Donatuskapell zu Réiser

Vu Wikipedia
D'Donatuskapell um Millenaire.
Lénks de Maste vun der Handysantenn.
D'Statu vum hl. Donatus an der Kapell.
Infoplack an der Kapell.

D'Donatuskapell zu Réiser steet um Lieu-dit Gaalgebierg, op der Plaz déi Millénaire genannt gëtt, an der Gemeng Réiser, net wäit vun der N3 ewech, ongeféier um hallwe Wee tëscht Alzeng a Schlammestee.

D'Kapell ass der Muttergottes geweit. Den hellegen Donatus, deen och hei veréiert gëtt an nodeem d'Kapell genannt ass, gëtt als Beschützer géint Blëtz, Knëppelsteng a Stuerm, virun allem op der Gewan, veréiert.

D'Kapell déi haut ze gesinn ass gouf 1995 gebaut.

Um Virowend vu Léiffrawëschdag (15. August) geet all Joer eng Pressessioun vu Réiser aus bei d'Kapell, wou eng Mass gehalen an de Krautwësch geseent gëtt.

D'Kapell[änneren | Quelltext änneren]

D'Kapell ass net vun der Strooss aus ze gesinn. Si steet géintiwwer vun engem Mast mat Handysantennen.[1]

D'Kapell ass am Grondrëss ëm déi 2 op 3 Meter grouss. Iwwer dem Bou vun der viischter Fassad ass e Kräiz mam Jesus fixéiert. Am ënneschten Deel vun der Gitterdier steet: Ave M (fir Ave Maria).

An der Kapell sinn ze gesinn:

  • eng zirka 1,5 Meter grouss an 2 kleng Statue vun der Muttergottes; déi 'grouss' Muttergottes steet mam Fouss op enger Schlaang déi en Apel an der Schnëss huet
  • eng Statu vum hellegen Donatus
  • eng Plack mat Informatiounen iwwer d'Kapell
  • zwee kleng barock Engele lénks a riets iwwer dem Altor.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Vum 28. Dezember 1630 bis zur Franséischer Revolutioun stoung op där Plaz de Gaalgen (dohier den Numm Gaalgebierg) ënner den Häre vu Weiler-la-Tour. Nieft dem Gaalge war eng Kapell opgeriicht ginn, zur Erënnerung un déi, déi hei higeriicht goufen.

Am September 1837, nodeem d'Kapell zerfall war, huet e Privatmann (de Jean Miller) s'op Grond vun engem Gelübd nei opriichte gelooss.

1880 gouf d'Kapell wéinst der Eisebunnslinn vum Jangeli, déi Plaz gebraucht huet, ofgerappt. Ëm 1886 huet d'Verwaltung vun de Luxemburger Sekundärbahnen eng nei Kapell baue gelooss.

1921 ass d'Kapell vun der Famill de Gargan vu Präisch komplett restauréiert ginn.

1935 ass nieft enger Tak op där d'Tréischterin am Leed duergestallt war, eng Statu vum hellegen Donatus an der Kapell opgestallt ginn.

Am Zweete Weltkrich si vill Elteren aus der Ëmgéigend, deenen hir Jongen als Enrôlés de force an d'Wehrmacht agezu gi waren, bei d'Bild vun der Tréischterin an der Donatuskapell ëm Trouscht an Hëllef biede gaangen.

Am Januar 1970 ass d'Kapell vun Onbekannten zerstéiert ginn.

1995 huet eng Famill vu Réiser déi haiteg Kapell op der Plaz opriichte gelooss.

Quellen[änneren | Quelltext änneren]

Stand Enn August 2012: den Artikel am Luxemburger Wort vum 11. August 2012 an d'Websäit vum Paarverband Réiserbann.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • (C.), 2012. Pilgere bei d'Donatuskapell. Wallfahrt op de "Gaalgebierg"" bei Réiser mat Eucharistiefeier a Seene vum Wësch. Luxemburger Wort vum 11. August 2012, S. 22.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Donatuskapell Réiser – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. Mam Auto kënnt ee bei d'Kapell wann een, op hallwer Streck tëscht Alzeng a Schlammestee, géintiwwer vum Busarrêt, riets de Feldwee zirka 100 Meter eropfiert.