Lëscht vun de klasséierte Monumenter
D'Lëscht vum nationale Kulturierwen zu Lëtzebuerg oder Lëscht vun de klasséierte Monumenter ass en Inventaire vu Gebaier, Plazen oder Objeten, bei deenen et en nationalen Intressi gëtt, fir se z'erhalen an ze schützen, z. B. well se rar oder eemoleg sinn, typesch fir hir Aart oder Epoch, en Zeie vu fréierer Aktivitéit oder engem wichtegen Evenement, asw. Dorënner si Buergen a Kierchen, Bierger- a Bauerenhaiser, archeologesch Iwwerreschter, Uergelen a Molereien, Brécken an Industrieanlagen, Landschaften a Beem; oder vereenzelt Objete wéi Eisebunnslokomotiven oder -waggonen, ee Fliger, eng Brak vun Hinzert, oder eng mëttelalterlech Handschrëft.
De Begrëff vum „Nationale Kulturierwen“ (fr. patrimoine culturel national) ass eréischt mam Gesetz iwwer de kulturelle Patrimoine vun 2022[1] agefouert ginn; virdru gouf allgemeng vun ëffentlechen oder klasséierte Monumenter geschwat.
Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Nationaalt Kulturierwe vu Lëtzebuerg.
Aktuell Lëscht
[änneren | Quelltext änneren]Lëscht vun de klasséierte Monumenter setzt sech zesummen aus:
- der offizieller Lëscht (Liste des monuments classés an Inventaire supplémentaire des monuments nationaux), déi fir d'lescht den 19. Mee 2009 am Mémorial B N° 35 publizéiert gouf[2],
- der Lëscht vum Institut national pour le patrimoine architectural (INPA; virdrun: Service des sites et monuments nationaux - SSMN), deen e puermol am Joer op senger Websäit eng aktualiséiert Lëscht publizéiert. Déi neist Versioun dovun ass déi vum 18. November 2025[3]; s'ass pro Gemeng ënnerdeelt an:
- Immeubles et objets bénéficiant des effets de classement comme patrimoine culturel national
- Immeubles et objets inscrits à l’inventaire supplémentaire
E puer Beispiller
[änneren | Quelltext änneren]- Reschter vun der réimescher Villa zu Miersch
- Baurenhaff zu Eescheler
- Uergel an der Kierch Jonglënster
- Madonna vun den Deportéierten
Lëschten no Gemengen
[änneren | Quelltext änneren]An der Këscht hei drënner geet et bei d'Oplëschtunge vun allen Objeten. Se sinn no de Gemengen (an dann no den Uertschaften) getässelt, an deenen se ze fanne sinn:
Dës Lëscht vun de klasséierte Monumenter ass en Deel vun de Referenztabellen.
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]| Commons: Cultural heritage monuments in Luxembourg – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- Loi du 12 août 1927, concernant la conservation et la protection des sites et monuments nationaux, publizéiert am Mémorial N° 48 vum 31. August 1927, S. 651 - S. 658 (Dëst Gesetz gouf 1983 ofgeschaaft an duerch en neit ersat)
- Loi du 18 juillet 1983 concernant la conservation et la protection des sites et monuments nationaux, publizéiert am Mémorial A N° 62 vum 10. August 1983, S. 1989 - S. 1398
- Mise à Jour vun 2009 am Mémorial.
- Institut national pour le patrimoine architectural: Liste des immeubles et objets bénéficiant d'une protection nationale. (Lescht Versioun vum 18. November 2025).
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ Kuckt um Spaweck: Loi du 25 février 2022 relative au patrimoine culturel
- ↑ (fr) Liste des immeubles et objets classés monuments nationaux. data.legilux.public.lu (19.05.2009). Gekuckt den 21.11.2025.
- ↑ Institut national pour le patrimoine architectural: Liste des immeubles et objets bénéficiant d'une protection nationale. (Lescht Versioun vum 18. November 2025).