Édouard Philippe

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Edouard Philippe)
Édouard Philippe
Gebuer 28. November 1970
Rouen
Nationalitéit Frankräich
Educatioun Institut d'études politiques de Paris,
École nationale d'administration,
École de Gaulle-Adenauer,
Lycée Janson de Sailly
Aktivitéit Politiker
Partei Parti socialiste, Union pour un mouvement populaire, Les Républicains
Famill
Bestuet mat Édith Chabre

Den Édouard Philippe, gebuer den 28. November 1970 zu Rouen, ass e franséische Politiker. Hie war vum 15. Mee 2017 bis den 3. Juli 2020 franséische Premierminister ënner dem President Emmanuel Macron.

Hien huet d'École nationale d'administration gemaach an 1997 seng Carrière beim Conseil d'État ugefaangen. No 2004 huet hien an engem Affekotecabinet geschafft a gouf Member vum Conseil régional vun der Haute-Normandie.

2010 gouf e Buergermeeschter vu Le Havre an 2012 gouf en an d'Assemblée nationale gewielt.

Politesch gesi war den Édouard Philippe ëmmer no beim Zentrum, d'éischt um rietse Bord vun der Sozialistescher Partei, dunn um lénkse méi soziale Bord vun der neo-gaullistescher Partei (UMP, duerno Les Républicains). Zanter datt e Premierminister ass, hu Les Républicains hien ausgeschloss. Hien ass nach kenger anerer Partei bäigetrueden.

Den Edouard Philippe huet, mam Gilles Boyer, zwéi Politthriller geschriwwen: L'heure de vérité an Dans l'ombre. 2017 huet en, ënner dem Titel Des hommes qui lisent, ee Buch publizéiert an deem e vu senger Famill, vu senge Studien, vu senger Aarbecht als Buergermeeschter zu Le Havre, wou e vill fir déi ëffentlech Bibliothéiken a fir d'Promotioun vun der Lieskultur gemaach huet, vu senger Léift zum Buch an zum Liesen a vu senge politeschen Usiichte schwätzt.

Hien ass bestuet an huet dräi Kanner.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Édouard Philippe – Biller, Videoen oder Audiodateien