Jean Linden (Dechen)

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Disambig.svg Dësen Artikel beschäftegt sech mat Geeschtlechen an Auteur Jean Linden. Fir aner leit mat demselwechten Numm, kuckt w.e.g. Jean Linden.

De Jean (Johann) Linden, gebuer den 30. Juli[1] 1804 zu Éinen a gestuerwen den 13. August 1872 zu Ëlwen, war e lëtzebuergesche Geeschtlechen an Auteur.

Schoulmeeschter zu Éinen[änneren | Quelltext änneren]

De Jean Linden, deen d'Musterschoul (école-modèle) fir Schoulmeeschteren an der Stad Lëtzebuerg gemaach hat, huet als Schoulmeeschter zu Éinen ugefaangen, ier hie sech no e puer Joer decidéiert huet, Geeschtlechen ze ginn. Hien huet seng Secondairesstudien am Atheneum komplettéiert an ass op Namur Philosophie an Theologie studéiere gaangen. Den 19. Dezember 1835 ass hien zum Priister geweit ginn.[2]

Kaploun zu Iechternach a Paschtouer zu Bierg[änneren | Quelltext änneren]

De 26. Dezember 1835[3] krut de Linden eng Ernennung als Kaploun zu Iechternach, wou hie vum 1. Januar 1836[4] un dem alen Deche Mathias Coner zur Säit stoung. Donieft war hie vum 5. Januar 1838 u Paschtouer vun der Iechternacher Marienpor, enger Succursale vun der Iechternacher Haaptpor Péitrus a Paulus, mat der Muttergotteskapell als Parkierch.[5]

Vum Schouljoer 1835/36 u huet de Linden och als Professer Coursen an der Iechternacher Mëttelschoul bzw. dem Progymnase ginn, bis den 19. Abrëll 1842, wou hie seng "démission honorable" krut.

Nom Doud vum Deche Coner, de 6. Februar 1842, huet de Linden nämlech déi Iechternacher Par eleng gefouert bis datt deen neien Dechen, de Pierre (Peter) Thomas, säin Amt ugetrueden huet, an hien als Paschtouer op Bierg am Kanton Miersch koum. Seng Nominatioun hat hien den 21. Mee 1842 kritt.[6] Hien huet sech do mat historescher an archeologescher Fuerschung beschäftegt, gouf als “membre correspondant” an d'historesch Sektioun vum Institut grand-ducal opgeholl, an huet 1849 e gréisseren Artikel iwwer d'Schlass an d'Herrschaft Bierg publizéiert. Hie war och e puer Joer laang Schoulinspekter vum Kanton Miersch.

Dechen zu Wolz[änneren | Quelltext änneren]

Den 9. Juni 1850[7] gouf de Linden als Dechen op Wolz (Par Nidderwolz) genannt, wou hien den 21. Juni feierlech installéiert gouf[8] 22 Joer laang, bis zu sengem Doud, huet hien zu Wolz als Deche gewierkt. Hie war donieft Schoulinspekter vum Kanton Wolz an huet sech och weider mat historescher Fuerschung ofginn. Zwanzeg Joer laang huet hien un enger “Geschichte der Dynasten des Schlosses Fels” geschafft, déi awer net fäerdeg gouf.

Den Deche Jean Linden war de Monni vum Schoulmeeschter Jean Linden.

Publikatiounen[änneren | Quelltext änneren]

  • Gebet- und Gesangbüchlein für die katholische Jugend von Echternach, zusammengetragen aus verschiedenen approbierten katholischen Andachtsbüchern. Luxemburg, Schmit-Brück, 1841. - 104, 3 S.
  • Ueber Lehrpläne und Stundenverzeichnisse. Luxemburger Schulbote, Jg. 2, 1845, S. 82-95.
  • Versuch einer Geschichte der Herrschaft Berg, Kanton Mersch, Grossherzogthum Luxemburg. Publications de la Société pour la recherche et la conservation des monuments historiques dans le Grand-Duché de Luxembourg, IV, 1849, S. 110-191.
  • Katholisches Gebet- und Gesangbüchlein für die Pfarrkirche von Echternach : zusammengetragen aus verschiedenen approbirten katholischen Andachts-Büchern. Luxemburg, Schmit-Brück, ca. 1850. - 87 S.
  • Katholisches Gebet- und Gesangbüchlein für die Jugend der Pfarrei Wiltz. Luxemburg, J. Lamort, 1852. - 155, IV S

Am “Luxemburger Wort” huet de Linden e puer Artikelen publizéiert, déi beim Blum (1981) opgelëscht sinn.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Blum, M., 1981. Bibliographie luxembourgeoise ou catalogue raisonné de tous les ouvrages ou travaux littéraires publiés par des Luxembourgeois ou dans le Grand-Duché actuel de Luxembourg. Première partie: Les auteurs connus. Nouvelle édition, complétée, avec introduction et index analytique, par Carlo Hury. First published 1902-1932. Reprinted 1981. München, Kraus International Publications, vol. 1: A-L, XXXIII-756 S. (Linden Jean: S. 746).
  • Blum, M., J. Zieser & A. Koenig, 1930: Series pastorum, oder: Reihenfolge der Seelsorger der einzelnen Pfarreien des heutigen Grossherzogtums Luxemburg. Luxemburg, Deel 1: 1-180, Deel 2: 1-77 p. (Veröffentl. in den Jahrgängen 1922-1929 der Zeitschrift "Ons Hémecht").
  • Linden, E., 1987. Johann Linden aus Ehnen. In: Fanfare Ehnen : 75e anniversaire, 1912-1987 : inauguration du nouveau drapeau. Ehnen, S. 69-73.
  • Thill, J., 1897. Le Collège d'Echternach comme établissement de l'Etat depuis sa création jusqu'en 1897. Programme du Progymnase d'Echternach 1896-1897, S. 1-68.
  • Weicherding, J., 1872a. Johann Linden. Dechant von Wiltz, gestorben den 13. August 1872. Luxemburger Wort 1872, Nr. 198 (23. August), S. 1-2 [2]; Nr. 201 (27. August), S. 1 [3]; Nr. 202 (28. August), S. 1-2 [4]; Nr. 204 (30. August), S. 1-2 [5]; Nr. 205 (31. August), S. 1-2 [6]; Nr. 206 (2. September), S. 1-2 [7]; Nr. 208 (5. September), S. 1-2 [8]; Nr. 210 (7. September), S. 2 [9]; Nr. 211 (9. September), S. 1 [10]; Nr. 213 (11. September), S. 1-2. [11]
  • Weicherding, J., 1872b. Johann Linden, Dechant von Wiltz, gestorben den 13. August 1872 : Beitrag zu einer Lebensskizze. Luxemburg, P. Brück, 44 S.

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Weicherding 1872a, Nr. 198; Thill 1897, S. 65. — De Martin Blum gëtt als Gebuertsdatum den 12. Thermidor An XII un, wat hien iertemlecherweis als den 31. Juli 1804 amplaz den 30. Juli ëmgerechent huet.
  2. Weicherding 1872a, Nr. 198.
  3. Thill 1897.
  4. Weicherding 1872a, Nr. 201.
  5. Blum et al. 1930, Deel 1, S. 70-71; beim Weicherding 1872a, Nr. 202, steet : 1.1.1838.
  6. Blum et al. 1930, Deel 1, S. 26.
  7. Blum et al. 1930, Deel 1, S. 26; Deel 2, S. 4.
  8. Luxemburger Wort 1850, Nr. 77 (30. Juni), S. 2 (Niederwiltz, 28. Juni) [1].