Jimmy Carter
Jimmy Carter | |
---|---|
Funktioun | |
39. President vun den USA | |
20. Januar 1977 - 20. Januar 1981 | |
Virgänger | Gerald Ford |
Nofollger | Ronald Reagan |
Partei | Democratic Party |
Biographie | |
Gebuertsnumm | James Earl Carter Jr. |
Gebuer | 1. Oktober 1924 |
Educatioun |
United States Naval Academy, Union College |
Bestuet mat | Rosalynn Carter |
Mamm | Lillian Gordy Carter |
Geschwëster | Gloria Carter Spann, Ruth Carter Stapleton |
Den James Earl "Jimmy" Carter, Jr., gebuer den 1. Oktober 1924 zu Plains, an Georgia, ass en US-amerikanesche Politiker (Democratic Party) an Auteur. Hie war tëscht 1977 an 1981 den 39. President vun de Vereenegte Staaten. 2002 krut hien de Friddensnobelpräis fir seng Aarbecht mam Carter Center.
De Carter ass um Land, an Georgia, opgewuess a war e Kakuette-Bauer. Hie war vun 1963 bis 1967 Senator vun Georgia, a vun 1971 bis 1975 Gouverneur vun deem Staat. 1976 huet hien d'Presidentewale géint den deemolege President, de Republikaner Gerald Ford, gewonnen.
Den zweeten Dag am Amt huet hien d'Refractairen aus dem Vietnamkrich begnodegt. Aussepolitesch huet hien d'Camp David Accorden, d'Verträg iwwer de Panamakanal, déi de Kanal u Panama zeréckginn hunn, an den zweeten Tour vun de SALT II-Verhandlungen iwwer Ofrëschtung vu strategesche Waffen ausgehandelt.
D'Enn vu senger Amtszäit war 1979–1981 markéiert vun der Iranescher Geiselkris, dem Accident an der Atomzentral vu Three Mile Island, an der sowjetescher Invasioun vun Afghanistan, déi de Kale Krich eskaléiere gedoen an ë. a. zum Boykott vun den Olympesche Spiller 1980 zu Moskau gefouert huet.
Innepolitesch war war hie virun allem an der Energie-, Bildungs- an Ëmweltpolitik engagéiert, huet et allerdéngs net gepackt, d'USA aus hirer Wirtschafts- a Gesellschaftskris erauszeféieren, firwat en no engem Mandat 1981 vum Republikaner Ronald Reagan ofgeléist gouf. Dem Carter säi Vizepresident war de Walter Mondale.
1982 huet de Jimmy Carter de Carter Center opgebaut, fir d'Mënscherechter virunzebréngen, a sech an de Joren dono an humanitären Aktiounen engagéiert.
Publikatiounen
[änneren | Quelltext änneren]- Why Not the Best? (1975 an 1996)
- A Government as Good as Its People (1977 an 1996)
- Keeping Faith: Memoirs of a President (1982 an 1995)
- Negotiation: The Alternative to Hostility (1984)
- The Blood of Abraham (1985 an 1993)
- Everything to Gain: Making the Most of the Rest of Your Life (1987 an 1995), mam Rosalynn Carter
- An Outdoor Journal (1988 an 1994)
- Turning Point: A Candidate, a State, and a Nation Come of Age (1992)
- Talking Peace: A Vision for the Next Generation (1993 an 1995)
- Always a Reckoning (1995), Gedichtsammlung
- The Little Baby Snoogle-Fleejer (1995), Kannerbuch, illustréiert vu senger Duechter
- Living Faith (1996)
- Sources of Strength: Meditations on Scripture for a Living Faith (1997)
- The Virtues of Aging (1998)
- An Hour before Daylight: Memories of a Rural Boyhood (2001)
- Christmas in Plains: Memories (2001)
- The Nobel Peace Prize Lecture (2002)
- The Hornet's Nest (2003), historesche Roman
- Our Endangered Values America's Moral Crisis (Juli 2006)
- Palestine Peace Not Apartheid (November 2006)
Literatur
[änneren | Quelltext änneren]- John Dumbrell: The Carter Presidency. 1993
- Erwin C. Hargrove: Jimmy Carter as President. 1988
- Charles O. Jones: The Trusteeship Presidency. 1988
- Herbert A. Rosenbaum, Alexander Ugrinsky (Hrsg.): The Presidency and Domestic Policies of Jimmy Carter. 1994
- Herbert A. Rosenbaum, Alexander Ugrinsky (Hrsg.): Jimmy Carter: Foreign Policy and Post-Presidential Years. 1994
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Jimmy Carter – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Wikiquote: Jimmy Carter – Zitater |
Wikisource: Jimmy Carter – Quellentexter |
- James Carter Portrait op der Homepage vum Wäissen Haus
- Homepage vum Carter Center