Félix Eischen

Vu Wikipedia
Félix Eischen
Gebuer 5. Februar 1966
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Politiker
Partei CSV

De Félix Eischen, gebuer de 5. Februar 1966 an der Stad Lëtzebuerg, ass e lëtzebuergesche Politiker (CSV) a fréiere Journalist an Tëlees-Moderator.

De Felix Eischen huet vun 1987 bis 2007 bei RTL Radio an Télé Lëtzebuerg geschafft, wou hien zum Schluss ë. a. eng eegen Talkshow moderéiert huet.

2009 gouf hie fir d'CSV am Bezierk Süde an d'Chamber gewielt, a bei de Chamberwale vun 2013 an deene vun 2018[1] erëmgewielt.

Zanter November 2017 ass hie Buergermeeschter vun der Gemeng Kielen.

Hien ass haaptberufflechen Assurancenagent an ee vu sengen Hobbyen ass d'Exploitéiere vun enger klenger landwirtschaftlecher Brennerei. Am Marc Thoma sengem Film Emil (deen 2010 erauskoum) hat hien eng Nieweroll.

De Felix Eischen ass bestuet an huet zwou Duechteren.

Um Spaweck

Commons: Félix Eischen – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

  1. elections.lu.