun ALEF (Aktiv Letzeburger Enhétsfront ge'nt de Faschismus) gegrënnt. Déi huet sech duerch Fluchblieder an d'Zeitung Die Wahrheit (1941) eng Stëmm verschaf. Well d'Gestapo d'Memberlëscht vun der KPL an d'Fangere kritt hat, goufe vill vun hinne verhaft an a KZer gestach, sou och dem Useldinger seng Fra Yvonne Hostert an hire Papp. Den Arthur Useldinger hu se awer net kritt.[1]

Nom Krich war den Arthur Useldinger bis zu sengem Doud, mat zwou klengen Ënnerbriechungen, déi ganzen Zäit Deputéierte fir d'KPL an der Chamber (1945-1958, 1959-1968 an 1969-1978).

Bei de Gemengerotswalen 1946 krut hien zu Esch-Uelzecht déi meescht Stëmmen a gouf den 18. Februar 1946 zum Buergermeeschter vun enger KPL-CSV-Koalitioun ernannt. Den 11. Mäerz 1949 huet den Emile Colling am Numm vun der CSV-Fraktioun, d'Koalitioun mat der KPL opgekënnegt, an et koum zu Neiwalen. De 14. Abrëll 1970 bis zu sengem Doud war hien eng weider Kéier Buergermeeschter vu senger Heemechtstad, dës Kéier a Koalitioun mat der LSAP.[2]

Den Arthur Useldinger war mat der Yvonne Hostert bestuet.

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. Joseph Flies: Das andere Esch. Luxemburg, St.-Paul, 1979, S.848-850.
  2. Flies (1979), S. 849, 864, 1078.
  3. Memorial A N° 10 vun 1956 mat enger Lëscht vu Leit déi 1956 am Ordre de la couronne de chêne dekoréiert goufen