Wëllem-II.-Monument (Stad Lëtzebuerg)

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen
D'Monument Wëllem II um Knuedler an der Stad Lëtzebuerg
De Wëllem II.

D'Monument Wëllem II um Knuedler an der Stad Lëtzebuerg ass eng Reiderstatue déi un de Kinnek-Groussherzog Wëllem II. vun Holland erënnert.

Et gouf e restriktiwe Concours mat de fënnef Kënschtler Auguste-Nicolas Caïn vu Paräis, Emil Hundrieser vu Berlin, Charles Pêtre vu Bourges, Antonin Mercié vu Paräis a Charles van der Stappen vu Bréissel organiséiert.

Duerch Gesetz vum 29. Dezember 1880 gouf festgeluecht, datt op Käschte vum Staat, e Monument als Erënnerung un de Kinnek Wëllem II op enger ëffentlecher Plaz an der Stad Lëtzebuerg géif opgeriicht ginn.[1] D'Gesetzespropositoun dozou war de 15. Dezember 1880 vun der Chamber gestëmmt ginn.

D'Viraarbechte fir d'Réalisatioun vum Monument goufe vum Jean-Auguste Marc gemaach.

Elementer vum Monument[änneren | Quelltext änneren]

  • D'Skulptur vum Wëllem II ass e Wierk vum Antonin Mercié
  • D'Skulptur vum Päerd ass e Wierk vum Victor Peter
  • De Sockel ass no engem Entworf vum Architekt Léon Ginain (nodeem sech den Abel Pujol zréckgezunn hat)
  • D'Bas-Relieffe goufe vum Jean-Auguste Marc gezeechent
  • D'Gelänner, dat haaptsächlech zu Paräis hiergestallt gi war, gouf vun de Bridder Mathias an Henri Gilbert vum Atelier Pierre Gilbert installéiert

D'Skulpturen an d'Bas-Relieffe goufe vum Géisser Victor Renon vu Paräis hiergestallt.

Aweiung[änneren | Quelltext änneren]

D'Monument gouf de 5. November 1884 a Presenz vum Kinnek Wëllem III. vun Holland an deem senger Fra ageweit.[2]

Monument zu Den Haag[änneren | Quelltext änneren]

Zu Den Haag am Buitenhof steet e Monument mat enger identescher Skulptur.

D'Monument vum Wëllem II. zu Den Haag

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Wëllem-II.-Monument (Stad Lëtzebuerg) – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. publizéiert am Mémorial vum 30. Dezember 1880, Ss. 809-810
  2. Biographie nationale du pays de Luxembourg, Fascicule 09, S. 220