Chang'e-4

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen
Chang'e 4
De Fuerschungssatellit Eyplorer 8
Typ Lander a Rover
Land Volleksrepublik China
Agentur CNSA
COSPAR-Bezeechnung 2018-103A
Missioun Äerdmound
Startmass Lander: 1.200 kg
Rover: 140 kg
Start 7. Dezember 2018
Startplaz Kosmodrom Xichang
Drorakéit Changzheng 3B/E
Status aktiv

Chang'e-4 (Cháng'é-Sìhào) ass eng Raumsond vun der China National Space Administration (CNSA), déi de 7. Dezember 2018 gestart gouf an aus engem Lander mat engem Rover besteet. Chang'e-4 ass China hiren zweete Moundlander a Rover. No der erfollegräicher Landung vun Chang'e-3 gouf Chang'e-4 un nei wëssenschaftlech Ziler ugepasst. Wéi säi Virgänger ass d'Raumgefier no der Chang’e, der chinesescher Moundgëttin, genannt.

D'Sond war den 3. Januar 2019 um 3:26 Auer MEZ erfollegräich am Moundkrater Von Kármán um Südpol-Aitken-Becken op der Moundrécksäit geland.[1]

Iwwersiicht[änneren | Quelltext änneren]

De chinesesch Moundfuerschungsprogramm gëtt an dräi Phasen duerchgefouert: Déi éischt Phas bestoung am Erreeche vum Moundorbit – geschitt duerch d'Missiounen vun Chang'e-1 am Joer 2007 an Chang'e-2 am Joer 2010. Déi zweet war d'Landung an d'Aussetzen vun engem Rover op dem Mound, wéi et duerch Chang'e-3 am Joer 2013 an elo vun Chang'e 4 am Januar 2019 erfollegt ass. Déi drëtt Phas besteet doran, Moundprouwen vun der äerdzougedréiter Säit ze sammelen an op d'Äerd ze schécken – eng Aufgab fir déi zukünfteg Missiounen Chang'e-5 an Chang'e-6. Des Programm soll an den 2030er Joeren eng bemannte Moundlandung erméiglechen a viraussiichtlech en Bausseposten an der Géigend vum Südpol opriichten.

D'Chang’e-4-Missioun gouf 2015 am Kader vun der zweeter Phas vum chinesesche Moundfuerschungsprogramm gestart. Duerch déi am Verlaf ugepassten Ziler an den Design vun der Missioun haten e bëssi zu Verspéidungen gefouert. An dëser Missioun gëtt versicht, den Alter an d'Zesummesetzung vun enger onerfuerschter Moundregioun ze bestëmmen. Ausserdeem sollen déi erfuerderlech Technologien fir déi folgend Phasen vum Programm entwéckelt ginn. Dat chinesescht Mounderfuerschungsprogramm huet fir d'éischte Kéier privat Investitiounen vun Eenzelpersounen an Entreprisen bewëllegt, fir Innovatiounen an der Loft- a Raumfaart z'aktivéieren, Produktiounskäschten erof ze setzen a militäresch-zivil Bezéiungen z'ënnerstëtzen. No Chang'e-4 gëtt China mat enger Rei weiderer roboter-baséierter Moundmissiounen nokommen. Dës sollen de Grondsteen fir méiglech bemannte Missiounen an den 2030er Joere leeën.

Ziler[änneren | Quelltext änneren]

Zu den wëssenschaftlechen Ziler gehéieren:

  • Miessung vun der Mounduewerflächentemperatur iwwer d'Dauer vun der Missioun
  • Miessung vun der chemescher Zesummesetzung vu Moundgestengs a -buedem
  • nidderfrequent radioastronomesch Observatiounen an Ënnersich
  • Studium vun der kosmescher Stralung
  • Observatioun vun der Sonnekorona, Ënnersich vun hirer Stralungseegenschaften an -mechanismen an Ënnersich vun der Entwécklung an dem Transport koronaler Massenauswërf (CME) tëscht Sonn an Äerd

Komponenten[änneren | Quelltext änneren]

Relais-Satellit Queqiao[änneren | Quelltext änneren]

Kommunikatioun mat Chang'e-4

Wmerge3.svg  Haaptartikel zu dësem Thema: Elsternbréck (Relais-Satellit) 

Well eng direkt Funkverbindung mat der Moundrécksäit net méiglech ass, gouf den 21. Mee 2018 um 05:28 Uertszäit de Relais-Satellit Elsternbréck (Queqiao) vum Kosmodrom Xichang gestart an am Halo-Orbit ëm den Äerd-Mound Lagrange-Punkt L2 hannert dem Mound stationéiert. De Numm vum Satellit leet sech aus der chinesescher Geschicht vum Kouhirt an der Weberin of.

Mikrosatellitten[änneren | Quelltext änneren]

Am Kader vun der Missioun Chang’e 4 goufen zesumme mat Queqiao zwee Mikrosatellitten (vu jee 45 kg) mam Numm Longjiang-1 an Longjiang-2 (Draachefloss) gestart. Longjiang-1 konnt awer net an de Moundorbit antrieden, während Longjiang-2 erfollegräich war an am Ament am Moundorbit opereréiert. Dës Mikrosatellitten haten d'Aufgab, den Himmel bei ganz niddrege Frequenzen (1 MHz bis 30 MHz), entspriechend Wellelängten vun 300 m bis 10 m, z'observéieren, fir energetesch Phenomeene kosmeschen Ufank z'ënnersichen. Dat war e laang gesichten Zil vun der Wëssenschaft, well wéinst der Ionosphär vun der Äerd keng Observatiounen an dësem Frequenzberäich am Äerdorbit duerchgefouert ka ginn. Geplangt war e Gruppefluch vun zwou Sonden, fir Interferometrie betreiwen ze kënnen.

Bildmosaik vun der Moundrécksäit, opgeholl vun LRO. Lénks uewen d'Mare Moscoviense, lénks ënnen den donkele Krater Tsiolkovskiy, um ënneschte Bilddrëttel déi fleckeg grouss Beckeregioun vum Mare Ingenii, Leibnitz, Apollo an Poincaré.

Lander a Rover[änneren | Quelltext änneren]

De Lander an de Rover goufen sechs Méint nom Start vum Relaissatellit den 8. Dezember 2018 um 02:23 Uertszäit mat enger Changzheng 3B/E Drorakéit – och vum Kosmodrom Xichang aus – an de Weltraum geschéckt. Et ass déi éischt Landung iwwerhaapt op der Récksäit vum Mound. Si war an enger nach net erfuerschter Regioun vum Mound geland, déi als Südpol-Aitken-Becken genannt gëtt.

Déi total Landemass vun der Eenheet war 1340 kg (1200 kg de Lander an 140 kg de Rover). No der Landung war de Lander eng Ramp ausgefuer, fir de Rover Jadehase 2[2] op d'Mounduewerfläch ze bréngen. De Rover huet eng Gréisst vun 1,5 × 1,0 × 1,0 m an eng Mass vu 140 kg.

Wëssenschaftlech Notzlaaschten[änneren | Quelltext änneren]

Souwuel Lander a Rover wéi och Queqiao an déi de Mound ëmkreesend Mikrosatellitten droen wëssenschaftlech Notzlaaschten. De Relais-Satellit stellt d'Kommunikatioun sécher, während Lander a Rover d'Geophysik vun der Landezon ënnersichen sollen. Dës Notzlaaschten ginn zum Deel vun internationalen Wëssenschaftler a Schweden, Däitschland, Holland a Saudi-Arabien geliwwert.

Lander[änneren | Quelltext änneren]

De Lander an de Rover transportéieren wëssenschaftlech Notzlaaschten, fir d'Geophysik vun der Landezon mat enger begrenzter chemescher Analysefäegkeet z'ënnersichen.

De Lander ass mat folgenden Instrumenten ausgerëscht:

  • Landekamera (LCAM)
  • Terrain-Kamera (TCAM)
  • Nidderfrequenzspektrometer (LFS) fir d'Erfuerschung vu Sonnebursts
  • Lunar Lander Neutrons and Dosimetry (LND), ee vun der Universitéit Kiel an Däischland entwéckelt Neutronendosimeter
  • De Lander huet och en 3-kg-Tank mat Soom an Insekteneeërn u Bord, fir ze testen, ob Planzen an Insekten an Synergie schlüpfen an zesumme wuesse kënnen. D'Experiment ëmfaasst Soom vu Gromperen an Arabidopsis thaliana souwéi Seideraupeneeër. Wann d'Larven schlüpfen, produzéieren si Kuelendioxid, während déi gekeimte Planzen duerch Photosynthes Sauerstoff fräisetzen. Et ass ze hoffen, datt d'Pflanzen an d'Raupen zesummen eng einfach Synergie bannenzeg vum Tank schaafe kënnen. Eng Miniaturkamera mécht de Wuesstum visuell. 1982 hat d'Crew vun der sowjetescher Raumstatioun Saljut 7 e puer Arabidopsis gezücht; et waren déi éischt Planzen, déi am Weltraum geblitt haten a Soom produzéierten. Si haten eng Liewensdauer vu 40 Deeg.

Rover[änneren | Quelltext änneren]

Wmerge3.svg  Haaptartikel zu dësem Thema: Jadehase 2 

  • Panoramakamera (PCAM)
  • Lunar Penetrating Radar (LPR) ass e Buedemradar
  • Visible and Near-Infrared Imaging Spectrometer (VNIS) fir d'Bildspektroskopie
  • Advanced Small Analyzer for Neutrals (ASAN) as en energeteschen Analysator fir neutral Atomer vum schwedeschen Institut fir Weltraumphysik (IRF). Et wäert opdecken, wéi Sonnewand mat der Mounduewerfläch interagéiert a vläicht souguer de Prozess vun der Genesis vu Moundwaasser.

Queqiao[änneren | Quelltext änneren]

Landeplaz vun Chang'e 4 am Von-Kármán-Krater (45.47084 Süd, 177.60563 Ost)

Landezon[änneren | Quelltext änneren]

Landeplaz ass den Von-Kármán-Krater (180 km Duerchmiesser) um Südpol-Aitken-Becken op der äerdofgedréiter Moundsäit. D'Landung war den 3. Januar 2019 um 02:26 UTC.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Saturn 01.svg Portal Astronomie

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Erste Landung auf Mond-Rückseite geglückt, Tagesschau.de vom 3. Januar 2019; gekuckt den 3. Januar 2019
  2. Roboter an Bord der "Chang'e 4": Chinas Mond-Rover rollt los - spiegel.de