Canberra Deep Space Communication Complex
De Canberra Deep Space Communication Complex (CDSCC) ass eng Antennestatioun mat Parabolantennen an Australien. Si steet südwestlech vun der Haaptstad Canberra, am Dall vum Murrumbidgee River um Rand vum Tidbinbilla-Naturreservat. D'CDSCC-Statioun ass en Deel vum Deep Space Network. D'offiziell Ouverture war den 19. Mäerz 1965 duerch den deemolegen australesche Premierminister Robert Menzies. D'Betribsféierung hat zanter Mäerz 2003 Raytheon Australia, am Optrag vum CSIRO an der NASA.
Geschicht
[änneren | Quelltext änneren]Mëtt vun den 1960er Joren hat d'NASA am Australian Capital Territory dräi Buedemstatioune gebaut:
- D'Tidbinbilla Tracking Station (déi haiteg CDSCC) gouf 1965 opgemaach an ass déi eenzeg Buedemstatioun vun der NASA op australeschem Buedem, déi haut nach a Betrib ass. Wärend dem Apollo-Programm gouf vun do aus d'Moundlandefär iwwerwaacht.
- D'Orroral Valley Tracking Station am haitegen Namadgi-Nationalpark gouf och 1965 opgemaach. Hir Aufgab war et, Satellitten an der Äerdëmlafbunn an den Apollo-Sojus-Projet z'ënnerstëtzen. 1985 gouf d'Statioun zougemaach.
- D'Honeysuckle Creek Tracking Station (Ouverture 1967) gouf zu deem Zweck gebaut, fir d'Apollo-Missiounen z'ënnerstëtzen, haaptsächlech d'Kommunikatioun mat dem Kommandomodul vun den Apollo-Raumschëffer. Nom Apollo-Programm hat d'Statioun de Skylab-Programm, duerno d'Viking- a Voyagerraumsonden ënnerstëtzt. 1981 gouf d'Statioun zougemaach. D'Parabolantenn mat engem Duerchmiesser vu 26 Meter gouf ofgeriicht a beim CDSCC nees opgeriicht.
Empfanksstatiounen
[änneren | Quelltext änneren]A Betrib sinn am Moment véier Antennen (Stand: Oktober 2005). Bei besonnesch vill Aarbecht gräift den CDSCC op de Parkes-Observatoire an New South Wales zeréck, fir Date vun de Raumsonden z'empfänken.
- DSS-34 ass eng 1997 gebaut Parabolantenn mat engem Duerchmiesser vu 34 Meter, déi en ënnerierdesche Welleleeder gebraucht
- DSS-43 hat am Ufank (1976) en Duerchmiesser vu 64 Meter. 1987 gouf s'an Erwaardung vum Voyager 2-Laanschtfluch beim Neptun op 70 Meter vergréissert. Et ass déi gréisst steierbar Parabolantenn op der südlecher Hemisphär.
- DSS-45 ass eng Parabolantenn vun 1986 mat engem Duerchmiesser vu 34 Meter
- DSS-46 ass déi fréier Parabolantenn vun der Honeysuckle Creek Tracking Station, déi 1981 hei nees opgeriicht gouf
- DSS-49 ass d'Bezeechnung fir d'Parabolantenn vum Parkes-Observatoire
De Kollimater-Tuerm vun der Statioun steet ronn dräi Kilometer an nordwestlecher Richtung um Black Hill.
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Canberra Deep Space Communication Complex – Biller, Videoen oder Audiodateien |