Humanitär Hëllef

Vu Wikipedia
Eng UNICEF-Mataarbechterin verdeelt Liewensmëttel an enger Noutsituatioun zu Goma am Kongo

Humanitär Hëllef ass eng materiell a logistesch Assistenz fir Leit, déi se brauchen. Si ass generell vu relativ kuerzer Dauer, bis déi lokal Regierung oder aner Institutioune kapabel sinn, fir méi längerfristeg Assistenz ze organiséieren.

D'Leit, déi humanitär Hëllef an Usproch huelen, sinn dacks Affer vun enger Naturkatastroph, Krich, oder enger Hongersnout. D'Haaptzil vun der humanitärer Hëllef ass et, Mënscheliewen ze retten, d'Leiden ze reduzéieren, an d'Würd vum Mënsch oprecht ze halen. Domat ënnerscheet se sech vun der Entwécklungszesummenaarbecht, déi probéiert, déi ënnerschwelleg sozioekonomesch Facteuren ze adresséieren, déi zur Kris oder zur Urgence gefouert hunn.

Humanitär Hëllef ka souwuel vu lokalen, wéi och vun internationalen Acteure kommen. Bei de Vereenten Natiounen ass de Büro fir d'Koordinatioun vun der humanitärer Hëllef, oder Office for the Coordination of Humanitarian Affairs (OCHA), fir d'Koordinatioun vun der humanitärer Hëllef an enger Noutsituatioun verantwortlech. Déi aner UN-Agencen, déi fir d'Liwwere vun humanitärer Hëllef verantwortlech sinn, sinn den UNDP, UNHCR, UNICEF an de Welternierungsprogramm. De Pendant vun OCHA an der EU ass dat Europäescht Amt fir humanitär Hëllef (ECHO).

An der westlecher Welt ginn et vill Netregierungsorganisatiounen (ONGen), déi humanitär Hëllef an aneren, méi aarme Länner liwweren. Zu Lëtzebuerg sinn dat zum Beispill d'Rout Kräiz an d'Caritas. Weltwäit bekannt humanitär ONGe sinn och Médecins sans frontières, Save the Children an Oxfam. Donieft ginn et awer och an de Länner, déi humanitär Hëllef néideg hunn, vill lokal Organisatiounen, déi lokal Communautéiten mat humanitärer Hëllef versuergen.

Seriö Humanitär Acteuren hale sech u selwer entwéckelt Minimumstandarter, wéi d'Sphere-Standarder an d'Core Humanitarian Standards.[1]

An hirem Bericht Global Humanitarian Overview, deen all Joer verëffentlecht gëtt, schätzt OCHA, datt 235 Millioune Mënschen humanitär Hëllef néideg hunn, oder 1 vun 33 Persoune weltwäit.[2]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Humanitär Hëllef – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Humanitarian Innovation Fund: Humanitarian principles and standards (gekuckt den 30. August 2021)
  2. reliefweb.int: Global Humanitarian Overview 2021 (1. Dezember 2021)