Michel-Rodange-Monument um Knuedler

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen
De Fiisschen um Knuedler an der Stad Lëtzebuerg. Riets d'Stadhaus, lénks am Hannergrond den ale Kolléisch.
D'Récksäit vum Monument, vun der Ënneschtgaass aus gesinn.

D'Michel-Rodange-Monument um Knuedler an der Stad Lëtzebuerg, dat meeschtens einfach de Fiisschen genannt gëtt, ass e Monument zu Éiere vum Lëtzebuerger Schrëftsteller Michel Rodange (1827-1876).

D'Monument ass besonnesch markant wéinst senger Skulptur, dem Fiisschen, deen den Haaptpersonnage aus dem Renert ass, dem Michel Rodange sengem beschtbekannte Wierk.

D'Monument gouf 1932 offiziell ageweit.

D'Original vum Fiissche gouf am November 1979 gestuel, wouropshin et 1981 duerch eng Kopie ersat gouf[1].

Monument[änneren | Quelltext änneren]

Et huet d'Form vun engem Bur deen an d'Ballustrad agebaut ass, déi tëscht dem Stadhaus an der Trap déi an d'Ënneschtgaass erofgeet, steet. Et ass aus hellem Sandsteen gebaut.

Uewen um Monument sëtzt de Fiisschen, den Haaptpersonnage aus dem Renert oder de Fuuss am Frack an a Maansgréisst vum Michel Rodange.

Ënner dem Fuuss ass e Medaillon aus Koffer mam Portrait vum Michel Rodange ze gesinn. Drënner sinn den Numm vum Dichter a säi Gebuerts- a Stiewesdag a Form vun engem Relief aus dem Stee gemeesselt. Ronderëm dësen Haaptdeel vum Monument schwéngt sech e Kranz vu Rousen am Steen.

De Bur selwer besteet aus engem hallef-oktogonale Baseng an dee Waasser aus engem Krunn leeft. E Schëld weist drop hin, datt et Drénkwaasser ass.

Um Réck vum Monument ass e Véierzeiler an der Originalschreifweis aus dem Renert an de Stee gemeesselt:

MER PLECKTEN
ABRIKOSEN...
....UN ALLEN
HECKE GER
WIE GEHT NUN
OWER PRAFFEN
AM BAMBÖSCH
D'SCHLEWENDER?
RENERT X. GESANK

Den Entworf an d'Ornamenter vum Monument sinn d'Wierk vum Moler a Sculpteur Jean Curot, dee Professer an der deemoleger Handwierkerschoul war. De Curot hat mat sengem Plang den ëffentleche Concours fir d'Monument gewonnen, dat virun enger internationaler Jury.

De Renert ass vun de Kënschtler François Demuth an Ernest Grosber skulptéiert ginn[2].

De Medaillon mam Portrait vum Michel Rodange ass vum Jean-Théodore Mergen[3].

Aweiung[änneren | Quelltext änneren]

Postkaart mam Monument, bei der Aweiung 1932.
Postkaart mam Text vun der Kantat (Auteur: Batty Weber), déi bei der Aweiung gesonge gouf.

D'Monument konnt deelweis iwwer eng Suskriptioun realiséiert ginn[1]. D'Aweiung war de 26. Juni 1932, dat a Presenz vum Prënz Felix, dem Staatsminister Joseph Bech, dem Buergermeeschter Gaston Diderich, dem Alphonse Nickels, dee President vum Comité fir d'Opriichte vum Monument war, dem Michel Rodange sengen Duechteren Élise a Marguerite, a soss nach zirka 2000 Leit. Nieft de Riede gouf eng feierlech Kantat gesongen, mat engem Text vum Batty Weber an enger Musek vum Fernand Mertens. D'Kantat gouf vum Orphéon aus der Stad gesongen a vun der Militärmusek begleet[1].

Interessantes[änneren | Quelltext änneren]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Anonyme, 1988. De Renert um Knuedler. ons stad 27: 18. Pdf
  • Blasen, L., 1985. Die Denkmäler der Stadt Luxemburg. Der Michel Rodange-Brunnen, genannt "De Fiisschen". Télécran vum 19.-25. Januar 1985, S. 20-21.
  • Braun-Breck, Lotty, 1999. Claus Cito, der Bildhauer aus Bascharage (1882-1965). ons Stad 60: 22-27. (Pdf)
  • Rodange, M., 1987. Renert. De Fuuss am Frack an a Maansgréisst. Komplett Editioun mat historeschen a politeschen Explikatioune vum Romain Hilgert. Editioun Guy Binsfeld 1987. ISBN 978-2-87954-036-8. [Neioplo am selwechte Verlag 1995 an 2008]
  • Yegles, I., 2011. Les fontaines en ville haute et les représentations de l'animal. ons stad 97: 52-54. Pdf

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Michel-Rodange-Monument um Knuedler – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. 1,0 1,1 1,2 Cf. Blasen 1985 an der Literatur.
  2. Fir de Fuuss am Steen huet den däitsche Schéiferhond vum Camille Dieschbourg, dee Professer an der Handwierkerschoul war, Modell gestanen. Cf. Y. Yegles 2011 an der Literatur.
  3. Cf. Braun-Breck 1999: 25 an der Literatur.