Op den Inhalt sprangen

Karel VI. (HRR)

Vu Wikipedia
Karl VI.
Titelen
Keeser vum Hellege Réimesche Räich
Zäit 1711 bis 1740
Virgänger Joseph I.
Nofollger Karl VII.
Zäit 1711 bis 1740
Virgänger Joseph I.
Nofollger Maria Theresia
Zäit 1711 bis 1740
Zäit 1714 bis 1740
Biographie
Gebuer 1. Oktober 1685
Wien
Gestuerwen 20. Oktober 1740
Wien
Bestuet mat Elisabeth Christine vu Braunschweig-Wolfenbüttel
Papp Leopold I.
Mamm Eleonore vu Pfalz-Neuburg
Geschwëster Maria Elisabeth vun Éisträich
Kanner Maria Theresia vun Éisträich, Maria Anna vun Éisträich, Maria Amalia vun Éisträich

De Karl VI., gedeeft Franz Joseph Wenzel Balthasar Johann Anton Ignaz, gebuer den 1. Oktober 1685 zu Wien, an och do gestuerwen den 20. Oktober 1740, war vun 1711 bis 1740 réimesch-däitsche Keeser, Kinnek vun Ungarn (als Karl III.), Kinnek vu Béimen (als Karl II.) an och vun 1714 bis 1740 Herzog vu Lëtzebuerg.

Hie gouf den 1. Oktober 1685 als zweete Jong vum Keeser Leopold I. aus dem Haus Habsburg mat senger 3. Fra Eleonora Magdalena vun der Pfalz-Neuburg zu Wien gebuer. Säi Brudder war de Joseph I.

Hie gouf vum Anton Florian vu Liechtenstein erzunn a wéi all Habsburger hat hien en Handwierk misse léieren an hien hat sech fir eng Ausbildung als Béchsemeeschter entscheet. Nom Doud vum Karl II., de leschte spueneschen Habsburger, huet de Karl VI. Spuenie geierft a vun 1700 un do regéiert.

Als Karl III. war hie virgesinn fir de spueneschen Troun, sou hat et op d'mannst de Carlos II. virgesinn. En anere méiglechen Ierwe war de Philippe, Enkel vum Louis XIV. Dëst konnt nees nëmmen zu Streidereie féieren, a sou huet et och net laang gedauert bis de Spueneschen Ierffollegkrich ausgebrach ass. Nom fréien Doud vu sengem Brudder Joseph gouf de Karel den 12. Oktober 1711 zu Frankfurt zum Keeser vum Hellege Réimesche Räich gekréint.

Den 1. August 1708 huet hien zu Barcelona d'Elisabeth Christine vu Braunschweig bestuet. Si krute keng männlech Nokommen, awer 2 Meedercher: d'Maria Teresia, déi méi spéit Keeserin gouf, an d'Maria Anna. D'Akraaftsetze vun der Pragmatescher Sanktioun vum Karl VI. huet dofir gesuergt, datt seng Meedercher seng Nofollger konnte ginn.

Bei der Juegd, déi zu sengen Hobbye gezielt huet, hat hie sech erkaalt an ass dorun den 20. Oktober 1740 am Schlass Favorita (haut Theresianum) gestuerwen.

Héichpunkten

[änneren | Quelltext änneren]

Ënner senger Herrschaft hat d'Habsburgerräich seng gréisst Ausdeenung, wat awer virun allem dem Prënz Eugen vu Savoyen ze verdanke war, dee grouss militäresch Kenntnesser hat. De Karel VI. huet, grad wéi säi Papp, d'Kultur staark ënnerstëtzt. Seng Regierungszäit war den Héichpunkt vum Barock fir Éisträich. Sou huet hien ënner anerem zu Wien d'Spuenesch Haffreitschoul baue gelooss, de Michaelertrakt an der Hofburg an déi haiteg Nationalbibliothéik, an zu Sopron déi Westungaresch Universitéit gegrënnt.

Zu Lëtzebuerg huet hien - op Basis vum Vauban senge Pläng - besonnesch de mëttelsten a baussenzege Festungsrank verstäerke gelooss.

No him benannt

[änneren | Quelltext änneren]

Fir un de Karel VI. z'erënneren ass am Garer Quartier an der Stad eng Strooss no him benannt: d'rue Charles VI verbënnt d'rue du Fort Wallis mat der rue du Fort Neipperg.

Commons: Charles VI, Holy Roman Emperor – Biller, Videoen oder Audiodateien
Virgänger:
Joseph I.
Keeser vum HRR
1711 - 1740
Nofollger:
Karl VII.
Virgänger:
Joseph I.
Kinnek vun Ungarn
1711 - 1740
Nofollger:
Maria Theresia
Virgänger:
Joseph I.
Äerzherzog vun Éisträich
1711 - 1740
Nofollger:
Maria Theresia
Virgänger:
Joseph I.
Kinnek vu Béimen
1711 - 1740
Nofollger:
Maria Theresia