Wope vu Lëtzebuerg

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Lëtzebuerger Wopen)
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

De Wope vu Lëtzebuerg huet seng Originnen an de Wope vum mëttelalterlechen Haus Lëtzebuerg. E geet op den Heinrich V. vu Lëtzebuerg (1216-1281) zeréck.

Heraldesch Beschreiwung[änneren | Quelltext änneren]

An der heraldescher Sprooch gëtt den haitege Lëtzebuerger Wope beschriwwen: sëlwer a blo gesträift (10), mat engem roude Léiw mat gesplécktem, diagonal gekräiztem Schwanz, mat gëllene Krallen, Zong a Kroun, iwwer allem.

Entwécklung vum Wopen[änneren | Quelltext änneren]

Poitiers an den Drëtte Kräizzuch[änneren | Quelltext änneren]

D'Ermesinde huet sech 1214 mam Walram III. vu Limburg bestuet. Dee war zesumme mat sengem Papp dem Heinrich III. vu Limburg am Drëtte Kräizzuch (1189–1192) an den Truppe vum Richard Léiwenhäerz mat derbäi. De Léiwenhäerz hat bei deem Kräizzuch senger Mamm hire Wopen als Gräfin vu Poitiers, (op Sëlwer e roude Léiw mat gëllene Krallen a gëllener Zong) gedroen. De Léiw ass och e Symbol vun der Muecht an der Stäerkt aus der Bibel. Dëse Wopen hunn e puer Ritter, sou wéi och de Walram, als Éier aus dem drëtte Kräizzuch mat heembruecht an hiren Nofollger verierft.

Walram III. vu Limburg[änneren | Quelltext änneren]

De Walram III. vu Limburg huet als Zeeche vu sengen Uspréch op d'Maarkgrofschaft Namouer sengem Léiw eng Kroun opgesat. Wéi du säi Papp gestuerwen ass, huet hien als Zeeche vun der Herrschaft iwwer 2 Grofschafte sengem Léiw och nach de Schwanz gespléckt.

Dat waren d'Limburger Wopen ier den Heinrich V. Grof vu Lëtzebuerg ginn ass.

Heinrich V. vu Lëtzebuerg[änneren | Quelltext änneren]

Den Heinrich V. de Blonden huet dunn op sengem Wope sëlwer a blo Sträifen derbäigemaach. Dem Lëtzebuerger Heraldiker Jean-Claude Loutsch no war dëst warscheinlech geduecht als Revendikatioun datt hien deen eenzege rechtméissegen Nofollger vum Heinrich IV. vu Lëtzebuerg genannt de Blannen, war. Dat aalt, net dokumentéiert, Banner vun de Grofe vu Lëtzebuerg hat warscheinlech sou Sträifen. D'Grofe vu Looz a Grandpré, déi och a weiblecher Linn vun den ale Lëtzebuerger Grofen ofstamen, hunn zur gläicher Zäit e gëllen a rout gesträifte Wopen ugeholl. Doraus schléisst de Jean-Claude Loutsch datt dat aalt Lëtzebuerger Banner wuel och gëllen a rout war an den Heinrich V. dëst duerch d'heraldesch Auswiel vun de Faarwe mam roude Léiw sëlwer a blo geholl huet. Den Heraldiker René Klein dogéint geet dovun aus, datt d'Banner vun de Grofe vu Lëtzebuerg blo a gëlle gesträift war, an den Heinrich V. déi blo Sträifen als Symbol vu sengem Heemechtsland gewielt huet, fir sech op Turnéier a Schluechtfelder vu senge Stéibridder z'ënnerscheeden[1].

Et sief nach drop higewisen, datt am Kader vum drëtte Kräizzuch méi wéi ee sou e Wope mam roude Léiw entstanen ass, och Doppelgängerwopen déi dem Heinrich V. sengem gläichen. Sou zum Beispill den neie Wope vum Kinnekräich Zypern, deen um Richard Léiwenhäerz seng Eruewerung vu Zypern zeréckgeet, dat hie senge Lehensmänner vum Haus Lusignan (déi Gebidder an der Grofschaft Poitiers haten) verkaaft hat, déi dunn dem Richard säi roude Léiw op hiren ale Familljewope geluecht hunn, véier blo Sträifen op sëlwer Fong, oder och nach bei de Ritter vun Horst (Recklinghausen/Westfalen), dem Ritter vu Ried oder den Häre vu Wunstorf (Regioun Hannover). Spéider fanne mer der nach beim Haus Stratford (Warwickshire/England), dem Willam van Soles, dem Robert Bamans, dem Jean de Louvetot (Normandie), dem Jehan de Cabenay (Poitou/Aquitaine), dem Jean Här vu Rouveroy (Hainaut/Wallounien)[2]. Et gëtt Historiker, déi eng Verbindung tëscht deene Wope gesinn, mä hir Theorien iwwerzeegen net wierklech[3].

Heinrich VI. vu Lëtzebuerg[änneren | Quelltext änneren]

Den Heinrich VI. huet am Ufank vu senger Herrschaft de Wope vu sengem Papp iwwerholl. Am Joer 1281 oder 1282, nom Doud vu sengem Koseng, dem Walram V. vu Limburg, huet den Heinrich VI. da säi Wopen als Usproch ob d'Herzogtum Limburg geännert an de Schwanz vum Lëtzebuerger Léiw gespléckt an diagonal gekräizt.

Heinrich VII. vu Lëtzebuerg[änneren | Quelltext änneren]

Den Heinrich VII. huet nom Doud vu sengem Papp erëm sengem Grousspapp, dem Heinrich V., säi Wopen iwwerholl. Den Tréirer Codex Balduini weist no sengem Doud souguer 10 blo Läischten, wat eventuell seng Muecht duerstelle sollt.

Jang de Blannen[änneren | Quelltext änneren]

Dem Heinrich VII. säi Bouf, de Jang de Blannen, Grof vu Lëtzebuerg a Kinnek vu Béimen, hat e gevéirelte Wope mam béimesche Léiw an dem Lëtzebuerger Léiw. Dee leschtgenannten ass mol op fënnef mol op véier bloe Läischten ze gesinn, mä net méi op zéng.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. René Klein, 1281, Péiteng kritt de Fräiheetsbréif, in Péiteng, aus der Geschicht vun enger Uertschaft, Imprimerie St-Paul, 1982, S. 59
  2. Wopebuch Beyeren, Kinneklech Bibliothéik vun Holland, 1405 (gutt Explicatiounen op der nl-wiki)
  3. Péporté, Pit. "Constructing the Middle Ages: Historiography, Collective Memory and Nation-Building in Luxembourg" pp 80-93. BRILL. (2011)
  • Dr. Jean-Claude Loutsch, Armorial du pays de Luxembourg, Publications nationales du Ministère des Arts et des Sciences, Lëtzebuerg 1974