Gertrud-Eysoldt-Rank

Vu Wikipedia

De Gertrud-Eysoldt-Rank ((de) Gertrud-Eysoldt-Ring) ass en Theaterpräis deen all Joer zanter 1986 als Undenken un d'Gertrud Eysoldt vergi gëtt. De Präis gëtt vun der Stad Bensheim zesumme mat der Deutschen Akademie der Darstellenden Künste fir grouss schauspilleresch Leeschtunge verginn. E gëtt allkéiers am Fréijoer vum Joer no der Proklamatioun iwwerginn. De Präis dee mat 10.000 Euro dotéiert ass, geet op e Vermiechtnes vum Journalist a Theaterkritiker Wilhelm Ringelband zeréck, dee bis zu sengem Doud zu Bensheim gelieft huet an a sengem Testament e Schauspillerpräis mam Numm vun der Gertrud Eysoldt an d'Liewe geruff hat.

2018 krut den Änder Jung als éischte Lëtzebuerger de Präis; d'Präisiwwerreechung war de 16. Mäerz 2019[1].

Laureate vum Gertrud-Eysoldt-Rank[änneren | Quelltext änneren]

Joer Laureat(en) Foto Nationalitéit Begrënnung
1986 Doris Schade Däitschland fir hir Interpretatioun vun der der Hekabe an Die Troerinnen des Euripides vum Walter Jens an enger Inzenéierung vum George Tabori an de Münchner Kammerspielen.
1987 Gert Voss Gert Voss Däitschland fir seng Interpretatioun vun der Haaptroll an Richard III. vum William Shakespeare an der Inzenéierung vum Claus Peymann am Wiener Burgtheater.
1988 Edith Clever Däitschland fir hir Interpretatioun vun der Penthesilea am Stéck mam selwechten Numm vum Heinrich von Kleist, an der Inzenéierung vum Hans-Jürgen Syberberg, engem gemeinsamem Projet vun de Stied Paräis, Berlin a Frankfurt.
1989 Hans Christian Rudolph Däitschland fir seng Interpretatioun vum Platonow am Anton Tschechow sengem Stéck mam selwechten Numm, an der Inzenéierung vum Jürgen Flimm am Thalia Theater zu Hamburg.
1990 Cornelia Froboess Cornelia Froboess Däitschland fir hir Interpretatioun vun der Ellida Wangel am Henrik Ibsen sengem Stéck Die Frau vom Meer an der Inzenéirung vum Thomas Langhoff an de Münchner Kammerspiele.
1991 Ulrich Mühe Ulrich Mühe Däitschland fir seng Interpretatioun vum Clavigo am Goethe sengem Stéck mam selwechten Numm, an der Inzenéierung vum Claus Peymann am Wiener Burgtheater.
1992 Rolf Boysen Däitschland fir seng Interpretatioun vum Kinnek Lear am William Shakespeare sengem Stéck mam selwechten Numm, an enger Inzenéierung vum Dieter Dorn an de Münchner Kammerspiele.
1993 Jürgen Holtz Däitschland fir seng Interpretatioun vum Alen a Katarakt vum Rainald Goetz an enger Inzeenéierung vum Hans Hollmann am Schauspiel Frankfurt.
1994 Christa Berndl Däitschland fir hir Interpretatioun vun der Fanny an Der Stiefel und sein Socken vum Herbert Achternbusch an enger Inzenéierung vum Lore Stefanek am Deutschen Schauspielhaus zu Hamburg.
1995 Martin Wuttke Martin Wuttke Däitschland fir seng Interpretatioun vum Arturo Ui an Der aufhaltsame Aufstieg des Arturo Ui vum Bertolt Brecht an enger Inzenéierung vum Heiner Müller am Berliner Ensemble.
1996 Corinna Harfouch Corinna Harfouch Däitschland fir hir Interpretatioun vum Harras an Des Teufels General vum Carl Zuckmayer an enger Inzenéierung vum Frank Castorf op der Volksbühne Berlin.
1997 Josef Bierbichler Josef Bierbichler Däitschland fir seng Interpretatioun vum Kasimir an Kasimir und Karoline vum Ödön vum Horváth an enger Inzenéierung vum Christoph Marthaler am Deutschen Schauspielhaus zu Hamburg.
1998 Jutta Lampe Däitschland fir hir Interpretatioun vun der Agathe an der Ellen Seegast am Botho Strauß sengem Stéck Die Ähnlichen an enger Inzenéierung vum Peter Stein am Theater in der Josefstadt zu Wien.
1999 Hans-Michael Rehberg Hans-Michael Rehberg Däitschland fir seng Interpretatioun vum
  • Christian Maske am Carl Sternheim sengem Stéck 1913 ënner der Regie vum Günter Krämer op de Städtischen Bühnen zu Köln,
  • Grousspapp am Anton Hamig sengem Der verkaufte Großvater ënner der Regie vum Franz Xaver Kroetz am Volkstheater zu München an
  • Ale Generol am Marija vum Isaak Babel, ënner der Regie vum Dieter Giesing am Schauspielhaus zu Zürich.
2000 Angela Winkler Däitschland fir hir Interpretatioun vun der Rebekka West an Rosmersholm vum Henrik Ibsen, ënner der Regie vum Peter Zadek am Akademietheater des Burgtheaters Wien.
2001 Judith Engel Däitschland fir hir Interpretatioun vun den zwou Rollen d'Fra an Sue an Bash vum Neil LaBute ënner der Regie vum Peter Zadek an den Hamburger Kammerspiele.
2002 Michael Maertens Michael Maertens Däitschland fir seng Interpretatioun vun der Titelroll an Anatol vum Schnitzler am Akademie-Theater Wien, ënner der Regie vum Luc Bondy.
2003 Dörte Lyssewski Däitschland fir d'Gestaltung vun de Rolle vun der Charlotte an Wahlverwandtschaften vum Goethe a vun der Hedda Gabler am Ibsen sengem Stéck mam selwechten Numm, allebéid ënner der Regie vum Ernst Stötzner
2004 Ulrich Matthes Ulrich Matthes Däitschland fir d'Gestaltung vun der Roll vum George an Wer hat Angst vor Virginia Woolf? vum Edward Albee ënner der Regie vum Jürgen Gosch.
2005 Tobias Moretti Tobias Moretti Éisträich fir seng Interpretatioun vun der Titelroll an König Ottokars Glück und Ende vum Franz Grillparzer ënner der Regie vum Martin Kušej, zu Salzburg an zu Wien.
2006 Nina Hoss Nina Hoss Däitschland fir hir Interpretatioun vun der Titelroll vun der Medea nom Euripides, ënner der Regie vun der Barbara Frey am Deutsches Theater zu Berlin.
2007 Ernst Stötzner Däitschland fir hir Interpretatioun vum Puck an Sommernachtstraum, ënner der Regie vum Jürgen Gosch am Deutsches Theater Berlin.
2008 Klaus Maria Brandauer Klaus Maria Brandauer Éisträich fir hir Interpretatioun vum Duerfriichter Adam an Der zerbrochne Krug vum Heinrich von Kleist, ënner der Regie vum Peter Stein, am Berliner Ensemble.
2009 Barbara Nüsse Barbara Nüsse Däitschland fir hir Interpretatioun vum Kinnek Lear am William Shakespeare sengem Stéck mam selwechten Numm, an enger Inzenéierung vun der Karin Beiers am Schauspiel Köln.
2010 Kirsten Dene Kirsten Dene Däitschland
  • fir hiert Liewenswierk grad ewéi fir
  • déi exzellent Leeschtung op der Schaubühne Berlin an der Roll vun der Gunhild an John Gabriel Borkmann vum Ibsen, ënner der Regie vum Thomas Ostermeier an am Burgtheater Wien
  • an der Roll vun der Violet Weston an Eine Familie vun der Tracy Lett (Regie: Alvis Harmanis)
Alexander Khuon Däitschland fir seng Interpretatioun vun der Roll vum Schrëftsteller Trigorin an Die Möwe vum Tschechow am Deutsches Theater zu Berlin, ënner der Regie vum Jürgen Gosch.
2011 Nicholas Ofczarek Nicholas Ofczarek Éisträich fir seng Interpretatioun vum Kasimir an Kasimir und Karoline vum Horváth am Residenztheater München.
2012 Constanze Becker Däitschland fir hir Interpretatioun vun der Medea an Medea vum Euripides am Schauspiel Frankfurt.
2013 Steven Scharf Däitschland fir hir Interpretatioun vum Judas am Stéck mam selwechten Numm an de Münchner Kammerspiele.
2014 Wolfram Koch Däitschland fir hir Interpretatioune vum Estragon a vum Wladimir am Drama Warten auf Godot am Deutschen Theater Berlin.
Samuel Finzi Bulgarien, Däitschland
2015 Charly Hübner Charly Hübner Däitschland fir seng Interpretatioun vun de Rollen an Onkel Wanja an a Schuld und Sühne am Deutschen Schauspielhaus zu Hamburg.
2016 Jana Schulz Däitschland fir hir Rollen an Rose Bernd an a Verbrechen und Strafe am Schauspielhaus Bochum.
2017 Sophie Rois Éisträich fir hir Interpretatioun vun der Hex an Faust. Der Tragödie zweiter Teil op der Volksbühne Berlin.
2018 André Jung André Jung Lëtzebuerg fir seng Roll als Erzieler vum Georg Büchner sengem Lenz, am Schauspielhaus Zürich/Schiffbau[2].
2019 Sandra Hüller Sandra Hüller Däitschland fir hir Roll als Hamlet am Schauspielhaus Bochum

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. Preisverleihung 2019 op stadtkultur-bensheim.de, fir d'lescht gekuckt den 21. Dezember 2018
  2. André Jung bekommt Eysoldt-Ring 2018 op wort.lu den 21. Dezember 2018, gekuckt den 21. Dezember 2018