Generalstänn zu Lëtzebuerg
Zu Lëtzebuerg sinn d'Generalstänn méi spéit entstane wéi an den Nopeschlänner.
Vum 14. Joerhonnert un hunn de Jang de Blannen a seng Nofollger d'Ritter an d'Vertrieder vun de Stied a vum Klerus zesummegeruff fir wichteg Akten ze garantéieren oder fir Hëllef oder Suen ze kréien. Den Numm États daucht awer eréischt ënner der Herrschaft vun de Burgunder op.
D'États du duché de Luxembourg, comté de Chiny hu bis 1795 funktionéiert, a goufen du vum franséische Revolutiounsregime ofgeschaaft.
Déi Staate waren opgedeelt an den Adel, de Klerus an den Drëtte Stand.
- Den Adel: Am Prinzip geet et duer datt een adleg ass fir Member ze sinn. Et gouf awer en ettlech Restrictiounen. Et huet ee misse beweisen datt een op d'mannst zanter 2 Generatiounen am Adelstand ass, an dat sou gutt vum Papp senger wéi vun der Mamm hirer Säit. Um Enn vum 18. Joerhonnert war dat nach eng knapps Dosen.
- De Klerus: Vum Klerus waren nëmmen déi grouss Abteie vertrueden a goufe vun hiren Äbt representéiert. Dat ware Sankt Maximäin vun Tréier, déi e grousse Besëtz zu Lëtzebuerg hat, d'Abtei Iechternach, déi vun Orval a Saint-Hubert, d'Mënsterabtei an d'Klouschter vun Houffalize.
- Den Drëtte Stand: Am Drëtte Stand ware 15 Stied verstrueden, 7 aus dem däitschen Deel an 8 aus dem wallouneschen Deel. Si sollten d'Mass vun all deenen déi net adleg waren oder net zum Klerus gehéiert hunn, vertrieden, deemno iwwer 98 % vun der Bevëlkerung. A Wierklechkeet hu s'awer nëmme just d'Bourgeoisie, déi aus de Korporatiounen ervirgaange war, vertrueden.
- Stied am wallouneschen Deel: Baaschtnech, Chiny, Durbuy, Houffalize, La Roche, Marche, Neufchâteau, Virton.
- Stied am däitschen Deel: Arel, Bitburg, Dikrech, Iechternach, Gréiwemaacher, Lëtzebuerg, Réimech.
Dozou muss een awer soen datt weeder de weltleche Klerus nach de Rescht vum Land, deemno d'Mass vun der Bevëlkerung vertruede waren. Den Adel sollt d'Bauere vertrieden an déi grouss Abteie sote se géifen de ganze Klerus vertrieden, wat awer ni de Fall war. De Mëssbrauch vum Sytem huet heiansdo Protestatioune provokéiert, mä de System selwer gouf ni a Fro gestallt. Eréischt 1789 nom Fall vum Ancien Régime, gouf ënner dem Impuls vun neien Iddien, d'Representativitéit vun de Stänn offe kontestéiert.
Literatur
[änneren | Quelltext änneren]- Sprunck A., Les derniers temps de l'Ancien Régime dans le Luxembourg wallon. In: A.J.A.L. t.83 1952 ss. 237-238.
- Trausch G., Le Luxembourg sous l'Ancien Régime, Lëtzebuerg 1977.