Jean Krier (Archeolog)

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Jean Lucien Krier)
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen
Disambig.svg Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem Archeolog Jean Krier. Fir aner Leit mat deem Numm, kuckt w.e.g. Jean Krier.
Jean Krier
Gebuertsnumm Jean Lucien Krier
Gebuer 27. Dezember 1951
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Archeolog, Historiker, Leefer
Wikidata-logo-without-paddings.svg

De Jean (Lucien) Krier, gebuer de 27. Dezember 1951, ass e lëtzebuergeschen Archeolog, Historiker a fréiere Leefer.

Liewen[änneren | Quelltext änneren]

De Jean Krier ass an engem Wënzerbetrib zu Bech-Maacher op der Musel opgewuess an huet säi Secondaire an der Internatsschoul vun den Häerz-Jesu-Pateren zu Clairefontaine gemaach a säi lëtzebuergesche Premièresexamen am Stater Kolléisch geschriwwen (A gréco-latine; 1971). Duerno huet hien op der Universitéit Tréier Al Geschicht (Altertum), Germanistik an Archeologie studéiert. Vu September 1977 bis Juni 1979 huet hien als wëssenschaftlech Hëllefskraaft bei der Kommission für Alte Geschichte und Epigraphik vum Däitschen Archeologeschen Institut zu München geschafft an hat wëssenschaftlech Openthalter zu Lyon an zu Roum. Am Dezember 1978 huet hien zu Tréier mat enger Dissertatioun iwwer Die Treverer ausserhalb ihrer Civitas - Mobilität und Aufstieg promovéiert (Dr. phil.).

Am Juli 1979 koum de Jean Krier als "Chef de Service", spéider "Conservateur", fir d'Archeologie an den deemolege Staatsmusée (haut MNHA) um Fëschmaart. Hien huet eng ganz Rei vu Gruewungen uechter d'Land geleet, respektiv iwwerwaacht, vill un der archeologescher Kaart vum Grand-Duché geschafft an iwwer 230 Gruewungsberichter a soss historesch-archeologesch Artikelen zu Lëtzebuerg an an anere Länner publizéiert. Zwéin Héichpunkten a senger Carrière waren d'Entdeckung vum gallo-réimeschen Theater vun Duelem (1985) an déi vum Mosaik vu Viichten (1995). Vun 1999 bis 2002 war hie responsabel fir de Konzept an d'Ariichtung vun der gallo-réimescher Sektioun am neie Gebai vum MNHA um Fëschmaart. Den 1. September 2014 ass de Jean Krier a Pensioun gaangen a krut den Titel "Conservateur honoraire".

De Jean Krier ass zanter 1985 effektive Member vun der Section historique vum Institut grand-ducal an zanter 1995 Korrespondierendes Mitglied vum Däitschen Archeologeschen Institut. Ausserdeem ass e Member (op Liewenszäit) vun der Association internationale d'épigraphie grecque et latine (AIEGL).

Den 1. Mäerz 2015 gouf de Jean Krier mat der „Gëllener Amphor“ vun de Georges Kayser Altertumsfuerscher vun Nouspelt ausgezeechent.

Seng wichtegst Interessegebidder sinn d'Archeologie an d'Geschicht souwuel vun der gallo-réimescher wéi vun der merowengescher Period (ë. a. zu Iechternach), d'laténgesch Epigraphik an d'Wierk vum Alexandre Wiltheim.

De Jean Krier ass mat der Historikerin Véronique Stoll bestuet a Papp vun dräi Kanner.

Sport[änneren | Quelltext änneren]

A senge jonke Joren hat hie sech och een Numm am Lafsport gemaach, sou war hien 1973 Landesmeeschter am 3000 m-Hënnerneslaf an 1979 am Marathon, an ass haut (2019) mat 2h28'34" (Frankfurt 1984)[1] nach ëmmer den zéngt beschte Lëtzebuerger Marathonleefer vun allen Zäiten. Am Wanter 1978/79 gouf hie Münchener Universitéitsmeeschter am Cross-Lafen.

Publikatiounen (Auswiel)[änneren | Quelltext änneren]

  • Die Treverer ausserhalb ihrer Civitas - Mobilität und Aufstieg ; Dissertatioun (Ph.D.), erauskomm als Beiheft 5 vun der Trierer Zeitschrift für Geschichte und Kunst des Trierer Landes und seiner Nachbargebiete, erausgi vum Rheinesche Landesmuseum zu Tréier; 1981; 206 Säiten. ISBN 3-923319-00-2
  • Zwei weitere Treverer aus dem Nehalennia-Heiligtum bei Colijnsplaat (Niederlande) ; in: Trierer Zeitschrift 48, 1985, 115-119.
  • Zu den Anfängen der römischen Besiedlung auf "Pëtzel" bei Dalheim ; in: Publications de la Section historique (PSH) 94, 1980, 139-194.
  • (mam Robert Wagner) Das römische Theater in Dalheim (Vorbericht) ; in: Hémecht 37, 1985, 587-614.
  • Ein römisches Bergheiligtum auf dem "Buerggruef" bei Grewenmacher ; in: 175 Joar Harmonie municipale Grevenmacher 1834-2009, Festschrëft, Lëtzebuerg (Drock: Sankt-Paulus), 2010, 113-134.
  • Das Moseltal bei Wintringen in vor- und frühgeschichtlicher Zeit ; in: 100 Joer Wëntrénger Pompjeen 1886-1986 - 11. Mä 1986 Kantonaldag ; Lëtzebuerg (Drock: print-service), 1986, 59-68 (ill.).
  • (mam Robert Wagner) Zur Frühgeschichte des Willibrordusklosters in Echternach ; in: Hémecht 37, 1985, 15-51.
  • Echternach und das Kloster des heiligen Willibrord ; in: Die Franken, Wegbereiter Europas. Vor 1500 Jahren: König Chlodwig und seine Erben ; Mainz, 1996; Bd. 1, 466-478.
  • (mam Raymond Weiller, a mat Bäiträg vum Hubert Collin a vum Gérard Thill) Le manuscrit Wiltheim de Baslieux - Un document archéologique et historique du XVIIe siècle ; Lëtzebuerg, 'Publications nationales du Ministère des Affaires culturelles', 1984; 141 Säiten.
  • (mam Edmond Thill a mam Raymond Weiller) Alexandre Wiltheim (1604-1684) - Sa vie, son oeuvre, son siècle - Bilan d'une exposition ; Lëtzebuerg, Staatsmusée, 1984; 84 Säiten + een ugehaangene Stammbam vun der Famill Wiltheim.
  • Die letzten Lebensjahre Alexander Wiltheims und die Niederschrift der 'Luciliburgensia Romana' ; in: Le Luxembourg en Lotharingie / Luxemburg im Lotharingischen Raum ( = 'Mélanges Paul Margue / Festschrift Paul Margue'); Lëtzebueg, Sankt-Paulus Verlag, 1993, 339-344.
  • (mam François Reinert) Das Reitergrab von Hellingen - Die Treverer und das römische Militär in der frühen Kaiserzeit ; mat engem Bäitrag vum Rainer Fischer; Lëtzebuerg, MNHA, 1993; 103 Säiten. ISBN 2-87978-000-4 - Vgl. dozou e Compte Rendu an der Zäitschrëft L'antiquité classique, 1995, Bd. 64, Nr. 64, Ss. 570-571.
  • Der römische Vicus in Dalheim ; Lëtzebuerg, MNHA, 2010; 45 Säiten (ill.); ISBN 978-2-87985-125-9 (<= däitschsproocheg Ausgab); et gëtt och eng franséischsproocheg Versioun => ISBN 978-2-87985-137-2, mam Titel: Le vicus romain de Dalheim.
  • Deae Fortunae ob salutem imperi: Nouvelles inscriptions de Dalheim (Luxembourg) et la vie religieuse d'un vicus du nord-est de la Gaule à la veille de la tourmente du IIIe siècle, in: Gallia 68.2, 2011, 313-340.
  • Livia Augusta in Trier - Die Wiederentdeckung eines kolossalen Marmorkopfs der Gattin von Kaiser Augustus, in: Funde und Ausgrabungen im Bezirk Trier 46, 2014, 24-36.
  • Eine römische Inschrift aus Mertert und der Vicus Suromagus, in: Archaeologia Luxemburgensis 3, 2016, 76-95.
  • I.O.M. Turmasgades. Eine (fast) vergessene römische Weiheinschrift aus Trier, in: Funde und Ausgrabungen im Bezirk Trier 48, 2016, 15-29.
  • Grab 36 aus Lamadelaine und die altitalische Familie der Lutatii Catuli, in: Archaeologia Luxemburgensis 4, 2017-2018, 94-116.
  • Alexander Wiltheim (1604-1684). Ein Luxemburger Jesuit als Wegbereiter der wissenschaftlichen Archäologie im Raum zwischen Maas und Rhein, in: D. Boschung, A. Schäfer (Hrsg.), Monumenta illustrata. Raumwissen und antiquarische Gelehrsamkeit, Akten des internationalen Kolloquiums in Köln, 27.-29. Oktober 2016, Morphomata Bd. 41, Paderborn 2019, 197-228.

Notten[Quelltext änneren]