Kierch Wuermer

Vu Wikipedia
Kierch vu Wuermer
Kierch vu Wuermer (2013)

Kierch vu Wuermer (2013)
Kierch vu Wuermer (2013)
Uertschaft / Plaz Wuermer
Par Par Musel a Syr
Saint-Jacques
Dekanat Osten
Numm / Patréiner Hl. Johannes
Konsekratioun 1895
Baujoer 1794-1808
Koordinaten 49° 36’ 39.5’’ N
      06° 24’ 20.3’’ O
Kierchen - Kapellen

D'Kierch zu Wuermer ass eng kathoulesch Kierch déi zur Par Musel a Syr Saint-Jacques, zum Dekanat Osten an zu der Gemeng Wuermer gehéiert.

De Patréiner vun der Kierch ass den hellege Johannes den Deefer, deem säi Fest de 24. Juni gefeiert gëtt.

D'Kierch steet an der Kierchestrooss (rue de l'Église) no bei der Kräizung mat der Haaptstrooss, dem CR122. Nieft der Kierch ass de Kierfecht ugeluecht, wou och eng Lourdes-Grott ass. Virun der Kierch ass e Monument fir d'Krichsaffer vum Zweete Weltkrich.

Den 23. September 2020 gouf s'als nationaalt Monument klasséiert.[1]

Zur fréierer Par Wuermer gehéiert ausser der Kierch vu Wuermer och nach d'Wendelinskapell um Wuermer Bierg. Op der Wuermer Köppchen steet eng Donatuskapell, déi ee vu wäitem gesäit.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Situatioun an der Zäit bis 1718[änneren | Quelltext änneren]

Wéini zu Wuermer déi éischt Kapell oder Kierch entstanen ass, léisst sech net méi feststellen. Awer schonn aus de Joren 1147 an 1161 gëtt et peepstlech Dokumenter mat Hiweiser op eng Kierch zu Wormeringa, wéi d'Uertschaft déi Zäit genannt gouf. Dora bestätegen d'Peepst Eugen III. (1145-1153) a Viktor IV. (Géigepoopst 1138) d'Abtei vun Iechternach an hirem Besëtz zu Wormeringa.

An enger Bulle vum Poopst Alexander III. (1159-1181) aus dem Joer 1179 liest een ausdrécklech "Wrormoringa cum ecclesia ipsius loci", iwwersat "Wrormoringa mat der Kierch do". De Poopst bestätegt doran eng Schenkung, déi géint 1033 vum Grof Adalbert vu Metz a senger Fra Judith, enger Grofenduechter aus dem Haus Lëtzebuerg, der nei gegrënnter Benediktinerabtei vum hellege Kräiz zu Bouzonville a Loutrengen gemaach gouf an déi se och an der Zäit duerno nach weider ënnerstëtzt haten. Dës Schenkung sollt fir Wuermer a seng Kierch nach bis 1794 vu grousser Bedeitung sinn.

Ausser der Abtei vu Bouzonville hat awer och d'Iechternacher Abtei zu Wuermer Besëtz a Grondrechter.

Pare goufen et déi Zäit nëmme ganz wéineg an et ass net ganz kloer, zu wat fir enger d'Wuermer Kierch déi Zäit gehéiert huet. A Fro komme Lenneng oder d'Urkierch vun Temmels zu deenen och aner Dierfer an der Ëmgéigend méiglecherweis gehéiert hunn.

Bis zur franséischer Revolutioun huet Wuermer zur Äerzdiözes Tréier gehéiert, déi och reegelméisseg eng kierchlech Visitatioun gemaach huet. D'Patronatsrecht iwwer d'Wuermer Kierch hat awer den Abt aus dem Klouschter vu Bouzonville. Hien huet entscheet wie Paschtouer zu Wuermer gi konnt.

Éischt Informatiounen iwwer d'Kierch vu Wuermer (ouni Wuermer Bierg, dat deemools zur Par Lenneng gehéiert huet) kritt een aus dem Visitatiounsrapport vu 1570. An deem Rapport gëtt Wuermer als fräi Kaplanei ("libera capella") bezeechent mat 150 Kommunikanten. Paschtouer war de Martinus Willich, dee sech awer duerch den Dominicus Fontlingen vertriede gelooss huet. D'Kierch hat dräi Altär, dräi Kielecher an eng Monstranz. Den Abt vu Bouzonville hat Urecht op d'Hallschent vum Zéngten, déi aner Hallschent krut de Paschtouer. Och de Kierfecht gouf du schonn ernimmt.

Am Rapport aus dem Joer 1641 gëtt ee gewuer datt d'Kierch dem hellege Johannes dem Deefer an der helleger Anna geweit war. Fir den Zéngten ënnerzebrénge gouf 1619 eng Zéngtscheier gebaut, dat spéidert "Schmietzhaus", dat 1944 am Krich zerstéiert gouf.

Déi nächst Visitatioun war 1657 ënner deem op Liewenszäit ernannte Vikar Mathias Kelsen (vicarius perpetuus). Am Protokoll steet, datt d'Kierch vu Wuermer fräi ass, awer zur Par Donwe gehéiert. Als Patréiner gouf nëmmen nach de Johannes den Deefer ernimmt. Vun den dräi Kielecher war een an der Uertschaft, déi aner zwéin zu Tréier a Sécherheet. Et gouf och eng Direktiv geholl, d'Kierch an e gudden Zoustand ze setzen.

Wéi bei der nächster Visitatioun 1679 erauskoum, datt näischt geschitt war fir d'Kierch an d'Rei ze setzen, goufe schaarf Moossname géint d'Zéngthäre vu Bouzonville an den ale Vikar Kelsen geholl, deen an der Tëschenzäit Paschtouer vun Donwen di war an als Deche vum Réimecher Kapitel gewielt gouf. Fënnef Joer méi spéit huet de Mathias Kelsen säin Amt zu Gonschte vu sengem Neveu mam selwechten Numm opginn. An der Folleg koum et ëmmer méi zu Streidereien dorëm, op Wuermer eng Filial vun der Par Donwen wier oder eng eegestänneg Par. Dat geeschtlech Geriicht vun Tréier sollt doriwwer entscheeden.

Bei der nächster Visitatioun, déi 1712 vum Weibëschof J.M. von Eyss selwer gemaach gouf, war d'Kierch mat hiren dräi konsekréierten Altär a guddem Zoustand. Als Niewepatréiner goufen den hellege Sebastian an d'helleg Anna genannt. Et gëtt eigentlech keng grouss Problemer, awer et bleift déi onsécher rechtlech Situatioun vun der Kapell. De Weibëschof wëll dëse Problem op der Plaz ugoen a luet dofir béid Parteien op Wuermer an a léisst sech ausféierlech informéieren. D'Decisioun doriwwer soll awer eng Spezialkommissioun vum geeschtleche Geriicht zu Tréier huelen. Awer eréischt 1718 fält déi Decisioun, fir déi d'Begrënnung net bekannt ass well d'Dokumenter net méi erhalen oder net méi erëmzefanne sinn.

Eege Par Wuermer[änneren | Quelltext änneren]

D'Resultat vun der Decisioun steet dann awer an der Aleedung vum Dafbuch, dat mat dem Joer 1718 ufänkt an aus där kloer ervirgeet, datt vun do u Wuermer eng eege Par war an als éischten eigentleche Paschtouer dee selwechten hat wéi bis elo, de Mathias Kelsen junior, dee 1730 mat 74 Joer stierft.

Eng nei Kierch[änneren | Quelltext änneren]

Well sech ëmmer méi de Problem vun enger ze klenger Kierch stellt, gouf ënner dem Paschtouer Mathias Oms 1791 en Devis opgestallt fir all Aarbechten, déi un der Kierch an um Parhaus néideg waren. De 24 August 1793 gi vum Nottär Wellenstein alleguer d'Gidder déi dem Klouschter Bouzonville gehéiert hu, saiséiert zu Gonschte vun den Aarbechten déi virgesi waren. De 25. September 1793 gëtt de Bau vun der Kierch dem Entreprener Nik. Ronck vun Elleng zougeschloen. D'Kierch sollt deelweis op der Kierfechtsplaz opgeriicht ginn. De Chouer vun där aler Kierch sollt fir Noutgottesdéngschter provisoresch bestoe bleiwen an duerch eng hëlze Konstruktioun verlängert ginn.

De 26. Mee 1794 gouf vum Gabriel Signitz, dem leschten Abt vum Klouschter Orval, de Grondsteen fir déi nei Kierch geseent. De Bau sollt scho fir Allerhellege fäerdeg sinn, awer duerch d'franséisch Revolutioun koum et zu grousse Problemer well d'Klouschtergeeschtlech verdriwwe goufen an hir Gidder konfiskéiert goufen. Dofir ass de Bau der Par selwer zur Laascht gefall, déi awer d'Mëttel net hat fir en auszeféieren.

Am Fréijoer 1797 huet de Paschtouer missen ënnerdauche well en den Eed, dee vun der franséischer Republik verlaangt gouf, net wollt leeschten. Als Folleg dovu goufen de 4. Juli 1798 alleguer d'Kierchegidder vu Wuermer ëffentlech versteet. Se gounge fir 2100 Frang un de “La Fontaine le Cadet”, fir e Frënd, wéi en ausdrécklech betount huet. Dräi Joer duerno huet en erkläert, en hätt fir de Paschtouer Mahtias Oms gehandelt an d'Geld vun deem zeréck kritt. De Mathias Oms huet e puer Méint drop op säin Eegentumsrecht verzicht fir d'Gidder der Kierch ze erhalen. Hie war am Mäerz 1800 nees op Wuermer zeréckkomm an ass den 12. Juli 1802 gestuerwen.

Seng zwee Nofollger, den Albert Terzweich an den Augustin Krips, stierwe relativ séier. Eréischt ënner dem Paschtouer Martin Schmit, deen den 29 Abrëll 1807 d'Par iwwerhëlt, gouf d'Kierch am Joer 1808 fäerdeg.

Mat engem Dekreet vum Bëschof vu Metz koum den 28. November 1807 de Wuermer Bierg, dee virdrun zur Par Lenneng gehéiert hat, zur Par Wuermer.

Den 22. Juli 1827 goufen zwou nei Klacken, déi dem hellege Johannes dem Deefer an dem hellegen Donatus geweit waren, ageweit. Kuerz drop, am November 1827, stierft de Paschtouer Schmit am Alter vu 70 Joer.

Ënner dem Paschtouer Wilhelm Hess gouf an enger Sëtzung vum Kiercherot den 2. November 1851 festgehalen, datt den Altor, d'Kommuniounsbänk an de Priedegtstull bal an e Koup falen an de Buedembelag aus Steeplacken an engem erbäermlechen Zoustand ass. Ausserdeem wier de Bau vun engem Duxall néideg fir genuch Plaz fir d'Leit ze schafen. Dës Aarbechte goufen an de Joren 1853 bis 1856 gemaach. Den Haaptaltor gouf dobäi duerch e gebrauchten Altor ersat, dee vun der Gemeng Steesel fir 275 Frang kaaft gouf an deen haut nach a Funktioun ass. Déi zwee Säitenaltär stame warscheinlech nach aus der Virgängerkierch.

Vergréisserung vun der Kierch[änneren | Quelltext änneren]

An der Gemengerotssëtzung vum 13. Abrëll 1892 gouf eng Kommissioun agesat fir sech mat der Vergréisserung vun der Kierch ze befaassen. Dës Aarbechte goufen an de Joren 1892 bis 1895 no de Pläng vum Architekt Funck aus der Stad gemaach. Dobäi gouf e Querschëff (Transept) an eng Sakristei ugebaut. De Chouer an d'Transept krute, grad wéi d'Schëff, en hëlzene Plaffong. Ausserdeem gouf en neien Dafsteen a verschidde Statuen ugeschaaft, grad wéi eng Uergel vun der Firma Müller aus Reifferscheid. Den 23. Juli 1895 gouf d'Uergel ageweit an den 3. Oktober 1895 gouf déi vergréissert Kierch vum Bëschof Jean-Joseph Koppes konsekréiert.

De 27. Dezember 1913 gouf decidéiert, den hëlzene Plaffong am Chouer an am Transept duerch e Rabitz-Verwëllef ze ersetzen. 1892 hat den Architekt Funck schonn e Verwëllef proposéiert, dat awer aus Käschtegrënn refuséiert gouf.

Neien Zougang fir d'Kierch[änneren | Quelltext änneren]

1927 krut d'Kierchefabréck duerch e Schenkungsakt aus der Ierfschaft vun der Marie Muller eng fräi Plaz mat Stall tëscht der Haaptstrooss an der Plaz virun der Kierch. Den 30. Dezember 1928 huet de Kiercherot decidéiert, der Gemeng 7.000 Frang bäizeleeë fir de Kaf vum sougenannte “Köllefgeshaus”, dat zesumme mat der Schenkung vun 1927 eréischt géif erméiglechen, en neie besseren Zougang zur Kierch ze schafen.

De 5. Februar 1929 goufen d'Pläng vum Architekt Jentgen vum Kiercherot ugeholl, duerch déi den Tuerm méi héich gemaach an Trapebaute riets a lénks vum Tuerm ugebaut goufen. Ausserdeem krut d'Kierch en neit Portal, sou wéi et haut ass. Fréier war d'Portal an der Westmauer vum Kiercheschëff.

1932 gouf vum Konschtmoler Johann Neumann vu Beefort de Chouer an den Haaptaltor renovéiert an 1933 krut d'Kierch eng Waarmloftheizung, déi vun der Firma Theodor Mahr & Söhne vun Oochen installéiert gouf.

1934 gouf ëstlech nieft der Kierch op dem ënneschte Kierfecht eng Lourdes-Grott gebaut.

Krichsschued an uschléissend Restauratioun a Verbesserungen[änneren | Quelltext änneren]

Géint Enn vum Zweete Weltkrich gouf e groussen Deel vun de Gebaier zu Wuermer zerstéiert, och d'Parkierch krut 23 Aschëss.

Nom Krich gouf vun den Architekte Pierre Reuter a Léon Loschetter eng Opstellung vun de Schied un der Kierch gemaach a se sinn op en Total vun 173.673 Frang komm.

D'Maueren an den Daach vum Gebai konnten nom Krich relativ séier nees an d'Rei gesat ginn. Fir de Banneraum ass awer och vun der Geleeënheet profitéiert ginn fir e puer Ännerungen ze maachen. Dobäi ass amplaz vum Holzplaffong e Rabitz-Verwëllef komm an den alen Duxall, deen ze vill wäit an d'Kiercheschëff virgestouss ass, gouf ersat.

Néng nei Fënstere goufe vun der Firma Linster vu Munneref no engem Entworf vum François Gillen geschaaften an d'Bannendekoratioun huet de Gustave Zanter gemaach.

Déi schwéier beschiedegt Uergel gouf vum Uergelbauer Jos. Schilling vu Kruuchten restauréiert.

Et huet nach bis an d'Joer 1955 gedauert bis déi lescht Restauratiounsaarbechte fäerdeg waren, trotzdeem konnt schonn am Juli 1950 d'Firmung an der Kierch gefeiert ginn.

Den 9. Juni 1968 war a Presenz vum Bëschof Léon Lommel d'Feier vum 250. Anniversaire vun der Par Wuermer.

Klacken[änneren | Quelltext änneren]

Géint Enn vum Joer 1956 krut déi mëttelgrouss Klack (Schlagtoun La) e Rass. Dat Joer drop gouf vun der Klackegéisserei Johannes Mark vu Brockscheid (haut Äifeler Klackegéisserei) aus der aler Klack eng nei gegoss. Wéi d'Klack scho gegoss war koume Propositioune fir nach eng zousätzlech grouss Klack unzeschafe fir datt d'Klacken an deem laanggestreckten Duerf besser ze héiere wieren. Am Juni 1958 huet de Kiercherot dëser Ännerung zougestëmmt, soudatt vun der Klackegéisserei J. Mark déi bis elo gréisste Klack (Schlagtoun Sol) ëmgegoss an zousätzlech eng nei Klack am Schlagtoun mi gegoss gouf. Nëmmen déi klengste Klack (Schlagtoun si) aus dem Joer 1847 ass onverännert bliwwen.

Den 21. September 1958 goufen déi dräi nei Klacke vum Dechen Arnold Spautz vu Gréiwemaacher am Chouer vun der Kierch geweit. D'Haaptklack mat engem Gewiicht vun 1200 kg ass der Muttergottes geweit a se laut am Toun mi (Opschrëft: Maria Mater Jesu, Consolatrix Afflictorum, Magna Patrona Patriae, Tuos devotos protege). Déi mëttel Klack mat engem Gewiicht vu 700 kg ass dem Kierchepatréiner, dem Johannes dem Deefer, geweit a se laut am Toun sol (Opschrëft: S. Joannes, Praecursor Domini, Patrone Parochiae, para nobis viam ad Christum). Déi klengste vun den dräi Klacke, mat engem Gewiicht vu 500 kg,ass dem hellegen Donatus geweit a laut am Toun la (Opschrëft: Devotos defende, averte gelu et fulgur, da quieta tempora o S. Donate).

Paschtéier vu Wuermer[änneren | Quelltext änneren]

  • - 1684: Mathias Kelsen senior, Vikar
  • 1684 - 1718: Mathias Kelsen junior, Vikar
  • 1718 – 1730: Mathias Kelsen junior, Paschtouer
  • 1730 - 1753: J. Thomas Dhame
  • 1753 - 1786: Franz Leopard
  • 1786 - 1802: Mathias Oms
  • 1803 - 1806: Albert Terzweich
  • 1806 - 1807: Augustin Krips
  • 1807 - 1827: Martin Schmit
  • 1827 - 1847: Nikolaus Franck
  • 1847 - 1865: Wilhelm Hess
  • 1865 - 1883: Nikolaus Barnig
  • 1883 - 1911: Peter Hoffmann
  • 1911 - 1929: Heinrich Werner
  • 1929 - 1932: Theophil Bisdorff
  • 1932 - 1947: Nikolaus Fey
  • 1947 – >1971: Nicolas Seywert
  • 1981: Albert Thillges

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Nicolas Seywert: 1718-1968 - 250 Jahre Pfarrei Wormeldingen, Impr. E. Faber, Grevenmacher, 76 S.
  • René Muller: Den 22 Mee zu Wuermer - Optakt vun de Feierlechkeete fir d'200 Jor vun der Porkiirch, am Luxemburger Wort vum 18. Mee 1994

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Kierch Wuermer – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Institut national pour le patrimoine architectural: Liste des immeubles et objets bénéficiant d'une protection nationale. (Lescht Versioun vum 27. Februar 2024).