Calopteryx splendens

Vu Wikipedia
Calopteryx splendens
Calopteryx splendens

Calopteryx splendens
Calopteryx splendens
Systematik
Räich: Déiereräich
Stamm: Arthropoden
Klass: Insekten
Ënnerklass Fluchinsekten
Uerdnung: Libellen
Iwwerfamill: Calopterygoidea
Famill: Prachtlibellen (Calopterygidae)
Gattung: Calopteryx
Aart: Calopteryx splendens
Wëssenschaftlechen Numm
Calopteryx splendens
Harris, 1782
Verkoppelung

D'Calopteryx splendens ass eng Libellenaart aus der Famill vun de Calopterygidae (de: "Prachtlibellen").

Hire Liewensraum si Kanäl, Baachen a kleng Flëss, déi lues fléissen, net ze vill verknascht sinn a vill Sonn kréien. Mat der Calopteryx virgo ass et déi eenzeg Prachtlibellenaart, déi a Mëtteleuropa virkënnt.

Hire Fluchstil, zimmlech juppelech a flatterech, erënnert éischter un dee vu Päiperleken, an ass onverkennbar fir déi Famill, grad wéi och déi faarweg Flilleken, deem se hir hiren Numm verdanken (en heescht op Laténgech-Griichesch, "Blénkeg Schéiflilleken").

D'Larven entwéckele sech, ënner Waasser, an 10 bis 12 Stadien. D'Imagines vum Déier (d. h. hir vollstänneg entwéckelt Form) hunn eng Fligelspanwäit vu 6,5 bis 7 Zentimeter a gi ronn 5 Zentimeter laang, woumat se zu deene gréisste mëtteleuropäesche Klenglibellen (Zygoptera) gehéieren. Männercher a Frächen hunn däitlech Ënnerscheeder: De Männchen huet e blénkegen donkel-blogréng gefierfte Kierper a gréngelzeg, hallefduerchsichteg Flilleke mat enger breeder schwaarzbloer Sträif. Ausserdeem sinn déi dräi hënnescht Segmenter vum Abdomen wäiss ënnendrënner. D'Weibchen ass dogéint manner opfälleg; et ass metallesch gréng bis bronzefaarweg, huet keng Sträifen an de Flilleken, ma dofir e wäisse Fleck op der Flillekespëtzt.

Verbreedung zu Lëtzebuerg[änneren | Quelltext änneren]

C. splendens ass haut nach zimmlech heefeg zu Lëtzebuerg, däitlech méi am Éislek wéi am Guttland.[1] Bis an 1950er Jore war dat nach anescht: do war si eng vun den typesche Libellenaarte vun de Borde vun der Musel an der Ënnersauer.[2]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Calopteryx splendens – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Proess, R., 2006. Verbreitungsatlas der Libellen des Großherzogtums Luxemburg. Ferrantia 47, Musée national d'histoire naturelle, Luxembourg, S. 24-25
  2. Hoffmann, J., 1960. Les Odonates du Grand-Duché de Luxembourg. Archives de l'Institut grand-ducal de Luxembourg, Section des sciences naturelles, physiques et mathématiques N.S. 27, S. 220-221.