Busspuer

Vu Wikipedia
Beispill vun enger Busspuer, hei um Boulevard Royal an der Stad Lëtzebuerg

Eng Busspuer ass déi ëmgangssproochlech Bezeechnung fir eng reservéiert Spuer fir Gefierer vum reegelméissegen ëffentlechen Transport. Et ass eng speziell gezeechent, deels och baulech ofgetrennt Fuerspuer vun der Strooss, op där just Linnebusse fueren däerfen. Als Ausnam zu dëser Reegel, kënnen Zousazschëlter et erlaben, datt och aner Gefierer oder Benotzer, wéi z. B. Taxien, Vëloen oder Covoiturage-Gefierer driwwer fueren däerfen. Ënnert enger Busstrooss versteet een eng ganz Strooss, duerch déi nëmme Linnebussen (an eventuellen Ausnamen) fueren däerfen.

Den Zweck vun enger Busspuer ass gemenkerhand fir vill Leit a kierzter Zäit op Strecke mat vill Trafick transportéieren ze kënnen. Dat kann een erreechen, andeems den ëffentlechen Transport prioriséiert gëtt, z. B. mat enger spezieller Schaltung vun de Verkéiersluuchten, enger Busschleis an/oder enger Busspuer. D'Busse sollen op dës Manéier ongehënnert vum Individualverkéier deen eventuell am Stau steet, hire Fuerplang kënnen anhalen.

Heiansdo däerf de Bus och duerch eng Strooss fueren, déi fir den aneren Trafick gespaart ass, oder entgéint engem Sens unique.

Eng Busspuer gëtt allgemeng mat enger vertikaler an horizontaler Signalisatioun gezeechent.

Situatioun zu Lëtzebuerg[änneren | Quelltext änneren]

De Lëtzebuerger Code de la route[1] hält am Artikel 107, ënner dem Punkt 10 vun de Gebuetsschëlter, fir d'Schëld D, 10 fest, datt d'Busspuer reservéiert ass fir d'Gefierer vum reegelméissegen ëffentlechen Transport a fir déi vum Schülertransport. Et gëtt awer verschidden Ausnamen, fir datt och aner Kategorië vu Benotzer op där Spuer ze fueren däerfen; déi sinn dann op engem Zousazschëld vum Modell 6 opgezielt.

 Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Schëld D, 10.
Nieft dem Schëld D, 10 kann d'Busspuer awer och mat engem Spuereschëld gezeechent sinn, wou déi Spuer, déi fir d'Busse reservéiert ass, mam Symbol vum Schëld D, 10 gezeechent ass. Eng Strooss déi am Sens unique leeft, an där d'Bussen awer entgéint dem Individualverkéier fueren däerfen, gëtt mam Schëld C, 1a an engem entspriechenden Zousazschëld markéiert.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Busspuer – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. (fr)Arrêté grand-ducal modifié du 23 novembre 1955 portant règlement de la circulation sur toutes les voies publique. legilux.public.lu (23.11.1955). Gekuckt de(n) 14.05.2024.