Félix Eischen
Félix Eischen | |
---|---|
Gebuer |
5. Februar 1966 Lëtzebuerg |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Politiker |
Partei | CSV |
De Félix Eischen, gebuer de 5. Februar 1966 an der Stad Lëtzebuerg, ass e lëtzebuergesche Politiker (CSV) a fréiere Journalist an Tëlees-Moderator.
De Felix Eischen huet vun 1987 bis 2007 bei RTL Radio an Télé Lëtzebuerg geschafft, wou hien zum Schluss ë. a. eng eegen Talkshow moderéiert huet.
2009 gouf hie fir d'CSV am Bezierk Süde an d'Chamber gewielt, a bei de Chamberwale vun 2013, deene vun 2018[1] an deene vun 2023[2] erëmgewielt.
Zanter November 2017 ass hie Buergermeeschter vun der Gemeng Kielen.
Hien ass haaptberufflechen Assurancenagent an ee vu sengen Hobbyen ass d'Exploitéiere vun enger klenger landwirtschaftlecher Brennerei. Am Marc Thoma sengem Film Emil (deen 2010 erauskoum) hat hien eng Nieweroll.
De Felix Eischen ass bestuet an huet zwou Duechteren.
Gielercher
[änneren | Quelltext änneren]- Officier vum Ordre de Mérite du Grand-Duché de Luxembourg (Promotioun 2014)[3].
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Félix Eischen – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- Portrait op der Websäit vun der Chamber
- Félix Eischen im Interview - Vom Radiosprecher zum Bürgermeister op wort.lu den 23. Dezember 2017
Virgänger: Laurent Zeimet |
Generalsekretär vun der CSV 2020 - 2021 |
Nofollger: Paul Galles |