Corps grand-ducal d'incendie et de secours

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) CGDIS)
Corps grand-ducal d'incendie et de secours
(CGDIS)
Typ Ëffentlecht Etablissement
Grënnungsdatum 27.03.2018
Sëtz 3, Boulevard de Kockelscheuer
L-1821 Lëtzebuerg
Leedung Lydie Polfer (Presidentin)
Paul Schroeder (Generaldirekter)
Branche Rettungsdéngscht
Homepage www.112.lu

De Corps grand-ducal d'incendie et de secours (CGDIS) ass en Ëffentlecht Etablissement[1] mat administrativer Funktioun zu Lëtzebuerg, an deem d'Rettungsdéngschter vum Land zesummegeschloss a koordinéiert ginn.

E gouf mat engem Gesetz vum 27. Mäerz 2018 gegrënnt[2] an ass zanter dem 1. Juli 2018 a Funktioun. An him sinn d'Protection civile, d'Fräiwëlleg Pompjeeën, d'Stater Beruffspompjeeën, d'Fluchhafepompjeeën an de Service d'aide médicale urgente (SAMU) zesummegeschloss[3].

De Sëtz vum CGDIS ass zu Gaasperech am Centre national d'incendie et de secours.

Missiounen[änneren | Quelltext änneren]

Dem Artikel 4 vum Gesetz vum 27. Mäerz 2018 no, ass de CGDIS mam Plangen, Organiséieren an Ausféiere vu follgende Punkte beoptraagt:

  1. Hëllefsleeschtung fir Persounen déi an Nout duerch Accidenter, Katastrophen, Feier an aner Schuedensereegnesser sinn;
  2. Preventioun a Protektioun géint Feier;
  3. Bekämpfung vu Verschmotzung duerch radioaktiv, nuklear, biologesch a cheemesch Matièren;
  4. Schutz vun Eegentum bei Bränn, Katastrophen oder anere Schuedensfäll;
  5. International Hëllefsleeschtunge bei Katastrophe baussent dem Grand-Duché;
  6. En Hëllefsdispositif opstelle bei Manifestatiounen oder aneren Evenementer, wou de Risiko besteet, datt et zu Schied kéint kommen;
  7. Ofhale vu Formatiounen an de Beräicher Brandbekämpfung a Secours à personne;
  8. De Service d'aide médicale urgente (SAMU) garantéieren.

Den CGDIS stellt a verwalt och d'Pompjeeën um Fluchhafe fir d'Administration de la navigation aérienne.

Den CGDIS bedeelegt sech och beim Verhënneren oder Evaluéiere vun technologeschen oder natierleche Risiken, souwéi beim Geréiere vun nationale Krisen. En ass och zoustänneg fir déi operationell Relatioune mat Rettungsdéngschter vu baussent dem Grand-Duché, am Fall wou déi a Krisefäll ugefuerdert ginn.

Den CGDIS kann net agesat gi fir d'ëffentlech Uerdnung oprecht z'erhalen oder erëm hierzestellen oder fir Objetsschutz auszeféieren. Dat fält eleng an d'Kompetenz vun der Police grand-ducale.

Territorial Andeelung[änneren | Quelltext änneren]

Duerch de Règlement grand-ducal vum 24. Mee 2018[4] gëtt d'Land a 4 Rettungszonen agedeelt. Déi Zone si weider a Gruppementer ënnerdeelt, déi eng gewëssen Zuel vu Gemenge regruppéieren.

Oplëschtung vun den Zonen, Gruppementer a Gemengen
Zon Gruppement Gemeng
NORD Our Clervaux

Parc Hosingen

Putscheid

Troisvierges

Vianden

Weiswampach

Wincrange

Stauséi Boulaide

Esch-sur-Sûre

Goesdorf

Kiischpelt

Lac de la Haute-Sûre

Wiltz

Winseler

Nordstad Bettendorf

Bourscheid

Colmar-Berg

Diekirch

Erpeldange-sur-Sûre

Ettelbruck

Schieren

Tandel

Atert Beckerich

Ell

Feulen

Grosbous

Mertzig

Préizerdaul

Rambrouch

Redange-sur-Attert

Saeul

Useldange

Vichten

Wal

EST Sauer Beaufort

Bech

Berdorf

Consdorf

Echternach

Reisdorf

Rosport-Mompach

Zwee-Iernz Betzdorf

Fischbach

Heffingen

Junglinster

Larochette

Nommern

Vallée de l'Ernz

Waldbillig

Musel Biwer

Grevenmacher

Manternach

Mertert

Dräi-Länner Eck Bous

Contern

Dalheim

Flaxweiler

Lenningen

Mondorf-les-Bains

Remich

Schengen

Stadtbredimus

Waldbredimus

Wormeldange

CENTRE Uelzechtdall Bissen

Helperknapp

Lintgen

Lorentzweiler

Mersch

Steinsel

Walferdange

Réibierg Bertrange

Garnich

Habscht

Kehlen

Koerich

Kopstal

Mamer

Steinfort

Strassen

Bockfiels Hesperange

Luxembourg

Niederanven

Sandweiler

Schuttrange

SUD Kordall Differdange

Dippach

Käerjeng

Pétange

Sanem

Belval Esch-sur-Alzette

Leudelange

Mondercange

Reckange-sur-Mess

Schifflange

Ginzebierg Bettembourg

Dudelange

Frisange

Kayl

Roeser

Rumelange

Weiler-la-Tour

Intern Organisatioun[änneren | Quelltext änneren]

President vum ëffentlechen Etablissement Corps grand-ducal d'incendie et de secours ass:

CGDIS
Period President
01.04.2018-
31.12.2020
Alain Becker
01.02.2021-
31.12.2023
Lydie Polfer[5]

Den CGDIS gëtt vun engem Generaldirekter a sechs Directeur-fonctionnelle gefouert déi vum Grand-Duc op Propositioun vum Regierungsrot genannt ginn[6].

Organisationell ass de CGDIS a 7 Entitéiten ënnerdeelt[7]:

  • Direction générale (DG);
  • Direction de la coordination opérationnelle (DCO);
  • Direction de la stratégie opérationnelle (DSO);
  • Direction administrative et financière (DAF);
  • Direction des moyens logistiques (DML);
  • Direction médiale et de la santé (DMS);
  • Institut national de formation des secours (INFS);
CGDIS
Period Generaldirekter
01.07.2018- Paul Schroeder

Fir Ausbildungszwecker huet de CGDIS zwéin Ausbildungszentren, d'École nationale de la protection civile zu Schëmpech, an d'École nationale du service incendie et de sauvetage zu Nidderfeelen.

Wann de Centre national d'incendie et de secours zu Gaasperech ganz operationell ass(virgesi fir Enn 2021), wäert allerdéngs d'Haaptausbildung do ofgehale ginn.

Graden a Funktiounen[änneren | Quelltext änneren]

Graden[änneren | Quelltext änneren]

Duerch de Règlement grand-ducal vum 18. September 2018[8] goufe follgend Graden agefouert:

D'Grade kritt een duerch Formatioun, Funktioun oder Anciennetéit. Am operationelle Pompjeeesberäich kennt de CGDIS follgend Funktiounen: Equipier stagiaire, Equipier, Chef de binôme, Chef d'agré, Chef de section, Chef de peloton, Chef de compagnie, Chef de bataillon. Wärend ee vum Equipier stagiaire bis zum Chef de binôme mat der néideger Formatioun kann opsteigen, muss e fir déi aner Funktioune proposéiert ginn. Deemno wéi laang een déi Funktioun schonn huet, kann een unhand vun der Anciennetéit weider klammen.

Beispiller:

Deen, deen nei an de CGDIS antrëtt, kritt eng Ernennung als Equipier stagiaire an de Grad vum Brigadier-aspirant. Déi Persoun huet dräi Joer Zäit fir hir Formatioune fir d'Nominatioun zu engem Equipier ofzeschléissen. Da kritt se nieft der Funktioun vum Equipier och de Grad vum Brigadier.

Ass een 2 Joer am Grad vum Brigadier an huet ee seng Formatioun zum Chef de binôme ofgeschloss, da gëtt ee Caporal. Ass een 3 Joer laang Caporal gëtt ee Caporal-chef. No 20 Joer no der Nominatioun vum Grad Brigadier, gëtt ee Caporal-chef 1re classe. De Grad vum Caporal-chef 1re classe erkennt virun allem d'Leeschtung vum Pompier de support un. Hie kann no senger Formatioun net méi wäit klamme wéi Brigadier a kritt duerch d'Anciennetéit vun 20 Joer säi leschte Grad.

Wëll een an de Grad vum Sergent kommen, muss een dräi Joer am Grad Caporal oder Caporal-chef sinn an d'Formatioun souwéi d'Funktioun vum Chef d'agré hunn. Fir de Sergent-chef muss een d'Funktioun an d'Formatioun vum Chef de section hunn an 3 Joer am Grad vum Sergent gewiescht sinn. No 3 Joer als Sergent-chef gëtt een automatesch Sergent-major. No weideren 3 Joer gëtt een Adjudant. Als Chef de section kann een net weider klammen. Fir Adjudant-chef ze ginn, muss een eng Formatioun als Chef de peloton hunn.

Operationell Funktiounen[änneren | Quelltext änneren]

Den CGDIS ënnerscheet sech am operationellen Deel an dräi Kategorien. De roude Beräich INCSA (Incendie-sauvetage), de wäisse Beräich SAP (Secours à personne) an de spezielle Beräich (Hondsstaffel, Fräschmänner, etc...). Zwar ass et méiglech just am wäisse Beräich ze schaffen, mee d'mëttelfristegt Zil ass et, datt all Member vum CGDIS d'Basiswësse vum rouden a wäisse Beräich huet. Ausnam si speziell Beräicher, well do méi op d'Spezialiséierung gekuckt gëtt. Déi follgend Funktioune kënnen also an deenen dräi Beräicher ausgefouert ginn.

Equipier-stagiaire[änneren | Quelltext änneren]

Eng Nominatioun als Equipier-stagiaire kritt een, wann een d'Formatiounen CIC a Formation d'incendie et sauvetage Niveau I (FIS I) ofgeschloss huet. Vun deem Moment un ass een zougelooss fir kënne mat op Asätz ze fueren. Allerdéngs däerf den Equipier-stagiaire just als "Equipier" am Binôme 2 agesat ginn an et muss e Chef de binôme hien encadréieren. Weider däerf just een Equipier-stagiaire um Asazgefier matfueren. Déi aner Pompjeeë musse voll ausgebilt Membere sinn. Deen éischte Grad, deen ee kritt, ass dee vum Brigadier-aspirant. Den neie Member, deen an den CGDIS erakënnt, huet 24 Méint Zäit, seng Formatiounen ze maachen. E muss an där Zäit d'Formatioune vum Equipier absolvéiert hunn.

Equipier[änneren | Quelltext änneren]

Fir Equipier ze sinn, muss ee follgend Formatiounen am INCSA-Beräich absolvéiert hunn: Éischt Hëllef-Cours, Cours d'initiation commun (CIC), Formation d'incendie et sauvetage Niveau I (FIS I), Formation d'incendie et sauvetage Niveau II (FIS II), Appareil respiratoire isolant Niveau I (ARI I) an Appareil respiratoire isolant Niveau II (ARI II). Dat entsprécht 256 Stonne Formatioun iwwer en Zäitraum vun 3 Joer. Hie gëtt an der Reegel vun engem Chef de binôme gefouert. Als Equipier huet een de Grad vum Brigadier.

Am SAP-Beräich muss een d'Formatioun Éischt-Hëllef-Cours, Cours d'initiation commun (CIC) an de Secours à personne Niveau I (SAP I) hunn. Dat entsprécht 88 Stonne Formatioun. Et ass allerdéngs virgesinn, datt all Pompjee, deen nei an de CGDIS erakënnt, den SAP I maache soll. Den Equipier SAP kann als drëtt Persoun op engem RTW (Rettungswon / Ambulanz) matfueren. Bei Personalmangel och noutfalls als zweet Persoun.

D'Formatioun fir den Equipier an enger Spezialekipp auszebilden, ass nach net genee definéiert a variéiert vun Ekipp zu Ekipp (Stand: 2018).

Chef de binôme[änneren | Quelltext änneren]

De Chef de binôme muss am INCSA Beräich nach zousätzlech d'Formation d'incendie et sauvetage Niveau III (FIS III) absolvéieren. Dat entsprécht 64 Stonnen. Hie féiert een Equipier an den Asaz a féiert Uerdere vum Chef d'agré oder Chef de section aus. De Binôme, deen aus 2 Persoune besteet, ass déi klengst taktesch Unitéit am INCSA Beräich. Hei kann een d'Grade vum Brigadier bis Caporal-chef 1re classe hunn oder kréien.

Am SAP Beräich muss een d'Formatioun SAP II hunn. Dat entsprécht 376 Stonnen. Dës héich Zuel kënnt virun allem duerch praktesch Stagen an Zentre mat Ambulanzen an a Spideeler.

Chef d'agré[änneren | Quelltext änneren]

De Chef d'agré ass de Responsabele vun engem Spezialgefier, wéi enger Dréileeder am INCSA Beräich oder vun engem RTW / Ambulanz am wäisse Beräich. Et muss een d'Formatioun Commandement Niveau I (COM I) hunn. Dat entsprécht 8 Stonne Formatioun. Hie kann de Grad vum Sergent kréien, wann all d'Konditiounen erfëllt sinn. Hie leet am Normalfall net méi wéi 2 Leit am Asaz (2+1).

Chef de section[änneren | Quelltext änneren]

De Chef de section ass de Responsabele vun engem operationelle Gefier am INCSA Beräich. Dat kann am klassesche Fall e Läschgefier mat 1+5 Mann Besatzung sinn. Hie ka bis zu 8 Leit leeden. Am wäisse Beräich fënnt een aus organisatoresche Grënn keng Chef de section, well e Chef vun engem RTW / enger Ambulanz an der Reegel e Chef d'agré ass. Am Asaz kann et virkommen, datt e Chef de section als Chef vun der Versuergung vu Verletzten designéiert gëtt. Dann huet en e puer RTW Ekippen ënnert sech.

Et kann och virkommen, dat e Chef de section niewent senger Sektioun vu 5 Persounen och nach e Chef d'agré mat 2 Persounen ënnert sech huet. Dat ass oft de Fall, wann eng Dréileeder mat engem Läschgefier ausréckt. De Chef de section ass Chef vu sengem Gefier (LF) a vum Dispositiv. De Chef d'agré ass Chef vun der Dréileeder a féiert d'Uweisunge vum Chef de section aus. Komme weider Gefierer dobäi, wéi aner Läschgefierer mat anere Chef-de-sectionen, ass den éischte Chef de section op der Plaz de Chef vum Asaz, de sougenannten COS (Commandant des opérations de secours). Soubal ee Chef de peloton op der Plaz ass, gëtt en den COS un dësen of.

De Chef de section muss d'Formatioun Commandement Niveau II (COM II) absolvéiert hunn. Dat entsprécht 64 Stonnen. Hie kann d'Grade vum Sergent bis Adjudant hunn.

Chef de peloton[änneren | Quelltext änneren]

De Chef de peloton ka bis zu 4 Sektioune mat eventuelle Chef-d'agréë leeden. Hie soll an der Reegel vun engem weidere Chef de peloton ënnerstëtzt ginn, deen taktesch Zeechnungen (Main courante) ausféiert an d'Kommunikatioun um Funk observéiert. Dësen zweete Chef de peloton huet eng ënnerstëtzend Funktioun. Am Moment (Stand 2018) sinn déi meescht fréier Chef-de-corpsen a Chef-de-corps-adjointen als Chef de peloton ausgebilt ginn. Et kann een dës Positioun just op Propose vun der Verwaltung ausféieren. Et brauch een dofir eng Formatioun fir Commandement Niveau III (COM III), wat 64 Stonne sinn. Et kann een de Grad vum Adjutant bis Lieutenant 1re classe hunn. An der Theorie kann de Chef de peloton bis zu 36 Leit kommandéieren.

Chef de compagnie[änneren | Quelltext änneren]

De Chef de compagnie muss vun der Verwaltung ernannt ginn. Hie brauch keng spezifesch Formatioun méi, wei de Chef de peloton. An der Reegel handelt et sech beim Chef de compagnie, dee bis zu 4 Chef-de-pelotonen ënnert sech kann hunn, ëm de Chef vun enger Zon. Dëse kënnt allerdéngs just bei groussen Asätz vir. Am Moment (2018) gëtt et maximal 2 Chef-de-compagnië pro Zon. E Chef de compagnie kann an der Theorie bis zu 148 Leit kommandéieren. Hie kann de Grade vum Capitaine bis Colonel hunn, wann en och gläichzäiteg Chef de zone ass.

Chef de bataillon[änneren | Quelltext änneren]

De Chef de bataillon muss vun der Verwaltung ernannt ginn. An der Reegel handelt et sech ëm den Directeur général, oder ee vun sengen Directeur-du-departementen. Hie ka bis zu 4 Chef-de-compagnië leeden. Dat entsprécht bis zu 596 Persounen. Eng spezifesch Formatioun ass net virgesinn. Hie kann de Grad vum Colonel bis Directeur général hunn, wann en och gläichzäiteg de Chef vum CGDIS ass.

Groupes d'intervention spécialisés[änneren | Quelltext änneren]

Dëst Kapitel muss iwwerschafft ginn. Dat kann dru leien, datt Schreif- oder Tippfeeler dran ze fanne sinn, datt den Opbau net der Wikiformatéierung entsprécht oder datt den Inhalt net ganz korrekt ass oder net explizit genuch ass, sou wéi en den Ament do steet.
00 De Contenu vun dësem Kapitel oder dësem Artikel ass net vollstänneg oder net méi aktuell. Hëlleft wgl. mat, en ze komplettéieren oder nees op de leschte Stand ze bréngen.

Groupe d'alerte (Alarmgrupp)[änneren | Quelltext änneren]

Groupe de sauvetage aquatique (Fräschmänner)[änneren | Quelltext änneren]

Groupe cynotechnique (Hondsstaffel)[änneren | Quelltext änneren]

Groupe de protection radiologique (Straleschutz)[änneren | Quelltext änneren]

Groupe logistique de ravitaillement (Ravisgrupp)[änneren | Quelltext änneren]

Groupe de support psychologique (GSP)[änneren | Quelltext änneren]

Humanitarian intervention team (HIT)[änneren | Quelltext änneren]

Groupe logistique, Lëntgen[änneren | Quelltext änneren]

Groupe d'appui technologique opérationnel (GATO)[änneren | Quelltext änneren]

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

00Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren.

Bilan[änneren | Quelltext änneren]

2019 hat de CGDIS 60.979 Asätz - an der Moyenne deemno een all 9 Minutten. Am meeschten ze dinn haten d'Asazleit den 10. Mäerz, wou duerch e Stuerm 358 Interventiounen néideg waren. Och den Tornado an der Géigend vu Péiteng, am Juli, huet dräi Véierel vun den Hëllefskräfte vum Land mobiliséiert. Déi meescht Asätz, nämlech 53.568 oder 88 Prozent, ware fir Persounen ze hëllefen. De SAMU gouf 2019 am Ganze 7.979-mol geruff[9].

Zanterdeems geet d'Zuel vun den Asätz kontinuéierlech an d'Luucht. Nodeems 2021 eréischt en neie Rekord a punkto Asätz notéiert gouf, war et 2022 alt nees eng Hausse vu 7% bei den Asätz, déi bei ronn 72.000 louchen. A 57.000 dovu gouf sech ëm direkt Hëllef fir Persoune bekëmmert. Ronn 9.000 mol war de SAMU ënnerwee.[10]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Corps grand-ducal d'incendie et de secours – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Corps grand-ducal d'incendie et de secours, J64, op lbr.lu
  2. Loi du 27 mars 2018 portant organisation de la sécurité civile. legilux.public.lu (27.03.2018). Gekuckt de(n) 16.09.2020.
  3. "Services de secours: un seul 'corps', un seul numéro." wort.lu, 01.07.2018.
  4. Règlement grand-ducal du 24 mai 2018 déterminant les communes qui composent les zones de secours. - Legilux. legilux.public.lu. Gekuckt de(n) 2021-11-16.
  5. CGDIS, Séance du conseil d'administration du CGDIS du 17 décembre 2020. 112.public.lu (17.12.2020). Gekuckt de(n) 16.11.2021.
  6. Artikel 20 aus dem Gesetz vun 2018
  7. Intern Organisatioun vum CGDIS
  8. Règlement grand-ducal du 18 septembre 2018 déterminant les grades fonctionnels, les tenues, insignes et attributs des personnels du Corps grand-ducal d'incendie et de secours. - Legilux. legilux.public.lu. Gekuckt de(n) 2021-11-16.
  9. "Über 60.000 Einsätze: CGDIS stellt Jahresbilanz für 2019 vor." wort.lu, 28.09.2020.
  10. "De CGDIS zielt fir 2022 ronn 72.000 Interventiounen." rtl.lu, 25.05.2023.