Op den Inhalt sprangen

Gare Waasserbëlleg (PH)

Vu Wikipedia
Dësen Transportsartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Dësen Artikel beschäftegt sech mat der fréierer Gare vum Prënz op der Sauerstreck. Fir déi aktuell CFL-Gare vu Waasserbëlleg, kuckt wgl. Gare Waasserbëlleg.
Gare Waasserbëlleg (PH)
Déi fréier Gare, haut Märei vun der Gemeng Mäertert

Streck Ettelbréck-Waasserbëlleg
PK 49
Quaien
Gleiser
Uertschaft Waasserbëlleg
Gemeng Mäertert
Kanton Gréiwemaacher
Koordinaten 49° 42’ 48.5’’ N
      6° 29’ 55.3’’ O

D'Waasserbëlleger Gare vum Prënz, der Compagnie des chemins de fer Prince-Henri (PH), war eng Gare zu Waasserbëlleg, op der Eisebunnsstreck Ettelbréck-Waasserbëlleg (Sauerstreck), déi vun 1862 u bedriwwe gouf. Bis 1891 war se d'Terminusgare vun der Streck, ier déi bis op Gréiwemaacher verlängert gouf.

D'Gare vum PH gouf queesch vis-à-vis vun där vun der GL, der Société royale grand-ducale des chemins de fer Guillaume-Luxembourg, opgeriicht.

 Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Gare Waasserbëlleg.

D'Gebai dat haut nach besteet, läit op enger Héicht vun 142 Meter a louch um PK 49, tëscht der Gare vu Méischdref an där vu Mäertert.

Nodeems d'Streck 1963/1964 zougemaach gouf, ass d'Märei vun der Gemeng Mäertert an der fréierer Gare.

Commons: Gare Waasserbëlleg (PH) – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten

[Quelltext änneren]