Gléck

Vu Wikipedia

Gléck ass en emotionalen, agreabelen an equilibréierten Zoustand vun enger Persoun, deen zäitlech ënnerschiddlech laang undauere kann an als en Zoustand vun Erfëllung vum mënschleche Wënschen a Striewe verstane gëtt. Dësen Zoustand huet verschidde Bedeitungen.

Engersäits ka Gléck de spirituellen Zoustand vun enger Persoun heeschen. Déi Form vun Gléck ka vun enger Persoun zur anerer verschidde Charakteristiken hunn. De Mënsch empfënnt déi Aart vu Gléck wann hien en spezifescht Zil erreecht oder e Problem iwwerstanen huet.

Op der aner Säit ka Gléck och Chance bedeiten. Et bezeechent dann d'Warscheinlechkeet mat där en Evenement geschitt, dat e positiven Effekt op eng Persoun oder Situatioun huet.

Sozial Aspekter[änneren | Quelltext änneren]

Et gëtt verschidde Faktoren déi d'Gléck vun de Leit beaflossen, wéi zum Beispill d'Relatioune mat de Matmënschen, déi perséinlech Fräiheet, d'Suen an de materielle Besëtz.

Tëschemënschlech Relatiounen[änneren | Quelltext änneren]

Mënschen hunn dacks d'Bedierfnes fir mat aneren z'interagéieren. Dowéinst siche sech d'Kanner scho vu Klengem u Frënn mat deene se spille kënnen. Mä mam Alter hält dat op an d'Mënsche probéieren ëmmer aner Leit ze fanne mat deene se hir Erfarungen deele kënnen. Sou siche se sech och zum Beispill dacks e Partner, mat deem se hiert Liewen deelen. D'Léift an d'Opmierksamkeet, déi ee vun anere Mënsche kritt, ass dowéinst och wichteg fir d'Gléck vun enger Persoun.

Mä d'Famill spillt dobäi och eng grouss Roll. Kanner brauchen och vu Klengem u vill Opmierksamkeet vun hiren Elteren. Se brauchen ëmmer eng Persoun bei déi se goe kënne wann et hinne schlecht geet an déi hinnen d'Gefill gëtt, net eleng ze sinn. Doduerch fillen d'Kanner sech sécher, se léiere wat et heescht ze vertrauen.

Perséinlech Fräiheet[änneren | Quelltext änneren]

Fir datt e Mënsch glécklech ass, muss e seng Wiel am Liewe selwer treffe kënnen. Eng Persoun déi hire Beruff fräi gewielt huet a berufflech dat mécht wat se gär mécht, ass dacks méi glécklech wéi eng, déi sech de Beruff net aussiche konnt. Et ass wichteg fir de Mënsch, sech selwer entfalen ze kënnen an dat an alle méigleche Beräicher, sou och am Beruff an an der Fräizäit. Mä fir erauszefannen, wat eng Persoun frou mécht, muss se ganz verschidde Saachen ausprobéiere kënnen. Dowéinst ass et wichteg, datt de Mënsch gewësse Fräiheeten huet, déi him erlaben alles auszeprobéieren, wat en interessant fënnt. E muss sech also an all Richtungen entwéckele kënnen, fir erauszefanne wat e gär huet a wien e selwer ass. Dowéinst beaflossen déi politesch Ëmstänn och d'Gléck vun de Leit. Deemno wéi e politesche Regimm an engem Land herrscht, kënnen d'Leit sech net fräi ausdrécken an och aner Fräiheete kënne staark ageschränkt sinn.

Materielle Besëtz[änneren | Quelltext änneren]

Vill Suen a materielle Besëtz ze hunn mécht net automatesch glécklech, mä an Aarmut ze liewe mécht och net glécklech. Fir e glécklecht Liewe féieren ze kënnen ass et dowéinst wichteg, sech Liewensmëttel leeschten ze kënnen an eng Plaz ze hunn, wou ee wunne kann. Déi Faktore beaflosse staark d'Wuelbefanne vun all Persoun. Fir glécklech ze sinn, brauch also all Mënsch sou vill Suen, fir sech déi Grondbedierfnisser leeschten ze kënnen. Wann ee par Conter e gewëssene Liewensstandard erreecht huet, maache Suen een net nach méi glécklech. Fir d'Gléck vun enger Persoun mécht et keen Ënnerscheed, op s'e bëllegen oder en deieren Auto an der Garage stoen huet. Zwar maache Saachen déi een nei keeft frou, mä ddeen Effekt dauert net laang. Suen erméiglechen eng gewësse Liewensqualitéit, awer vun engem bestëmmte Punkt un, wou ee sech all déi essentiell Saache leeschte kann, maache se net méi glécklech.

Moosse vu Gléck[änneren | Quelltext änneren]

Et besteet eng wäit verbreet Meenung, datt Gléck als emotionalen Zoustand, net moossbar ass. Dat ass awer falsch. Vill Chercheure beschäftege sech mat deem Theema an hunn e puer Weeër erausfonnt, wéi ee Gléck moosse kann. Den éischte Wee ass de biologesche Wee. Chercheure sichen eng Erklärung zum Gléck mat Hëllef vun den Hormonen a vun den Neurotransmitter. Wéi glécklech Mënsche sech fillen, steieren zum groussen Deel d'Hormoner, virun allem déi sougenannt Gléckshormoner. Hir Wierkung beaflosst dat psychescht a physescht Wuelbefannen. Gléckshormone si Botschafter. Si ginn am mënschleche Kierper vun Nervenerreegungen iwwer d'Synapsen bis an d'Gehier transportéiert.

En anere Faktor ass d'Behuele vun enger Persoun. Wéi dacks si laacht, lächelt an op si aner Leit hëlleft, gi berücksichteg. Da gëtt d'Famill vun der betreffender Persoun gefrot, fir hiert Gléck anzeschätzen. Zulescht gëtt d'Persoun selwer gefrot, fir hiren eegene Gléckszoustand ze moossen. D'Äntwert ass awer subjektiv an hänkt vun de rezentsten Erliefnesser of.

D'Länner am Vergläich[änneren | Quelltext änneren]

Am Joer 2012 gouf den éischte World Happiness Report verëffentlecht. Dee gëtt un, wéi glécklech déi verschidde Länner op der Welt sinn. Dobäi gi verschidde sozial an national Aspekter a Betruecht gezunn, op déi d'Länner bewäert ginn.

Am Joer 2018 waren op den éischte 4 Plazen nordeuropäesch Länner (1. Finnland, 2. Norwegen, 3. Dänemark, 4. Island).

Lëtzebuerg war 2018 op der 17. Plaz hanner Däitschland (15. Plaz) an der Belsch (16. Plaz).

Glécksbrénger[änneren | Quelltext änneren]

Wa Gléck Chance respektiv Zoufallsgléck bedeit, da gleewen eng Rei Leit dacks drun, datt et sougenannt Glécksbrénger gëtt, déi d'Warscheinlechkeet vum glécklechen Zoufall, erhéijen. Glécksbrénger sinn zum Beispill:

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]