Far Ultraviolet Spectroscopic Explorer

Vu Wikipedia
FUSE

Far Ultraviolet Spectroscopic Explorer (FUSE) ass e Weltraumteleskop fir Ultraviolettastronomie.

FUSE war e Satellitteprojet vun der NASA ënner der Leedung vun der Johns Hopkins University, an Zesummenaarbecht mat anere US-amerikaneschen Instituter an de franséischen a kanadesche Raumfaartagenturen. FUSE gouf de 24. Juni 1999 mat enger Delta-II-7320-Rakéit gestart a war bis zum 18. Oktober 2007 a Betrib[1]. FUSE war fir héichopléisend Spektroskopie am wäiten Ultraviolett bei Wellelängte vun 90 bis 119 nm gebaut. Een änlechen awer manner empfindleche Virgängerprojet war OAO-3 (Copernicus).

Zu den Ziler vu FUSE hat d'Bestëmmung vum Deuterium-Verhältnes an dem Waasserstoff a ville verschiddenartdge Beräicher vun der Mëllechstrooss gehéiert. Béid Elemente entstinn beim Urknall an engem vu kosmologesche Modelle virausgesote Verhältnes, dat sech spéider duerch kärphysikalesch Prozesser an de Stäre ännert. Außerdeem hat d'FUSE héich ioniséiert Gas am interstellare Medium vun eiser Mëllechstrooss an de Magellanesch Wolleken an dat intergalaktescht Medium ënnersicht. Weider Observatioune beschäftege sech z. B. mat Stären, aktive galaktesche Kären a mat molekularem Waasserstoff un verschidden astronomeschen Objeten.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Far Ultraviolet Spectroscopic Explorer – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Far Ultraviolet Spectroscopic Explorer bei der Johns Hopkins University