Edward J. Steichen (Film)

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen
Edward J. Steichen
Edward J. Steichen (Poster).jpg
Film
Produktiounsland Lëtzebuerg
Belsch
Frankräich
Première 1995
Dauer 52 min
Originalsprooch Lëtzebuergesch
Franséisch
Englesch
Ekipp
Regie Claude Waringo
Dréibuch Claude Waringo
Frédéric Fichefet
Fotografie Jean-Louis Sonzogni
Musek Jeannot Sanavia
Schnëtt Frédéric Fichefet
Produzent Jani Thiltges (Samsa Film), Simple Productions (BE), Lieurac Productions (FR), Les Films de Mai (FR)
Produktiouns-
gesellschaft
Samsa Film
Schauspiller
keng (Documentaire)

Edward J. Steichen ass en Documentaire vum Claude Waringo iwwer de lëtzebuergesch-US-amerikanesche Fotograf Edward Steichen aus dem Joer 1995.

Ëm wat geet et am Film?[änneren | Quelltext änneren]

Den Edward J. Steichen ass e Fotograf. Hien ass mat sengen Elteren am Alter vun 18 Méint aus Lëtzebuerg an d'USA emigréiert, an huet seng éischt Foto mat 16 gemaach.

Um Ufer vum Michigan-Séi dreemt hie vun engem Kënschtlerliewen. Sechs Joer méi spéit begéint hien den Auguste Rodin. Spéider presentéiert hien de Pablo Picasso a sengen eegene Gallerien zu New York an erfënnt déi modern Mouden- a Krichsfotografie. Hien organiséiert eng Ausstellung, déi méi wéi 9 Millioune Visiteuren unzitt: The Family of Man. Géint dem Enn vu sengem Liewen filmt hien e Bam hannert sengem Haus wärend fënnef Joer. Virun allem awer war hien zu senger Zäit de weltwäit bekanntste Portraitfotograf.[1]

Präisser[änneren | Quelltext änneren]

De Film gouf op enger Rei Filmfestivaller gewisen, dorënner zu Bréissel, Edinburgh, Florenz, Montréal a São Paulo.[2]

Wat sot d'Press?[änneren | Quelltext änneren]

De Jean-Pierre Thilges huet an der Revue Nr. 49/95 geschriwwen:

Le cinéaste réussit (...) à nous présenter les facettes multiples du personnage, tout en se gardant de trop expliquer et d'analyser à mort un homme qui comme tout homme avait ses secrets et ses contradictions.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. De Film op film-documentaire.fr
  2. De Film op simpleproduction.be