Edmond Joseph Klein
Den Edmond Joseph Klein, gebuer den 12. Juli 1866 zu Wolz a gestuerwen den 29. Dezember 1942 zu Lëtzebuerg, war e lëtzebuergeschen Naturwëssenschaftler an Dramatiker. Hien ass den Auteur vun enger ganzer Rëtsch vu wëssenschaftlechen a virun allem populärwëssenschaftlechen Artikelen an de Beräicher vun der Botanik, Zoologie, Agrikultur an der Sozialhygiène.
Hie gouf och "Pappa Klein" genannt.
Säi Liewen
Den Edmond Klein huet no sengem Lycée 1885 am Kolléisch fir d'éischt Philosophie a Philologie studéiert, ier e spéider gewiesselt huet op Agrar- an Naturwëssenschaften. Mat enger Thes iwwert Die Anatomie und die Physiologie der Pflanzen huet hien 1892 säin Doktorat gemaach, ier e fir d'éischt zu Dikrech a vun 1904 zu Lëtzebuerg am Lycée Biologie enseignéiert huet. Bis 1934 huet hie Botanik an Zoologie um Cours supérieurs an der Stad Lëtzebuerg enseignéiert.
Hie war Member vun der Société d'hygiène sociale et scolaire, der Association nationale d'arboriculture et d'horticulture an der Société des amis des musées.
Den Edmond Klein war vun 1923 bis 1940 President vun der Section des sciences naturelles, physiques et mathématiques vum Institut grand-ducal. Vun 1896 bis 1906 war hie sechs Joer (all zweet Joer) President vun der Société des naturalistes luxembourgeois.
Säi Wierk
Wëssenschaftleches
- Klein, E.J., 1897. Die Flora der Heimat (sowie die hauptsächlichsten bei uns kultivierten fremden Pflanzenarten biologisch betrachtet. Eine Anleitung zur selbständigen Beobachtung der Lebens- und Anpassungserscheinungen in der Pflanzenwelt). 552 S., Buchdruckerei Justin Schroell, Diekirch.
- Klein, E.J., 1915. Die Mistel (Viscum album) und ihre Verbreitung im Grossherzogtum Luxemburg. Bull. Soc. Nat. luxemb. 25.1 (Festschrift 1915): 1-80. [1]
- Klein, E.J., 1916. Hymenophyllum tunbrigense (L.) Sm., das Juwel des Luxemburger Sandsteins. Ein Beitrag zur Pflanzengeographie des Großherzogtums. Bull. Soc. Nat. luxemb. 26 (1916): 242-245; 190-192; 204-210. [2]
- Klein, E.J., 1929. Die Verteilung der Flechten- und Moosvegetation auf dem Geländer der Neuen (Adolph-) Brücke. Bull. Soc. Nat. luxemb. 39 (1929): 126-127. [3]
An nach eng ganz Rei aner, virun allem populärwëssenschaftlech Artikelen. Eng detailléiert Bibliographie vum E.J. Klein sengen Artikelen am Bulletin vun der SNL fënnt een hei:
- Massard, J.A., 1990. Livre du Centenaire. Bull. Soc. Nat. luxemb. 91: 231-309.[4]
Linguistesches
- Klein, J., 1900. Über den Ursprung des Namens Kawéchelchen. Bull. Soc. Nat. luxemb. 10 (1900): 147.
Gielecher
- Commandeur de l'Ordre de la couronne de chêne (Promotioun 1935)[1]
Literatur
- Conter, Claude D., 2007. Klein, Edmond Joseph. S. 327-328 In: Goetzinger, Germaine & Claude D. Conter, zesumme mat Gast Mannes, Pierre Marson, Roger Muller, Nicole Sahl, Sandra Schmit a Frank Wilhelm, 2007. Luxemburger Autorenlexikon. 687 S. Publications nationales du Ministère de la culture. Centre national de littérature, Mersch. ISBN 978-2-919903-06-1.
- Lahr, E., Loutsch, E., Krombach, H., Beck, E., Heuertz, M., 1946. In Memoriam: Guillaume Rischard, Léandre Spartz, Pierre Medinger, Edmond Joseph Klein, Victor Ferrant, Hubert Müllenberger, Nicolas Welfring. Bull. Soc. Nat. luxemb. 51: 153-180.[5]
- Heuertz, Marcel: Edmond Joseph Klein; in Biographie nationale, Fascicule XXI, Dezember 1974, S. 82-91 luxemburgensia.bnl.lu
- Massard, J.A., 1990. La Société des Naturalistes Luxembourgeois du point de vue historique. Bulletin de la Société des naturalistes luxembourgeois 91: 5-214. (Edmond Joseph Klein, S. 130-133).[6]
Nom Edmond Joseph Klein genannt[2]
- en Deel vum Stadpark an der Stad Lëtzebuerg: Parc Edmond-Klein;
- eng Strooss zu Dikrech: rue Edmond-Jean-Klein[3];
- no sengem Spëtznumm Pappa[4] Klein si genannt ginn:
- eng Zort Rouse: Pappa Klein;
- e Chalet fir jonk Leit zu Wolz, haut de Chalet vun de Scouten "Chalet Papa Klein".
Referenzen
- ↑ Memorial A N° 5 vun 1935 mat der Lëscht vun de Leit déi 1935 mam ordre de la couronne de chêne ausgezeechent goufen
- ↑ Quell: Jos A. Massard, 1990. Livre du Centenaire 1890-1990. Bulletin de la Société des naturalistes luxembourgeois 91: 133.
- ↑ D'Strooss krut zu Dikrech e falschen Numm, wahrscheinlech well den Numm aus der geleefeger Ofkierzung "Edmond J. Klein" falsch rekonstituéiert gouf.
- ↑ Déi zwou Schreifweisen si schrëftlech benotzt ginn, Pappa Klein an Papa Klein.