Goddard Space Flight Center
De Goddard Space Flight Center (GSFC) vun der NASA steet zu Greenbelt am Prince George's County am amerikanesch Bundesstaat Maryland. Bis an d'Haaptstad Washington D.C. sinn et nëmme 6,5 km. Weider Ariichtunge sinn de Wallops Flight Facility am Staat Virginia.
De GSFC ass e wëssenschaftleche Fuerschungslaboratoire fir onbemannt Raumfaart a gouf nom amerikanesche Pionéier fir Rakéitenundriffstechnik Robert Goddard genannt. Et gouf den 1. Mee 1959 gegrënnt.
Am GSFC ass de World Data Center for Satellite Informations (WDC SI), dee weltwäit all Raumfluchkierper registréiert, an den National Space Science Data Center denn d'Fuerschungsresultater an aner Donneeën vun an iwwer Raumfluchkierper publizéiert.
D'Registréierung geschitt mat Hëllef vun enger Nummeréierung vun de Satellitten a Sonden, et handelt sech bei der Spacecraft ID (SCID) ëm eng 8 oder 10 Bits laang Binärzuel, déi vum Consultative Committee for Space Data Systems (CCSDS) agefouert a standardiséiert gouf.
Wëssenschaftlech Missiounen
[änneren | Quelltext änneren]- Advanced Composition Explorer (ACE)
- ASTRO-E2
- Compton Gamma Ray Observatory (CGRO)
- Cluster II
- Cosmic Background Explorer (COBE)
- Extreme Ultraviolet Explorer (EUVE)
- Comet Nucleus Tour (CONTOUR)
- Fast Auroral Snapshot Explorer (FAST)
- Gamma-ray Large Area Space Telescope (GLAST)
- High Energy Transient Explorer 2 (HETE-2)
- ISEE/ICE-Programm De Satellit ISEE 1 koum wéi ISEE 3/ICE aus den USA, d'ESA hat ISEE 2 gestallt
- Imager for Magnetopause-to-Aurora Global Exploration (IMAGE)
- IMP-8
- International Ultraviolet Explorer (IUE)
- Microwave Anisotropy Probe spacecraft (MAP)
- Polar
- Reuven Ramaty High Energy Solar Spectroscopic Imager(RHESSI)
- Solar, Anomalous and Magnetospheric Particle Explorer (SAMPEX)
- Solar and Heliospheric Observatory (SOHO)
- Submillimeter Wave Astronomy Satellite (SWAS)
- Swift
- Thermosphere, Ionosphere, Mesosphere, Energetics and Dynamics (TIMED)
- Transition Region And Coronal Explorer (TRACE)
- Wind
- Rossi X-ray Timing Explorer (RXTE)
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Goddard Space Flight Center – Biller, Videoen oder Audiodateien |