Pond (Wärung)
Ausgesinn
(Virugeleet vu(n) Lira)
Dësen Artikel beschäftegt sech mat der Wärungsunitéit Pond. Fir d'Masseneenheet, kuckt wgl. Pond. |
D'Pond (en.: Pound, it.: Lira, fr.: Livre) ass eng Wärungsunitéit, déi vum Pond Gewiicht vun engem Eedelmetall ofgeleet ass. Als Wärungssymbol gëtt dacks, mee net ëmmer "£" oder "₤" gebraucht.
Wéi d'Gewiichtsunitéit Pond sech an Europa verbreet huet, huet se enger ganzer Rëtsch vu Mënzen a Wärungssystemer (och dacks als Lira) den Numm ginn. De Karel de Groussen hat festgeluecht, datt aus engem Pond Sëlwer 240 Pennénger (Denaren) geklappt misste ginn. Dëse System huet sech a Groussbritannien an an Irland am Pond Sterling respektiv dem Iresche Punt bis 1971 erhalen.
En ale Synonym fir Pond ass "Guinee", Guinea oder Guinée.
Haiteg Wärungen
[änneren | Quelltext änneren]- Egyptescht Pond (Egypten)
- Falkland-Pond (Falkland Inselen)
- Gibraltar-Pond (Gibraltar)
- Libaneesescht Pond (Libanon)
- St.-Helena-Pond (St. Helena)
- Pond Sterling (Vereenegt Kinnekräich)
- Sudaneesescht Pond (Sudan)
- Syresch Lira (Syrien)
- Tierkesch Lira (Tierkei)
Historesch Wärungen
[änneren | Quelltext änneren]- Australescht Pond (bis 1966 Australien)
- Bermuda-Pond (bis 1970 Bermuda)
- Biafra-Pond (1967 bis 1970 Biafra)
- Gambescht Pond (bis 1971 Gambia)
- Ghanaescht Pond (1958 bis 1965 Ghana)
- Fidschi-Pond (bis 1969 Fidschi)
- Irescht Pond (bis 2001 Irland)
- Israeelescht Pond (bis 1980 Israel)
- Italieenesch Lira (bis 2001 Italien)
- Jamaika-Pond (bis 1969 Jamaika)
- Kanadescht Pond (bis 1858 Kanada)
- Libyescht Pond (1951 bis 1971 Libyen)
- Livre (bis 1795 Frankräich)
- Lliura mallorquina (bis 1869 Mallorca)
- Malawi-Pond (bis 1971 Malawi)
- Malteesesch Lira (bis 2007 Malta)
- Neiguinea-Pond (1915 bis 1966 Territorium Neiguinea)
- Neiséiland-Pond (1840 bis 1967 Neiséiland)
- Nigerianescht Pond (1907 bis 1972 Nigeria)
- Palestina-Pond (1927 bis 1948 Mandatsgebitt Palestina)
- Rhodesescht Pond (1970 bis 1980 Rhodesien)
- Rhodesien-an-Njassaland-Pond (1955 bis 1964 Rhodesien an Njassaland)
- Samoanescht Pond (1914 bis 1967 Samoa)
- Salomonen-Pond (1899 bis 1966 Salomonen)
- Sambescht Pond (1964 bis 1968 Sambia)
- Südrhodesescht Pond (bis 1955 Südrhodesien)
- Tonga-Pond (bis 1967 Tonga)
- Westafrikanescht Pond (fréiert Brittesch-Westafrika)
- Zypern-Pond (bis 2007 Zypern)