Meris Šehović

Vu Wikipedia
Meris Šehović
Meris Šehović (2021)
Gebuer 14. September 1991
Belgrad
Nationalitéit Lëtzebuerg
Educatioun Institut d'études politiques de Paris,
Lycée classique d'Echternach,
Universitéit vu München
Aktivitéit Politolog, Politiker
Partei déi gréng

De Meris Šehović , gebuer de 14. September 1991 zu Belgrad[1], ass e lëtzebuergesche Politiker (déi Gréng) a Politolog.

Liewen[änneren | Quelltext änneren]

De Meris Šehović ass kuerz no senger Gebuert mat sengen Eltere virum Krich a Jugoslawien op Lëtzebuerg geflücht[2]. Hien huet am Iechternacher Kolléisch seng Première gemaach an dono op der Ludwig-Maximilians-Universität zu München an op der SciencesPo zu Paräis Politikwëssenschaften am Haaptfach an Europäeschen Droit am Niewefach studéiert[1].

A senger Jugend engagéiert sech de Meris Šehović bei Caritas Lëtzebuerg a Foyere fir Asylbewerber. Zanter 2020 ass hie Member vum Reflection Team vum Lëtzebuerger Zentrum géint Radikaliséierung (Respect.lu). Als Auszeechnung fir säin europäeschen Engagement gouf e vum brittesche Foreign, Commonwealth and Development Office zum Europe Future Leader Joergang 2020 ernannt[3].

2014 gouf hie parlamentareschen Assistent a Pressespriecher vum Europadeputéierte Claude Turmes an ass dat 2018 fir d'Tilly Metz ginn, wéi den Turmes Staatssekretär an der Regierung Bettel-Schneider gouf[1]. Als politesche Beroder huet de Šehović d'legislativ Aarbecht u sëllegen EU-Richtlinnen a Veruerdnungen an de Beräicher vun der Ëmwelt-, Klima-, Industrie- an Handelspolitik begleet[4].

Politik[änneren | Quelltext änneren]

De Šehović engagéiert sech zanter 2011 bei déi Gréng, ufanks bei déi jonk gréng. 2013 huet hie fir d'Chamberwale kandidéiert, gouf awer net gewielt. Och bei den Europawalen 2019 krut hien net genuch Stëmme fir e Sëtz. Vu Februar 2017 bis Februar 2020 war hie Co-Porte-parole vun déi jonk gréng. Am Juli 2020 gouf hien, mat der Djuna Bernard, zu engem vun de Co-Presidente vun déi Gréng gewielt.

Bei de Gemengewale vum Juni 2023 gouf hien an de Gemengerot vun der Stad Esch-Uelzecht gewielt, wou e Schäffe gouf.

Bei de Chamberwale vum 8. Oktober 2023 gouf hien am Bezierk Süden an d'Chamber gewielt.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Pol Schock: "The new Greens." d'Lëtzebuerger Land Nr.27, 3. Juli 2020, S. 2-3.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Meris Šehović – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. 1,0 1,1 1,2 "Kopf des Tages: Meris Sehovic, neuer Co-Präsident von „déi gréng“." tageblatt.lu, 10. Juli 2020.
  2. Lëtzebuerger Land, The new Greens. Lëtzebuerger Land (2020-07-03). Gekuckt de(n) 2021-09-26.
  3. Meris Sehovic | Paperjam Business Guide. paperjam.lu. Gekuckt de(n) 2021-09-26.
  4. Pia Ratzesberger, Roman Deininger, EU in Brüssel: Zu Besuch in der Europa-Blase. Süddeutsche.de. Gekuckt de(n) 2021-09-26.