Margaret Geller
Margaret Geller | |
---|---|
Gebuer | 8. Dezember 1947 |
Nationalitéit | USA |
Educatioun |
Princeton Universitéit, University of California, Princeton Universitéit |
Aktivitéit | Astronom, Astrophysiker, Universitéitsprofesser |
Member vun | National Academy of Sciences, American Academy of Arts and Sciences, American Association for the Advancement of Science, International Astronomesch Unioun |
D'Margaret Joan Geller, gebuer den 8. Dezember 1947 zu Ithaca, New York, USA, ass eng US-amerikanesch Astrophysikerin.
Liewen
[änneren | Quelltext änneren]D'Margaret Geller ass d'Duechter vum Kristallograph Seymour Geller a senger Fra Sarah Levine Geller. Schonn als Kand huet si sech staark fir d'Mathematik intresséiert. 1970 krut se hire Bachelor op der University of California, Berkeley. Den Charles Kittel huet hir virgeschloen a Richtung Astrophysik oder Biophysik ze studéieren. Si hat sech fir Astrophysik entscheet an huet am Joer 1972 hire Master gemaach an dräi Joer méi spéit op der Princeton Universitéit hiren Doktortitel. Vun 1974 bis 1976 war si Post-Dokterand am Harvard-Smithsonian Center for Astrophysics, duerno Fellow um Harvard College Observatoire an 1980 bis 1983 Assistenzprofessesch op der Harvard Universitéit. Zanter 1983 schafft si am Smithsonian Astrophysical Observatory an ass zanter 1988 zousätzlech Astronomieprofessesch op der Harvard Universitéit.
D'Geller huet d'Universum kartographéiert a widderleet d'Hypothes, datt d'Galaxien op grousse Moossstief gläichfërmeg verdeelt sinn. Dozou huet si mat hire Mataarbechter d'Routverrécklung vu 584 Galaxië fir d'éischt vermooss. Op der Kaart déi si opgestallt huet, sinn d'Galaxië kengesfalls zoufälleg verdeelt, mä wéi an enger schaumaarteger Struktur verdeelt.[1] Berüümt gouf och de „Stréchmännchen“ an deem Diagramm. Si huet 1989 mam John Huchra déi Grouss Mauer entdeckt, déi bis dohi gréisste Struktur am Universum.[2] Ausserdeem intresséiert si sech fir d'Verdeelung vun der Donkeler Matière am Kosmos souwéi fir d'Mass am Halo vun eiser Mëllechstrooss, fir Galaxiëkéip a fir d'Stärgenesis.
Publikatiounen
[änneren | Quelltext änneren]- 1975 Bright Galaxies in Rich Clusters: A Statistical Model for Magnitude Distributions. Dissertatioun,
- méi wéi 200 wëssenschaftlech Aarbechten
- Filmer (all an Zesummenaarbecht mam Boyd Estus):
Präisser
[änneren | Quelltext änneren]- 1990 MacArthur Fellowship
- 1991 Newcomb-Cleveland-Präis vun der American Association for the Advancement of Science
- 1995 Hoopes-Präis vun der Harvard Universitéit
- 1996 Klopsteg-Präis vun der American Association of Physics Teachers
- 1997 Science Lion vun der New York Public Library
- 2003 Adion-Medail vum Observatoire vun Nice
- 2010 James-Craig-Watson Medail
- 2010 Henry Norris Russell Lectureship
- Éierendokter vum: Connecticut College (1995), Gustavus Adolphus College (1997), University of Massachusetts Dartmouth (2000)
Member bei
[änneren | Quelltext änneren]- American Astronomical Society
- International Astronomesch Unioun
- American Association for the Advancement of Science
- American Physical Society
- Phi Beta Kappa (zanter 1969)
- American Academy of Arts and Sciences (zanter 1990)
- National Academy of Sciences (zanter 1992)
Literatur
[änneren | Quelltext änneren]- Ulf von Rauchhaupt: Die Kartographin des Weltalls. In: Die Zeit, 33/1998
- The International Who's Who of Women. 2002, ISBN 1-85743-122-7, S. 201
- Who's Who in America. 2007, ISBN 0-8379-7006-7, S. 1596
- Current Biography. 1997, ISBN 0-8242-0938-9, S. 181–184
- Margaret Joan Geller. In: Benjamin F. Shearer, Barbara S. Shearer: Notable Women in the Physical Sciences. A Biographical Dictionary. Greenwood Press, Westport CT 1997, ISBN 0-313-29303-1, S. 122–126
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]- (en) Kuerzbiographie op harvard.edu
- (en) Eintrag op isiknowledge.com
- (en) Lebenslauf (Postscript)
- Margaret Geller: When Galaxies Collide. Virtrag, vum 2. Oktober 2004