Kierch Lëtzebuerg-Belair

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Kierch Belair)
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen
Kierch vu Lëtzebuerg-Belair
De 69 m héijen Tuerm
De 69 m héijen Tuerm
Uertschaft / Plaz Lëtzebuerg - Belair
Par Lëtzebuerg
Notre-Dame
Dekanat Lëtzebuerg
Numm / Patréiner Hl. Pius
Konsekratioun 1957
Architekt(en) Laurent Schmit
Baujoer 1954-55
Koordinaten 49° 36’ 38.8’’ N
06° 06’ 29.0’’ O
D'Belairer Parkierch
D'Belairer Parkierch
Kierchen - Kapellen

D'Kierch vu Lëtzebuerg-Belair ass eng kathoulesch Kierch um Belair déi zur Par Lëtzebuerg Notre-Dame, zum Dekanat Lëtzebuerg an zu der Gemeng Lëtzebuerg gehéiert.

De Patréiner vun der Kierch ass de hellege Pius, dee just een Dag ier de Grondstee geluecht gouf helleg gesprach gouf, zweet Patréinesch ass d'helleg Theresia vu Lisieux.

Se steet um Belair op der Kräizung vun der Avenue Gaston Diderich mat der Rue d'Amsterdam an der Rue Théodore Eberhard.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

De Grondstee fir d'Belairer Kierch gouf den 30. Mee 1954 duerch de Bëschof Léon Lommel geluecht. D'Kierch gouf no de Pläng vum Laurent Schmit gebaut an den 9. Mäerz 1957 vum Bëschof Léon Lommel geweit. Et war déi éischt Kierch am Land mat engem Tuerm, dee fräi steet, an dee mat sengen 69 Meter den héchsten am Land ass. Déi Beggener Kierch, déi 1936/37 gebaut gouf, huet zwar och e separaten Tuerm, mä dee gouf méi spéit eréischt an de Joren 1963/64 gebaut.

D'Fënsteren[änneren | Quelltext änneren]

Et handelt sech em Glasbetongfënsteren (dalle de verre) vum François Gillen. Déi 7 grouss hunn als Sujet "L'Eucharistie en rapport avec les 7 oeuvres de la miséricorde corporelle". Vum Altor aus:

  1. deenen déi Honger hunn z'iessen ginn
  2. deenen déi Duuscht hunn ze drenken ginn
  3. déi déi keen Dach iwwer dem Kapp hu logéieren
  4. deenen déi net ugedoe si Kleeder ginn
  5. déi Gefaange besiche goen
  6. déi déi leide besiche goen an hiert Leed erliichteren
  7. déi Doudeg begruewen

Kräizwee[änneren | Quelltext änneren]

Déi 14 Statioune vum Kräizwee si liicht abstrakt a stame vum Ben Heyart.

Klacken[änneren | Quelltext änneren]

Déi véier Klacke goufen an der Klackegéisserei Causard zu Colmar (F) gegoss.
Déi déck ass dem Poopst Pius X. dem Patréiner vun der Kierch, an déi dräi aner der helleger Theresia vu Lisieux, dem hellege Franziskus vun Assisi an dem hellege Johannes den Deefer geweit.

De 16. November 2014 goufe vum Äerzbëschof Jean-Claude Hollerich 6 nei Klacken ageweit, déi an der Klackegéisserei vun der Abtei Maria Laach aus dem ageschmoltene Metall vun deene véier ale Klacke gegoss goufen. Déi véier al Klacke goufen 2011 fir d'lescht gelaut, nodeems sech erausgestallt hat, datt hir Schwéngunge net am Aklang mat der Statik vum Kierchtuerm wieren.[1] De Kierchtuerm gouf an der Tëschenzäit sanéiert.

D'Klacke goufen dem Poopst Pius X., der helleger Theresia vu Lisieux, dem hellege Franziskus vun Assisi, dem hellege Johannes den Deefer, dem hellege Jousef an dem Charles de Foucauld geweit.

D'Klacke vun der Belairer Kierch lauden an der Dispositioun fa dièse, mi bémol, re, do dièse, si bémol a la (fis, e, d, cis, h', a').

Uergel[änneren | Quelltext änneren]

D'Uergel, vun der Stroossbuerger Uergelmanufaktur Roethinger, gouf de 16. Februar 1958 ageweit.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Bange Evamarie, 2007, Belairer Kirche feierte fünfzigstes Wiegenfest, ons stad, 84: 50-52 [1]
  • 50 Jor Por Belair: 1935-1985: Broschür

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Kierch Lëtzebuerg-Belair – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Neue Stimmen für die Kirche vom Belair, Luxemburger Wort vum 18. November 2014, S. 24