Godefroid Kurth

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen
Godefroid Kurth
Buste de Godefroid Kurth.jpg
Buste vum Godefroid Kurth zu Arel vun der Sculptrice Jenny Lorrain
Pseudonym Victor Chrétien
Gebuer 11. Mee 1847
Arel
Gestuerwen 4. Januar 1916
Asse
Nationalitéit Belsch
Educatioun Universitéit vu Léck,
Athénée royal d'Arlon
Aktivitéit Universitéitsprofesser, Historiker, Philosoph, Lycéesprofesser
Member vun Académie royale des sciences, des lettres et des beaux-arts de Belgique
Famill
Bestuet mat Eva Lavaux
Wikidata-logo-without-paddings.svg

De Godefroid Kurth, gebuer den 11. Mee 1847 zu Arel a gestuerwen de 4. Januar 1916 zu Asse (Flämesche Brabant), war e belschen Historiker a Professer op der Universitéit vu Léck.

Kandheet, Jugend a Formatioun[änneren | Quelltext änneren]

De Godefroid Kurth war de Jong vun engem fréieren däitsche Militär vu Köln, deen am jonke Provënzhaaptuert Arel Polizeikommissär gi war, a vun der Jeanne Erpelding vun Arel. De Papp ass schonn 1850 gestuerwen, an d'Kandheet vum Godefroid huet sech dunn a ganz bescheidene Verhältnesser ofgespillt. Doheem ass iwwregens Lëtzebuergesch geschwat ginn, de Godefroid huet réischt mat aacht Joer ugefaange Franséisch ze léieren.

De Godefroid war en exzellente Schüler, soudatt e scho mat eelef an den Athénée royal d'Arlon konnt weiderstudéieren. Och do ass en nëmme positiv opgefall: 1865 war hien, no engem Concours général tëscht allen Athénéeë vun der Belsch, punkteméisseg den allerbeschte Schüler vum Land an e krut säi Präis zu Bréissel vum Kinnek selwer iwwerreecht.

No sengem Secondaire huet de Godefroid Kurth sech zu Léck an d' École normale des Humanités, déi un der Universitéit vu Léck ugegliddert war, op Lettres ageschriwwen. Hie war souwuel u Literatur - besonnesch Poesie - wéi u Geschicht intresséiert. D'Geschicht sollt um Enn iwwerweien. No sengem Héichschoulstudium ass de Godefroid Kurth Professer um Athénée royal de Liège ginn.

Akadeemesch Carrière[änneren | Quelltext änneren]

De 7. Juni 1872, no der brillanter Verdeedegung vu sengen zwou Theesen (eng iwwer de Cato den Eeleren an eng iwwer d'Politik vun den Herzoge vu Burgund aus dem Haus Valois), krut en den Titel Docteur spécial en sciences historiques vun der Universitéit vu Léck unerkannt. Bei der nächster Rentrée gouf e Professer op där Uni an hien huet do de Léierstull vum Adolphe Borgnet fir d'Geschicht vum Mëttelalter a vun der belscher Geschicht[1] iwwerholl.

Deemols war d'Geschicht a ville Länner, anescht wéi haut, nach keng ganz autonom Disziplin, déi mat wëssenschaftleche Methoden a mat Réckgrëff op ënnerschiddlech Hëllefswëssenschafte geschafft huet. Grad do huet de Godefroid Kurth, dee wéinst sengen däitsche Wuerzelen an no e puer Studiereesen eng grouss Bewonnerung fir Däitschland entwéckelt hat, besonnesch fir déi däitsch Kultur a fir déi méi fortschrëttlech Approchen, déi ee schonn op den däitschen Universitéiten erkannt huet, ugefaange Pionéieraarbecht ze leeschten. Hien huet op der Lécker Uni net nëmme Fächer wéi Epigraphik oder Archeologie ageféiert, mä och ee Fuerschungsseminar fir Geschicht gegrënnt, deen no an no vun den anere belschen Universitéiten nogemaach gouf: Bréissel (ULB), Gand a schliesslech och Léiwen, an där Reiefolleg. Nieft sengen Aktivitéiten als Professer war de Godefroid Kurth awer och fläisseg als Historiker aktiv. Och do huet e Pionnéieraarbecht geleescht, besonnesch am Beräich Fréimëttelalter (Zäit vun de Merowenger).

Politesch a kulturell Engagementer[änneren | Quelltext änneren]

De Godefroid Kurth, deen déif kathoulesch war an 1874 d'Eva Lavaux, d'Duechter vum Eugène Lavaux, Proprietär vum Moulin de la Paix zu Saint-Léger, bestuet hat, huet kee Geheimnis aus sengen Iwwerzeegunge gemaach. 1879, wéi de Schoulkrich an der Belsch voll amgaang war, wier e bal vu sengen akadeemesche Responsabilitéiten entbonne ginn, well e sech kloer géint déi deemoleg liberal Regierung positionéiert hat, där hien ënnerstallt huet, d'Schoulwiesen an der Belsch wëllen ze dechristianiséieren; a wéineg méi spéit, wéi d'sozial Fro sech am Kontext vun der Industrialiséierung ëmmer méi akut gestallt huet, huet de Godefroid Kurth sech ëffentlech zur chrëschtlecher Demokratie bekannt, wat him déi Kéier d'Feindschaft vum konservative Bord vum kathoulesche Lager agebrockt huet. Dat huet de Godefroid Kurth, deen z. B. zu Charleroi virun Dausende vu chrëschtlechen Industrieaarbechter geschwat huet, net dovun ofgehalen, weider politesch aktiv ze sinn an eng bekannt Perséinlechkeet ze ginn.

De Godefroid Kurth, deen engersäits germanophil war, anerersäits ni vergiess huet, datt en aus dem Areler Land war an, duerch seng Fuerschungsaarbecht iwwer d'Entstéiung vun der germanesch-romanescher Sproochegrenz, beschtens am Bild iwwer d'Realitéiten am Oste vum Land war, huet 1893 mat Gläichgesënnten ee Verein für Hege und Pflege der deutschen Mundart (kuerz Deutscher Verein) an d'Liewe geruff. Domat wollt hien d'Minoritéiten, déi am Areler Land[2], rondrëm Boch(h)olz (Beho) a rondrëm Welkenraedt (op Däitsch: Welkenrath)[3] däitschsproocheg (am wäitste Sënn vum Wuert) sinn, a Schutz huelen an hir Kultur promovéieren.

Pensioun a Liewensowend[änneren | Quelltext änneren]

1906 ass de Godefroid Kurth, deen als Historiker international bekannt war, als Professeur émérite an d'Pensioun gaangen. Hien huet sech zu Asse, no bei Bréissel, niddergelooss, krut awer geschwënn eng Ernennung vun der Regierung als Direkter vum Institut historique belge de Rome, soudatt en nach e puer Joer an der Éiweger Stad verbruecht huet. Dës Éier war net déi éischt, déi hie krut. Hie war nämlech scho Member vun der Académie royale de Belgique, Member vun der Commission royale d'Histoire an Doctor honoris causa vun der Kathoulescher Universitéit vu Léiwen.

Als grousse Frënn vun der däitscher Kultur ass himm d'Häerz gebrach, wéi déi däitsch Arméi d'Belsch 1914 iwwerfall a bal ganz besat huet, iwwregens net ouni eng Rei vu Krichsverbriechen auszeüben. Hien huet eng Zort Protestschrëft doriwwer verfaasst, déi allerdéngs réischt posthum publizéiert gouf, an ass als gebrachene Mann de 4. Januar 1916 zu Asse gestuerwen. De 25. September 1921 goufe seng stierflech Iwwerreschter am Kader vun enger imposanter Zeremonie, déi vu sengem Frënn dem Kardinol Désiré-Joseph Mercier presidéiert gouf, um Kierfecht vu Fruessem nieft Arel feierlech beigesat.

Fir un hien z'erënnere gouf zu Arel d'Mierscherstrooss an där hie mat sengen Eltere gewunnt huet, op Rue Godefroid Kurth ëmgedeeft an eng Strooss zu Saint-Léger gouf no him genannt. Zu Léck gouf 1932 de Quai de l'Abattoir op Quai Godefroid Kurth ëmbenannt an déi Bréisseler Gemeng Evere huet och eng Strooss no him genannt.

Publikatiounen[änneren | Quelltext änneren]

  • mat der Amélie Picard, Anthologie belge; Bréissel, 1875.
  • La Loi de Beaumont en Belgique; 1881.
  • Histoire poétique des Mérovingiens; Paräis, 1893.
  • Clovis; Tours, 1896 (ëmmer nees opgeluecht).
  • Les origines de la civilisation moderne; 2 Bänn; 1896.
  • Das deutsche Belgien und der Deutsche Verein; Arel & Aubel, 1896.
  • La frontière linguistique en Belgique et dans le nord de la France; 2 Bänn; Bréissel, 1896 & 1898.
  • Sainte Clotilde [ = d'Fra vum Clovis / Chlodwig ]; 1900.
  • L'Église aux tournants de l'histoire; 1900.
  • Saint Boniface [ = Schüler a Frënn vum hl. Willibrord ]; 1902.
  • Chartes de l'abbaye de Saint-Hubert; Bréissel (Commission royale d'Histoire, Publications in-4°), 1903.
  • Notger de Liège; 1905.
  • La cité de Liège au Moyen Âge; 3 Bänn; Bréissel, 1910.
  • Le guet-apens prussien en Belgique; Paräis & Bréissel, 1919 (posthum).
  • Études franques; 2 Bänn; Bréissel,1919.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Fernand Neuray, Godefroid Kurth, un demi-siècle de vie belge; Bréissel, 1931.
  • H. Leclercq, biographesch Notiz Godefroid Kurth, in: Dictionnaire d'archéologie chrétienne et de liturgie, Bd. VIII, 1928; vgl. d'Kolonnen 869-908!
  • Henri Pirenne, Godefroid Kurth, in: Annuaire de l'Académie royale de Belgique, Bd. XC (1924); Bréissel, 1925; Ss. 193-362.

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Cent Wallons du Siécle, Institut Jules Destrée, Charleroi 1995
  2. Jean-Marie Triffaux, Combats pour la langue dans le Pays d'Arlon aux XIXe et XXe siècles - Une minorité oubliée?; Arel (La Vie arlonaise & Institut archéologique du Luxembourg [belge]), 2002. - Kuckt och: (Kollektiv), Eis Sprooch iwert all Grenzen; Diddebuerg & Heeschtert (Areler Land a Sprooch), 1979 (mat Kaarten a bibiograpesche Referenzen)
  3. P. H. Nelde, Volkssprache und Kultursprache. Die gegenwärtige Lage des sprachlichen Übergangsgebietes im deutsch-belgisch-luxemburgischen Grenzraum; Wiesbaden (Franz Steiner Verlag), 1979