Eugène Fischer
Eugène Fischer | |
---|---|
Gebuer |
3. August 1821 Zéisseng |
Gestuerwen |
1. Februar 1903 Lëtzebuerg |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Politiker, Veterinär, Bauer, Botaniker |
Member vun | Section des sciences médicales vum Institut grand-ducal |
Famill | |
Kanner | Jules Fischer |
De Philippe Eugène Fischer, gebuer den 3. August 1821 zu Zéisseng, gestuerwen den 1. Februar 1903 an der Stad Lëtzebuerg, war e lëtzebuergesche Veterinär, Bauer[1] a Politiker.
Den Eugène Fischer ass 1841 als Veterinär zu Lëtzebuerg zougelooss ginn. 1842 ass hie Staatsveterinär ginn: Kanton Capellen (1842-1851), Kanton Réimech (1842-1845), Kanton Esch (1843-1851), Kanton Miersch (1851-1857), Kanton Lëtzebuerg (1851-1857; 1859-1893).[2]
Vun 1856 bis 1869 war de Fischer och Veterinär vun der Stad Lëtzebuerg. Am Januar 1844 gouf hien als Veterinär un d'Akerbaukommissioun (Commission d'agriculture) attachéiert, déi hie vum Februar 1860 un presidéiert huet.
Hie war 1849 Schäffe vun der Gemeng Hollerech ginn. Hie war awer och Deputéierte vun 1848 bis 1856 a vun 1857 bis 1859. Hie war Conseiller am Stater Gemengerot vun 1869 bis 1873 a Schäffe vun 1873 bis 1890.
De Fischer war och a villen Associatiounen aktif: Grënnungsmember vun der Section des sciences vum Institut grand-ducal (1850), vum Cercle agricole et horticole (1853), vun der Société des sciences médicales (1861) a vun der Société avicole (1883), déi hie vun 1883 bis 1887 presidéiert huet, duerno war hie Vizepresident dovu vun 1888 bis 1903.
Hie war eng vun den dreiwende Kräfte bei dem Entstoe vun der Société de botanique.
Nieft e puer méi voluminéise Wierker huet den Eugène Fischer eng ganz Rei vun Artikele publizéiert.[3]
Gielchen
[änneren | Quelltext änneren]- Commandeur de l'Ordre de la couronne de chêne (Promotioun 1882)[4]
Literatur
[änneren | Quelltext änneren]- Fischer, E., 1860. Notices historiques sur la situation agricole du grand-duché de Luxembourg. 2e édition, 254 p. Luxembourg: imprimerie Buck.
- Theves, G., 1991. Le Luxembourg et ses vétérinaires. 1790-1990. Luxembourg, Arts et Livres, 310 S. (Fischer Philippe-Eugène, S. 220-221).
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ Cf. d'Titelsäit vu Fischer 1860 an der Literatur.
- ↑ Theves 1991, S. 292f.
- ↑ M. Blum: Bibliographie luxembourgeoise ou catalogue raisonné de tous les ouvrages ou travaux littéraires publiés par des Luxembourgeois ou dans le Grand-Duché actuel de Luxembourg. Première partie: Les auteurs connus. Nouvelle édition, complétée, avec introduction et index analytique, par Carlo Hury. First published 1902-1932. Reprinted 1981. Vol. 1: A-L. München 1981, S. 283-286.
- ↑ Lëscht vu Leit déi 1882 mam ordre de la couronne de chêne ausgezeechent goufen Archivéiert de(n) 05.03.2016. Gekuckt de(n) 20.12.2013.